- Show trip
- Add to bucket listRemove from bucket list
- Share
- Mar 22, 2023, 8:09pm
- 🌧 5 °C
- Altitude: 29 m
- ScotlandStirlingInversnaidInveruglas Isle56°15’8” N 4°42’30” W
Day 4
March 22, 2023 in Scotland ⋅ 🌧 5 °C
Gone with the wind - haut waren heavy Sturmböhen bei eiser Abfahrt vum Linewater Camping an dei huet een nawell hefteg beim fueren vun eiser Machine gespuert! Alerte jaune an Schottland an Alerte jaune an Lëtzebuerg sin wuel 2 komplett verschidden Sachen. Meng Grippe as mëttlerweil och verflunn, leider huet d'Nunsky se lo erwëscht, woufir ech och lo den 2ten Eintrag hannerteneen schreiwen! Genesungswënsch kënnt der an Comments knuppen!
De Wand huet eis an Richtung Stirling verschloen, aka Gate of the Highlands. Stirling as eng kleng Staat, dei am Zentrum een Schlass emfaast an nach bëssen Aalstaat, wou mer eis eng Cup of tea an een gudd Stëck Carrot Cake gegönnt hun! Deliciouss Darlin! Dann waren mer och nach den aalen Prisong vun Stirling kucken, deen an sengen beschten Zeiten wuel den Ruff als ruthlesten Prisong aus Grousbrittanien haat. Highlight dovun war allerdengs den Wachturm, vun deem een een phänomenalen Ausblëck op déi ëmmer méi no kommend Highlands haat.
Dono sin mer weidergefuer an do sinn mer bei der Déiwel gaangen! Onscheinbar an einfach nieft enger klenger Landstross verleeft den 'Devil's Pulpit'. Een 18m déiwen Ofgrond aus natierlechem Sandsteen, wou d'Wasser sein Wee duechschléit. Genee sou onfassbar, wéi gefeierlech, well merde deen Shit as rutscheg! Eng knapp 1m breet "Traap", wat éichter eng dohinner geschmassen Usammlung un gestapelten Steng as, wou een sech amüseiert huet een mini Kackseel dolanscht ze leeën, féiert eroof op eng Platz, der nogesoot gëtt, dass den Déiwel do seng Rieden hält. Alleng deen Wee allkéier do roof ze stampfen, wann deen soll seng Rieden schméissen, dann gleewen ech awer léiwer u Gott! Trotzdem hun mer eis roofgeschlach - un deser Platz klengen Respekt un eisen klengen Mupp, deen dat super gemach huet! - an et war trotzdem derwert! Der Legend no as d'Wasser rout, vun all de Leit, déi schon gestuerwen sin, beim Versuch erof ze klammen, mee ween bëssen Verstand an der Bier huet, errënnert sech un den uerwen erwähnten Sandsteen. Trotzdem koum ech nët derlanscht eng Foto ze machen, wou e mengt eisen blutrünstegen Kampfkuschler gëng genëssleg aus dem Bluttfloss drënken, so enjoy!
No dem Abenteuer as et dunn weider an Richtung Loch Lomond gangen, wou mer bëssen gebraucht hun fir eng Schlofplatz ze fannen, well hei Naturschutzgebitt as an et hei mei reguléiert as, wat Wëllcampen ugeet, wéi op aneren Platzen. Trotzdem hun mer lo eng flott Platz direkt um Loch Lomond an freeën eis muer eng Taas Kaffi hei ze drënken!
Respekt un Jidereen, deen dat alles gelies huet an eng gudd Nuecht!Read more
Traveler léift Nina, léiwen Fritz🤗, als alleréischt gutt Besserung fitr dech Nina 🍀. An jo Fritz, ech liesen är Geschichten ëmmer schéi brav a freeë mech all Owes op e Neits wann eng dobäi kënnt..Merci fir deen Abléck aus ärer Rees, passt ob Iech op a genéisst et 😘
Traveler Nina seet en decken merci!Dat freet eis, daat as jo den Senn vun der App😎 mir freen eis eis Geschichten ze deelen😁
Beim text:do din mer bei der Deiwel gaangen hun ech bal eppes u mech kritt,hun ech schons am Gruef gesinn op der Kopp .Vill Spaas dann fir deen neien Dag [Laure]
Traveler hahaha deet mer leed fir den Schreckmoment mamsky😘