Naturkraftweg Umballfälle
29 de agosto de 2025, Áustria ⋅ ☁️ 11 °C
Et war eng spektakulär Wanderung an enger wonnerschéiner Landschaft 🤩.
Naturkraftweg Umballfälle - Virgen
29 de agosto de 2025, Áustria ⋅ ⛅ 21 °C
Wieder huet no den Umballfälle erëm ëmgeschloen a mer konnten eis et am Haus Bstieler erëm gemittlech maachen.
Welzelach
30 de agosto de 2025, Áustria ⋅ ☁️ 13 °C
Mer hu Mueres vum gudde Wieder 😎 Mueres fir an dat klengt schéint Dierfchen Wezelach ze fueren an eis d'Iselschlucht unzekucken.
Iselschlucht
30 de agosto de 2025, Áustria ⋅ ☁️ 15 °C
Mer waren erëm eng Kéier an enger schéiner Landschaft 😎 ënnerwee a voller Rouh et huet ee just Dausche vun der Isel héieren 🕉.
Kals
31 de agosto de 2025, Áustria ⋅ ☀️ 11 °C
Fir eise leschten Dag an Osttirol huet Wieder sech nach eng Kéier vu senger beschter Säit ☀️😎 präsentéiert. Mer hunn dat genotzt fir nach eng Kéier op Kals ze fueren a mat derLeia mais
Europa Panorama Wee
31 de agosto de 2025, Áustria ⋅ ☀️ 8 °C
Den Europa-Panorama-Wee huet herrlech Vuën vum ganzen Alpepanorama mat Großglockner a Großvenediger gebueden a och vum Virgendall.
Europa Panorama Wee
31 de agosto de 2025, Áustria ⋅ ☀️ 10 °C
Den Europa-Panorama-Wee war eng wonnerschéin Wanderung fir Osttirol bal ofzeschléissen.
Restaurant Saluti Matrei
31 de agosto de 2025, Áustria ⋅ ☀️ 20 °C
Fir eisen Openthalt op eng entspriechend Aart a Weis ofzeschléissen, hu mir eis e am Saluti zu Matrei verwinnen gelooss 😋😋.
Cortina d'Ampezzo
1 de setembro de 2025, Itália ⋅ ☁️ 14 °C
Haut ass et queesch duerch d'Alpen an Dolomiten vun Osttirol 🇦🇹 an den Trentino 🇮🇹 gaangen. Zu Cortina d'Ampezzo war eisen éischten Tëschestopp 🥐☕️.
Mezzano Romantica
1 de setembro de 2025, Itália ⋅ ☀️ 22 °C
No de Serpentinnen 🚙 duerch Dolomiten ⛰ hu mer zu Mezzano, engem vun de schéinsten Dierfer a Italien, ee Stopp ageluecht, fir Duerf wat och als Holzskulpturenduerf bekannt ass, besichen ze goen.
Mezzano Romantica
1 de setembro de 2025, Itália ⋅ ☀️ 23 °C
De Mezzano Stopp hat sech gelount 👍
Mezzano Romantica
1 de setembro de 2025, Itália ⋅ ⛅ 22 °C
Mezzano ass een Duerf an dem sech vill Kënschtler 👩🎨 niddergelooss hunn, déi Duerf mat de Skulpture gestalt hunn.
Tenna
1 de setembro de 2025, Itália ⋅ ☁️ 23 °C
Am spéiden Nomëtte si mer dunn zu Tenna um Lago di Caldonazzo am Agritur16 🛎 ukomm.
Veg Point Tenna
1 de setembro de 2025, Itália ⋅ ☁️ 21 °C
Méindes hat just ee Restaurant zu Tenna op, de Veg Point. Mer waren eng véierel Stonn ze fréi do a Begréissung war alles anescht wéi frëndlech. De Patron a Kach een Aalhippie war richtegLeia mais
Trient
2 de setembro de 2025, Itália ⋅ ☀️ 19 °C
Haut si mer Trient Haapstad vum Trentino besiche gaangen ⛪️🔔🏰.
Augurio Ristorante Trento
2 de setembro de 2025, Itália ⋅ 🌧 23 °C
Och zu Trient hu mer eis et gutt schmaache gelooss am Restaurant Augurio de vun 3 Bridder gefouert gëtt 😋.
MART Rovereto
3 de setembro de 2025, Itália ⋅ ☁️ 19 °C
Mer hunn den Dag mat Konscht am Museo di arte moderna e contemporanea di Trento e Rovereto zu Rovereto, gebaut vum Mario Botta ugefaangen. De MART ass een impressionant Gebai. ZäitgenësseschLeia mais
Riva del Garda
3 de setembro de 2025, Itália ⋅ ☀️ 24 °C
Dono si mer op Riva del Garda gefuer fir an Gelateria Al Pozzo 🍦 eng Bio Glace mat engem immense Sorbet vu schwaarzem Schockela 🍫.
Canale di Tenno
3 de setembro de 2025, Itália ⋅ ⛅ 22 °C
Dunn si mer nach Canale di Tenno besiche gaangen, wat och zu de schéinsten Dierfer an Italien gehéiert.
Ristorante Pizzeria Al Faro Pergine
3 de setembro de 2025, Itália ⋅ ☀️ 23 °C
Mer hunn direkt um Lago di Caldonazzo am Ristorante Al Faro zu Owend giess. Hei war de Start och erëm holpereg, d'Iesse war awer ganz gutt.
Fly Tandem Val Sugana
4 de setembro de 2025, Itália ⋅ ☀️ 18 °C
De Patrick hätt scho sollten zu Zell am See mam Paraglider fléien, dat ass wéinst dem Wieder ofgesot ginn. Dat selwecht ass him och zu Virgen geschitt. Awer am Trentino huet et endlechLeia mais
Arte Sella
4 de setembro de 2025, Itália ⋅ ☀️ 20 °C
Nodeems de Patrick gelant ass, konnt d'Agata sech erëm berouegen 😅. A mer sinn dunn an den Sella Dall iwwert Valsugana fir iwwert 40 Konschtinstallatiounen am Fräie kucken ze goen.Leia mais
Villa Strobele
4 de setembro de 2025, Itália ⋅ ⛅ 23 °C
An der Villa Strobele, och am Sella Dall, waren och nach Installatiounen ze kucken, déi méi an den asiateschen a japanesche Stil era gaange sinn 🌞.
Lago di Levico
4 de setembro de 2025, Itália ⋅ ⛅ 25 °C
De Patrick hat sech virgeholl op dëser Rees eng Kéier an een Alpenséi ⛰🏊🏼♂️ schwammen ze goen. An Éisterräich an der Héicht war et ze kal dofir, zu Levico Terme huet et awerLeia mais
Tenna
4 de setembro de 2025, Itália ⋅ ☀️ 24 °C
De leschten Owend zu Tenna hu mer op eiser Terrass genoss am Lucia sengem schéinen Agritur16 😎.

























































































































































































































































































