Naturkraftweg Umballfälle
29 sierpnia 2025, Austria ⋅ ☁️ 11 °C
Et war eng spektakulär Wanderung an enger wonnerschéiner Landschaft 🤩.
Naturkraftweg Umballfälle - Virgen
29 sierpnia 2025, Austria ⋅ ⛅ 21 °C
Wieder huet no den Umballfälle erëm ëmgeschloen a mer konnten eis et am Haus Bstieler erëm gemittlech maachen.
Welzelach
30 sierpnia 2025, Austria ⋅ ☁️ 13 °C
Mer hu Mueres vum gudde Wieder 😎 Mueres fir an dat klengt schéint Dierfchen Wezelach ze fueren an eis d'Iselschlucht unzekucken.
Iselschlucht
30 sierpnia 2025, Austria ⋅ ☁️ 15 °C
Mer waren erëm eng Kéier an enger schéiner Landschaft 😎 ënnerwee a voller Rouh et huet ee just Dausche vun der Isel héieren 🕉.
Kals
31 sierpnia 2025, Austria ⋅ ☀️ 11 °C
Fir eise leschten Dag an Osttirol huet Wieder sech nach eng Kéier vu senger beschter Säit ☀️😎 präsentéiert. Mer hunn dat genotzt fir nach eng Kéier op Kals ze fueren a mat der Czytaj więcej
Europa Panorama Wee
31 sierpnia 2025, Austria ⋅ ☀️ 8 °C
Den Europa-Panorama-Wee huet herrlech Vuën vum ganzen Alpepanorama mat Großglockner a Großvenediger gebueden a och vum Virgendall.
Europa Panorama Wee
31 sierpnia 2025, Austria ⋅ ☀️ 10 °C
Den Europa-Panorama-Wee war eng wonnerschéin Wanderung fir Osttirol bal ofzeschléissen.
Restaurant Saluti Matrei
31 sierpnia 2025, Austria ⋅ ☀️ 20 °C
Fir eisen Openthalt op eng entspriechend Aart a Weis ofzeschléissen, hu mir eis e am Saluti zu Matrei verwinnen gelooss 😋😋.
Cortina d'Ampezzo
1 września 2025, Włochy ⋅ ☁️ 14 °C
Haut ass et queesch duerch d'Alpen an Dolomiten vun Osttirol 🇦🇹 an den Trentino 🇮🇹 gaangen. Zu Cortina d'Ampezzo war eisen éischten Tëschestopp 🥐☕️.
Mezzano Romantica
1 września 2025, Włochy ⋅ ☀️ 22 °C
No de Serpentinnen 🚙 duerch Dolomiten ⛰ hu mer zu Mezzano, engem vun de schéinsten Dierfer a Italien, ee Stopp ageluecht, fir Duerf wat och als Holzskulpturenduerf bekannt ass, besichen ze goen.
Mezzano Romantica
1 września 2025, Włochy ⋅ ☀️ 23 °C
De Mezzano Stopp hat sech gelount 👍
Mezzano Romantica
1 września 2025, Włochy ⋅ ⛅ 22 °C
Mezzano ass een Duerf an dem sech vill Kënschtler 👩🎨 niddergelooss hunn, déi Duerf mat de Skulpture gestalt hunn.
Tenna
1 września 2025, Włochy ⋅ ☁️ 23 °C
Am spéiden Nomëtte si mer dunn zu Tenna um Lago di Caldonazzo am Agritur16 🛎 ukomm.
Veg Point Tenna
1 września 2025, Włochy ⋅ ☁️ 21 °C
Méindes hat just ee Restaurant zu Tenna op, de Veg Point. Mer waren eng véierel Stonn ze fréi do a Begréissung war alles anescht wéi frëndlech. De Patron a Kach een Aalhippie war richteg Czytaj więcej
Trient
2 września 2025, Włochy ⋅ ☀️ 19 °C
Haut si mer Trient Haapstad vum Trentino besiche gaangen ⛪️🔔🏰.
Augurio Ristorante Trento
2 września 2025, Włochy ⋅ 🌧 23 °C
Och zu Trient hu mer eis et gutt schmaache gelooss am Restaurant Augurio de vun 3 Bridder gefouert gëtt 😋.
MART Rovereto
3 września 2025, Włochy ⋅ ☁️ 19 °C
Mer hunn den Dag mat Konscht am Museo di arte moderna e contemporanea di Trento e Rovereto zu Rovereto, gebaut vum Mario Botta ugefaangen. De MART ass een impressionant Gebai. Zäitgenëssesch Czytaj więcej
Riva del Garda
3 września 2025, Włochy ⋅ ☀️ 24 °C
Dono si mer op Riva del Garda gefuer fir an Gelateria Al Pozzo 🍦 eng Bio Glace mat engem immense Sorbet vu schwaarzem Schockela 🍫.
Canale di Tenno
3 września 2025, Włochy ⋅ ⛅ 22 °C
Dunn si mer nach Canale di Tenno besiche gaangen, wat och zu de schéinsten Dierfer an Italien gehéiert.
Ristorante Pizzeria Al Faro Pergine
3 września 2025, Włochy ⋅ ☀️ 23 °C
Mer hunn direkt um Lago di Caldonazzo am Ristorante Al Faro zu Owend giess. Hei war de Start och erëm holpereg, d'Iesse war awer ganz gutt.
Fly Tandem Val Sugana
4 września 2025, Włochy ⋅ ☀️ 18 °C
De Patrick hätt scho sollten zu Zell am See mam Paraglider fléien, dat ass wéinst dem Wieder ofgesot ginn. Dat selwecht ass him och zu Virgen geschitt. Awer am Trentino huet et endlech Czytaj więcej
Arte Sella
4 września 2025, Włochy ⋅ ☀️ 20 °C
Nodeems de Patrick gelant ass, konnt d'Agata sech erëm berouegen 😅. A mer sinn dunn an den Sella Dall iwwert Valsugana fir iwwert 40 Konschtinstallatiounen am Fräie kucken ze goen. Czytaj więcej
Villa Strobele
4 września 2025, Włochy ⋅ ⛅ 23 °C
An der Villa Strobele, och am Sella Dall, waren och nach Installatiounen ze kucken, déi méi an den asiateschen a japanesche Stil era gaange sinn 🌞.
Lago di Levico
4 września 2025, Włochy ⋅ ⛅ 25 °C
De Patrick hat sech virgeholl op dëser Rees eng Kéier an een Alpenséi ⛰🏊🏼♂️ schwammen ze goen. An Éisterräich an der Héicht war et ze kal dofir, zu Levico Terme huet et awer Czytaj więcej
Tenna
4 września 2025, Włochy ⋅ ☀️ 24 °C
De leschten Owend zu Tenna hu mer op eiser Terrass genoss am Lucia sengem schéinen Agritur16 😎.

























































































































































































































































































