Training
April 15, 2002 in Luxembourg ⋅ 7 °C
Een ganzt Joer hunn ech mech op den Denali virbereet.
Equipement
April 20, 2002 in Luxembourg ⋅ 10 °C
D'Equipement ass am Viraus vun DHL op Anchorage geflunn ginn. Ech hunn missen fir Temperaturen bis zu -40 °C geriicht sinn an mäin Diabetestraitement dorop astellen.
Départ den 8. Mee 2022 um Findel
May 9, 2002 in Luxembourg ⋅ ☁️ 12 °C
Vun Lëtzebuerg ass et fir d'éischt op Amsterdam gangen.
Amsterdam Schiphol
May 9, 2002 in the Netherlands ⋅ ☁️ 13 °C
An vun Amsterdam ass et weidergangen op Minneapolis.
Minneapolis St. Paul Airport
May 9, 2002 in the United States ⋅ 🌧 7 °C
Vun Minneapolis ass et weidergangen iwwert Canada op Anchorage, wou ech um 22:30 no 25 Stonnen Rees ukomm sinn
Anchorage
May 10, 2002 in the United States ⋅ ☁️ 9 °C
Den éischten Dag zu war fir d'Equipe kennenzeléieren. Anchorage hunn ech eng Stad ouni Charme fonnt.
Anchorage - Talkeetna 106m
May 11, 2002 in the United States ⋅ 🌙 3 °C
Den 11. Mee ass et dunn richteg lass gaangen. Mueres ass gepaakt ginn an dunn sinn mer op Talkeetna - 106m héich geleeën - gefuer, wou mer an der Walter Harper Talkeetna Ranger Station eisRead more
Doug Geeding Air Taxi - Talkeetna
May 11, 2002 in the United States ⋅ ☁️ 9 °C
Zu Talkeetna beim Doug Geeding, wou och schonn aner Lëtzbuerger schéngen passéiert ze sinn, hunn mer den Fliiger belueden, fir an den Denali Base Camp ze fléihen. Am ganzen huet et 3 Flich gebraucht.
Talkeetna - Denali Base Camp 2295m
May 11, 2002 in the United States ⋅ ☁️ -4 °C
Aus der Tundra eraus ass et eran an d'Alaska Range gaangen mat spektakulären Vuen.
Kahiltna Glacier - Denali Base Camp
May 11, 2002 in the United States ⋅ ☁️ -3 °C
Iwwert den spektakulären Kahiltna Glacier ass den Denali Base Camp op 2295m ugeflunn ginn. Fir d'Expeditioun unzefänken, war dat schonn alles méi wéi impressionant.
Denali Base Camp 2295m
May 11, 2002 in the United States ⋅ ☁️ -3 °C
Direkt nodeem mer ukomm sinn, hunn mer eist Base Camp opgeriicht mat Vue op den Denali an der Fro wéi ech do sollt eropkommen.
Base Camp - Camp 1 2285m - Base Camp
May 12, 2002 in the United States ⋅ 🌙 -4 °C
Den éischten Dag um Kahiltna Glacier sinn mer, fir eis ze akklimatiséieren, an den Camp 1, wou mer net wollten iwwernuechten, een Depot uleeën gaangen. Mat Vue op den Mt. Foraker 5304m. MaterialRead more
Base Camp - Camp 2 2450m
May 13, 2002 in the United States ⋅ ☁️ -2 °C
Den zweeten Dag ass erëm vum Base Camp an den Camp 1 gaangen, wou mer eis Material ausgegruewen hunn an dunn ass et vun do weider an den Camp 2 op 2450 m gaangen. Mer waren 6 Stonnen ënnerwee,Read more
Camp 2 2450m
May 13, 2002 in the United States ⋅ ☁️ -1 °C
Prozedur bleiwt elo ëmmer déi selwecht. Ukommen Camp ariichten. Denn nächsten Dag akklimatiséieren an een Depot méi héich uleen an zeréck an den Camp. Den Dag drop an den nächsten Camp.
Camp 2 - Depot 3320m - Camp 2
May 14, 2002 in the United States ⋅ ☁️ -2 °C
Haut hunn mer erëm een Depot ugeluecht, dat ongeféier 2 Stonnen ënnert dem Camp 3. Mer waren fënnef an eng hallef Stonn iwwert den Ski Hill mat voller Ausrëschtung ënnerwee.
Camp 2 - Camp 3 3525m
May 15, 2002 in the United States ⋅ ☁️ -2 °C
6 Stonnen waren mer ënnerwee fir vun Camp 2 an Camp 3 op 3525m ze kommen. Den Depot hunn mer sinn gelooss. Sonn huet ganz staark gedréckt an eis alleguerten zougesat. Eisen Depot waren mer den DagRead more
Camp 3 - Windy Corner 4190m - Camp 3 (1)
May 17, 2002 in the United States ⋅ 🌙 -15 °C
Den 17. Mee sinn mer, mat Rucksak an Materialschlitt, den Motorcycle Hill eropgeklommen, fir um Windy Corner, op 4190m, een weideren Depot unzeleeën. Mer waren fënnef an eng hallef Stonn ënnerweeRead more
Camp 3 - Windy Corner 4190m - Camp 3 (2)
May 17, 2002 in the United States ⋅ 🌙 -12 °C
Nodeem mer den Depot ugeluecht haten, hunn mer nach eng Crevassenübung gemaach.
Camp 3 - Medical Camp 4320m
May 18, 2002 in the United States ⋅ 🌙 -9 °C
Den 18. Mee ass et dunn vum Camp 3 an den Medical Camp op 4320m gaangen. Mer sinn laanscht Windy Corner gaangen an hunn eisen Depot bis den Dag dono leien gelooss. Fir eisen Camp anzeriichten hunnRead more
Medical Camp 4320m
May 19, 2002 in the United States ⋅ ☁️ -8 °C
Mer sinn eisen Depot beim Windy Corner ausgruewen gaangen an an den Camp gedroen. Dono sinn Fotoen vun den spektakulären gemaach ginn an et ass gerascht ginn. Hannert dem Camp 4 gesäit een HeadwallRead more
Medical Camp - Headwall 4990 m - M.C.
May 20, 2002 in the United States ⋅ ☁️ -11 °C
Den 20. Mee ass duerch eng gewalteg Äiswand, Headwall genannt, bei den Washburn's Thomb op der West Buttress op 4990m gaangen, wou een weideren Depot ugeluecht ginn ass, ier et dono erëm an denRead more
West Buttress Vuen
May 20, 2002 in the United States ⋅ ☁️ -9 °C
Spektakulär Vuën vun der West Buttress aus.
Stuerm am Medical Camp 4320m
May 21, 2002 in the United States ⋅ ☁️ -7 °C
Haut hätt sollten een Roudag sinn. Et ass awer een zolitten Wandstuerm opkomm, esou dass mer den ganzen Mueren an Nomëtteg am gaangen waren weider Schnéibléck ze seen fir den Camp ze sécheren.Read more
M.C. - Headwall - M.C
May 22, 2002 in the United States ⋅ ☁️ -11 °C
Siwen an eng hallef Stonnen Ustrengung pur fir näischt ze erreechen. Et war een schwaarzen Mëttwoch. Mer wollte an den High Camp goen hunn awer no der Headwall wéinst strammem Stuerm missenRead more
Roudag am Medical Camp
May 23, 2002 in the United States ⋅ 🌙 -10 °C
No der Ustrengung vun viregten Dag war een Roudag ugesot, fir nach eng Kéier Kräften ze sammelen.











































































































































































