Training
15 April 2002, Luxembourg ⋅ 7 °C
Een ganzt Joer hunn ech mech op den Denali virbereet.
Equipement
20 April 2002, Luxembourg ⋅ 10 °C
D'Equipement ass am Viraus vun DHL op Anchorage geflunn ginn. Ech hunn missen fir Temperaturen bis zu -40 °C geriicht sinn an mäin Diabetestraitement dorop astellen.
Départ den 8. Mee 2022 um Findel
9 Mei 2002, Luxembourg ⋅ ☁️ 12 °C
Vun Lëtzebuerg ass et fir d'éischt op Amsterdam gangen.
Amsterdam Schiphol
9 Mei 2002, Belanda ⋅ ☁️ 13 °C
An vun Amsterdam ass et weidergangen op Minneapolis.
Minneapolis St. Paul Airport
9 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ 🌧 7 °C
Vun Minneapolis ass et weidergangen iwwert Canada op Anchorage, wou ech um 22:30 no 25 Stonnen Rees ukomm sinn
Anchorage
10 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ 9 °C
Den éischten Dag zu war fir d'Equipe kennenzeléieren. Anchorage hunn ech eng Stad ouni Charme fonnt.
Anchorage - Talkeetna 106m
11 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ 🌙 3 °C
Den 11. Mee ass et dunn richteg lass gaangen. Mueres ass gepaakt ginn an dunn sinn mer op Talkeetna - 106m héich geleeën - gefuer, wou mer an der Walter Harper Talkeetna Ranger Station eisBaca lagi
Doug Geeding Air Taxi - Talkeetna
11 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ 9 °C
Zu Talkeetna beim Doug Geeding, wou och schonn aner Lëtzbuerger schéngen passéiert ze sinn, hunn mer den Fliiger belueden, fir an den Denali Base Camp ze fléihen. Am ganzen huet et 3 Flich gebraucht.
Talkeetna - Denali Base Camp 2295m
11 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ -4 °C
Aus der Tundra eraus ass et eran an d'Alaska Range gaangen mat spektakulären Vuen.
Kahiltna Glacier - Denali Base Camp
11 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ -3 °C
Iwwert den spektakulären Kahiltna Glacier ass den Denali Base Camp op 2295m ugeflunn ginn. Fir d'Expeditioun unzefänken, war dat schonn alles méi wéi impressionant.
Denali Base Camp 2295m
11 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ -3 °C
Direkt nodeem mer ukomm sinn, hunn mer eist Base Camp opgeriicht mat Vue op den Denali an der Fro wéi ech do sollt eropkommen.
Base Camp - Camp 1 2285m - Base Camp
12 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ 🌙 -4 °C
Den éischten Dag um Kahiltna Glacier sinn mer, fir eis ze akklimatiséieren, an den Camp 1, wou mer net wollten iwwernuechten, een Depot uleeën gaangen. Mat Vue op den Mt. Foraker 5304m. MaterialBaca lagi
Base Camp - Camp 2 2450m
13 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ -2 °C
Den zweeten Dag ass erëm vum Base Camp an den Camp 1 gaangen, wou mer eis Material ausgegruewen hunn an dunn ass et vun do weider an den Camp 2 op 2450 m gaangen. Mer waren 6 Stonnen ënnerwee,Baca lagi
Camp 2 2450m
13 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ -1 °C
Prozedur bleiwt elo ëmmer déi selwecht. Ukommen Camp ariichten. Denn nächsten Dag akklimatiséieren an een Depot méi héich uleen an zeréck an den Camp. Den Dag drop an den nächsten Camp.
Camp 2 - Depot 3320m - Camp 2
14 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ -2 °C
Haut hunn mer erëm een Depot ugeluecht, dat ongeféier 2 Stonnen ënnert dem Camp 3. Mer waren fënnef an eng hallef Stonn iwwert den Ski Hill mat voller Ausrëschtung ënnerwee.
Camp 2 - Camp 3 3525m
15 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ -2 °C
6 Stonnen waren mer ënnerwee fir vun Camp 2 an Camp 3 op 3525m ze kommen. Den Depot hunn mer sinn gelooss. Sonn huet ganz staark gedréckt an eis alleguerten zougesat. Eisen Depot waren mer den DagBaca lagi
Camp 3 - Windy Corner 4190m - Camp 3 (1)
17 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ 🌙 -15 °C
Den 17. Mee sinn mer, mat Rucksak an Materialschlitt, den Motorcycle Hill eropgeklommen, fir um Windy Corner, op 4190m, een weideren Depot unzeleeën. Mer waren fënnef an eng hallef Stonn ënnerweeBaca lagi
Camp 3 - Windy Corner 4190m - Camp 3 (2)
17 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ 🌙 -12 °C
Nodeem mer den Depot ugeluecht haten, hunn mer nach eng Crevassenübung gemaach.
Camp 3 - Medical Camp 4320m
18 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ 🌙 -9 °C
Den 18. Mee ass et dunn vum Camp 3 an den Medical Camp op 4320m gaangen. Mer sinn laanscht Windy Corner gaangen an hunn eisen Depot bis den Dag dono leien gelooss. Fir eisen Camp anzeriichten hunnBaca lagi
Medical Camp 4320m
19 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ -8 °C
Mer sinn eisen Depot beim Windy Corner ausgruewen gaangen an an den Camp gedroen. Dono sinn Fotoen vun den spektakulären gemaach ginn an et ass gerascht ginn. Hannert dem Camp 4 gesäit een HeadwallBaca lagi
Medical Camp - Headwall 4990 m - M.C.
20 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ -11 °C
Den 20. Mee ass duerch eng gewalteg Äiswand, Headwall genannt, bei den Washburn's Thomb op der West Buttress op 4990m gaangen, wou een weideren Depot ugeluecht ginn ass, ier et dono erëm an denBaca lagi
West Buttress Vuen
20 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ -9 °C
Spektakulär Vuën vun der West Buttress aus.
Stuerm am Medical Camp 4320m
21 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ -7 °C
Haut hätt sollten een Roudag sinn. Et ass awer een zolitten Wandstuerm opkomm, esou dass mer den ganzen Mueren an Nomëtteg am gaangen waren weider Schnéibléck ze seen fir den Camp ze sécheren.Baca lagi
M.C. - Headwall - M.C
22 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ ☁️ -11 °C
Siwen an eng hallef Stonnen Ustrengung pur fir näischt ze erreechen. Et war een schwaarzen Mëttwoch. Mer wollte an den High Camp goen hunn awer no der Headwall wéinst strammem Stuerm missenBaca lagi
Roudag am Medical Camp
23 Mei 2002, Amerika Syarikat ⋅ 🌙 -10 °C
No der Ustrengung vun viregten Dag war een Roudag ugesot, fir nach eng Kéier Kräften ze sammelen.











































































































































































