- Show trip
- Add to bucket listRemove from bucket list
- Share
- Mar 26, 2023, 9:14pm
- ⛅ 0 °C
- Altitude: 254 m
- ScotlandHighlandDalnessRoyal Forest56°39’49” N 4°57’48” W
Day 8
March 26, 2023 in Scotland ⋅ ⛅ 0 °C
Lescht Nuecht sinn ech duerch den staarken Wand dobaussen waakresch ginn an hunn kuerz aus Angscht gebillt. Mais d‘Mama huet mech berouegt an do konnt ech rem gemittlech bis moies 10 Auer weiderschlofen. Lo sinn ech schon eng ganz Woch mat mengen Pawrents ennerwee an nach nerven se mech net sou vill wei eigentlech geduecht. Ech dierf all Daag nei Plaatzen entdecken an beschnoffelen, dat mecht mech ganz vill frou! Et mecht mier suguer neicht aus, dass ech meng Schung ugedoo kreien, dei hellefen mier op dem stengegen Buedem ze treppelen ouni dass et weih deet.
Haut waren mier zum Beispill an Glencoe an Glen Etive spazeieren. Dat war richteg schein mat den riesegen Bierger an d‘Wieder war och ganz gudd (ech hunn Reen net sou gear wei dier bestemmt all wesst..). Bei dem eichten Spazeier-Stopp an Glencoe sinn ech ausversehen an en decken Pull geplumpst an war ganz naas ginn, meng Schung waren voller Bulli. D‘Mama an den Papa hunn mech schnell bei den Auto bruet, all meng knaschteg Saachen ausgedoo an kuscheleg nei Kleedung fier mech ausgepaakt. Gott sei dank haaten se fierun eiser Rees nach en zousätzlecht puer Schung kaaf dei ech undoen konnt.
Den zweeten Spazeiergang war dann nach mei angenehm an ech gouf wei en Kinneg iwwert all Pull an Floss gedroo. Während ech ganz vill geschnoffelt hunn, huet den Papa suguer Reih gesinn an Fotoen gemaach. Fier mech waren se ziemlech oninteressant well den Wand an eng aaner Richtung gebloosen huet.
Wou mier dunn rem um Camping ukomm sinn, hunn mier all meng knaschteg Kleeder gewäsch, also ech hunn mam Nokucken gehollef an bessi dei aaner Muppen dei och hei Vakanz maachen ugebillt (wat denken dei sech dobai einfach laanscht eisen Van ze treppelen?). Naja, lo sinn ech deck deck midd… vielleicht suguer sou midd, dass meng Pawrents mier nach, ouni vill Widersprüche mengerseits, d‘Patten ancremen kennen? Who knows, alles ass meiglech an deser scheiner Welt! Bis denne meng Friends, ganz vill naas Kussien un ierch!
-DobbyRead more
Traveler Merci fir déng Erzielung, Dobby 🥰