Naturkraftweg Umballfälle
August 29, 2025 in Austria ⋅ ☁️ 11 °C
Et war eng spektakulär Wanderung an enger wonnerschéiner Landschaft 🤩.
Naturkraftweg Umballfälle - Virgen
August 29, 2025 in Austria ⋅ ⛅ 21 °C
Wieder huet no den Umballfälle erëm ëmgeschloen a mer konnten eis et am Haus Bstieler erëm gemittlech maachen.
Welzelach
August 30, 2025 in Austria ⋅ ☁️ 13 °C
Mer hu Mueres vum gudde Wieder 😎 Mueres fir an dat klengt schéint Dierfchen Wezelach ze fueren an eis d'Iselschlucht unzekucken.
Iselschlucht
August 30, 2025 in Austria ⋅ ☁️ 15 °C
Mer waren erëm eng Kéier an enger schéiner Landschaft 😎 ënnerwee a voller Rouh et huet ee just Dausche vun der Isel héieren 🕉.
Kals
August 31, 2025 in Austria ⋅ ☀️ 11 °C
Fir eise leschten Dag an Osttirol huet Wieder sech nach eng Kéier vu senger beschter Säit ☀️😎 präsentéiert. Mer hunn dat genotzt fir nach eng Kéier op Kals ze fueren a mat derRead more
Europa Panorama Wee
August 31, 2025 in Austria ⋅ ☀️ 8 °C
Den Europa-Panorama-Wee huet herrlech Vuën vum ganzen Alpepanorama mat Großglockner a Großvenediger gebueden a och vum Virgendall.
Europa Panorama Wee
August 31, 2025 in Austria ⋅ ☀️ 10 °C
Den Europa-Panorama-Wee war eng wonnerschéin Wanderung fir Osttirol bal ofzeschléissen.
Restaurant Saluti Matrei
August 31, 2025 in Austria ⋅ ☀️ 20 °C
Fir eisen Openthalt op eng entspriechend Aart a Weis ofzeschléissen, hu mir eis e am Saluti zu Matrei verwinnen gelooss 😋😋.
Cortina d'Ampezzo
September 1, 2025 in Italy ⋅ ☁️ 14 °C
Haut ass et queesch duerch d'Alpen an Dolomiten vun Osttirol 🇦🇹 an den Trentino 🇮🇹 gaangen. Zu Cortina d'Ampezzo war eisen éischten Tëschestopp 🥐☕️.
Mezzano Romantica
September 1, 2025 in Italy ⋅ ☀️ 22 °C
No de Serpentinnen 🚙 duerch Dolomiten ⛰ hu mer zu Mezzano, engem vun de schéinsten Dierfer a Italien, ee Stopp ageluecht, fir Duerf wat och als Holzskulpturenduerf bekannt ass, besichen ze goen.
Mezzano Romantica
September 1, 2025 in Italy ⋅ ☀️ 23 °C
De Mezzano Stopp hat sech gelount 👍
Mezzano Romantica
September 1, 2025 in Italy ⋅ ⛅ 22 °C
Mezzano ass een Duerf an dem sech vill Kënschtler 👩🎨 niddergelooss hunn, déi Duerf mat de Skulpture gestalt hunn.
Tenna
September 1, 2025 in Italy ⋅ ☁️ 23 °C
Am spéiden Nomëtte si mer dunn zu Tenna um Lago di Caldonazzo am Agritur16 🛎 ukomm.
Veg Point Tenna
September 1, 2025 in Italy ⋅ ☁️ 21 °C
Méindes hat just ee Restaurant zu Tenna op, de Veg Point. Mer waren eng véierel Stonn ze fréi do a Begréissung war alles anescht wéi frëndlech. De Patron a Kach een Aalhippie war richtegRead more
Trient
September 2, 2025 in Italy ⋅ ☀️ 19 °C
Haut si mer Trient Haapstad vum Trentino besiche gaangen ⛪️🔔🏰.
Augurio Ristorante Trento
September 2, 2025 in Italy ⋅ 🌧 23 °C
Och zu Trient hu mer eis et gutt schmaache gelooss am Restaurant Augurio de vun 3 Bridder gefouert gëtt 😋.
MART Rovereto
September 3, 2025 in Italy ⋅ ☁️ 19 °C
Mer hunn den Dag mat Konscht am Museo di arte moderna e contemporanea di Trento e Rovereto zu Rovereto, gebaut vum Mario Botta ugefaangen. De MART ass een impressionant Gebai. ZäitgenësseschRead more
Riva del Garda
September 3, 2025 in Italy ⋅ ☀️ 24 °C
Dono si mer op Riva del Garda gefuer fir an Gelateria Al Pozzo 🍦 eng Bio Glace mat engem immense Sorbet vu schwaarzem Schockela 🍫.
Canale di Tenno
September 3, 2025 in Italy ⋅ ⛅ 22 °C
Dunn si mer nach Canale di Tenno besiche gaangen, wat och zu de schéinsten Dierfer an Italien gehéiert.
Ristorante Pizzeria Al Faro Pergine
September 3, 2025 in Italy ⋅ ☀️ 23 °C
Mer hunn direkt um Lago di Caldonazzo am Ristorante Al Faro zu Owend giess. Hei war de Start och erëm holpereg, d'Iesse war awer ganz gutt.
Fly Tandem Val Sugana
September 4, 2025 in Italy ⋅ ☀️ 18 °C
De Patrick hätt scho sollten zu Zell am See mam Paraglider fléien, dat ass wéinst dem Wieder ofgesot ginn. Dat selwecht ass him och zu Virgen geschitt. Awer am Trentino huet et endlechRead more
Arte Sella
September 4, 2025 in Italy ⋅ ☀️ 20 °C
Nodeems de Patrick gelant ass, konnt d'Agata sech erëm berouegen 😅. A mer sinn dunn an den Sella Dall iwwert Valsugana fir iwwert 40 Konschtinstallatiounen am Fräie kucken ze goen.Read more
Villa Strobele
September 4, 2025 in Italy ⋅ ⛅ 23 °C
An der Villa Strobele, och am Sella Dall, waren och nach Installatiounen ze kucken, déi méi an den asiateschen a japanesche Stil era gaange sinn 🌞.
Lago di Levico
September 4, 2025 in Italy ⋅ ⛅ 25 °C
De Patrick hat sech virgeholl op dëser Rees eng Kéier an een Alpenséi ⛰🏊🏼♂️ schwammen ze goen. An Éisterräich an der Héicht war et ze kal dofir, zu Levico Terme huet et awerRead more

























































































































































































































































































