Naturkraftweg Umballfälle
29 августа 2025 г., Австрия ⋅ ☁️ 11 °C
Et war eng spektakulär Wanderung an enger wonnerschéiner Landschaft 🤩.
Naturkraftweg Umballfälle - Virgen
29 августа 2025 г., Австрия ⋅ ⛅ 21 °C
Wieder huet no den Umballfälle erëm ëmgeschloen a mer konnten eis et am Haus Bstieler erëm gemittlech maachen.
Welzelach
30 августа 2025 г., Австрия ⋅ ☁️ 13 °C
Mer hu Mueres vum gudde Wieder 😎 Mueres fir an dat klengt schéint Dierfchen Wezelach ze fueren an eis d'Iselschlucht unzekucken.
Iselschlucht
30 августа 2025 г., Австрия ⋅ ☁️ 15 °C
Mer waren erëm eng Kéier an enger schéiner Landschaft 😎 ënnerwee a voller Rouh et huet ee just Dausche vun der Isel héieren 🕉.
Kals
31 августа 2025 г., Австрия ⋅ ☀️ 11 °C
Fir eise leschten Dag an Osttirol huet Wieder sech nach eng Kéier vu senger beschter Säit ☀️😎 präsentéiert. Mer hunn dat genotzt fir nach eng Kéier op Kals ze fueren a mat derЧитать далее
Europa Panorama Wee
31 августа 2025 г., Австрия ⋅ ☀️ 8 °C
Den Europa-Panorama-Wee huet herrlech Vuën vum ganzen Alpepanorama mat Großglockner a Großvenediger gebueden a och vum Virgendall.
Europa Panorama Wee
31 августа 2025 г., Австрия ⋅ ☀️ 10 °C
Den Europa-Panorama-Wee war eng wonnerschéin Wanderung fir Osttirol bal ofzeschléissen.
Restaurant Saluti Matrei
31 августа 2025 г., Австрия ⋅ ☀️ 20 °C
Fir eisen Openthalt op eng entspriechend Aart a Weis ofzeschléissen, hu mir eis e am Saluti zu Matrei verwinnen gelooss 😋😋.
Cortina d'Ampezzo
1 сентября 2025 г., Италия ⋅ ☁️ 14 °C
Haut ass et queesch duerch d'Alpen an Dolomiten vun Osttirol 🇦🇹 an den Trentino 🇮🇹 gaangen. Zu Cortina d'Ampezzo war eisen éischten Tëschestopp 🥐☕️.
Mezzano Romantica
1 сентября 2025 г., Италия ⋅ ☀️ 22 °C
No de Serpentinnen 🚙 duerch Dolomiten ⛰ hu mer zu Mezzano, engem vun de schéinsten Dierfer a Italien, ee Stopp ageluecht, fir Duerf wat och als Holzskulpturenduerf bekannt ass, besichen ze goen.
Mezzano Romantica
1 сентября 2025 г., Италия ⋅ ☀️ 23 °C
De Mezzano Stopp hat sech gelount 👍
Mezzano Romantica
1 сентября 2025 г., Италия ⋅ ⛅ 22 °C
Mezzano ass een Duerf an dem sech vill Kënschtler 👩🎨 niddergelooss hunn, déi Duerf mat de Skulpture gestalt hunn.
Tenna
1 сентября 2025 г., Италия ⋅ ☁️ 23 °C
Am spéiden Nomëtte si mer dunn zu Tenna um Lago di Caldonazzo am Agritur16 🛎 ukomm.
Veg Point Tenna
1 сентября 2025 г., Италия ⋅ ☁️ 21 °C
Méindes hat just ee Restaurant zu Tenna op, de Veg Point. Mer waren eng véierel Stonn ze fréi do a Begréissung war alles anescht wéi frëndlech. De Patron a Kach een Aalhippie war richtegЧитать далее
Trient
2 сентября 2025 г., Италия ⋅ ☀️ 19 °C
Haut si mer Trient Haapstad vum Trentino besiche gaangen ⛪️🔔🏰.
Augurio Ristorante Trento
2 сентября 2025 г., Италия ⋅ 🌧 23 °C
Och zu Trient hu mer eis et gutt schmaache gelooss am Restaurant Augurio de vun 3 Bridder gefouert gëtt 😋.
MART Rovereto
3 сентября 2025 г., Италия ⋅ ☁️ 19 °C
Mer hunn den Dag mat Konscht am Museo di arte moderna e contemporanea di Trento e Rovereto zu Rovereto, gebaut vum Mario Botta ugefaangen. De MART ass een impressionant Gebai. ZäitgenësseschЧитать далее
Riva del Garda
3 сентября 2025 г., Италия ⋅ ☀️ 24 °C
Dono si mer op Riva del Garda gefuer fir an Gelateria Al Pozzo 🍦 eng Bio Glace mat engem immense Sorbet vu schwaarzem Schockela 🍫.
Canale di Tenno
3 сентября 2025 г., Италия ⋅ ⛅ 22 °C
Dunn si mer nach Canale di Tenno besiche gaangen, wat och zu de schéinsten Dierfer an Italien gehéiert.
Ristorante Pizzeria Al Faro Pergine
3 сентября 2025 г., Италия ⋅ ☀️ 23 °C
Mer hunn direkt um Lago di Caldonazzo am Ristorante Al Faro zu Owend giess. Hei war de Start och erëm holpereg, d'Iesse war awer ganz gutt.
Fly Tandem Val Sugana
4 сентября 2025 г., Италия ⋅ ☀️ 18 °C
De Patrick hätt scho sollten zu Zell am See mam Paraglider fléien, dat ass wéinst dem Wieder ofgesot ginn. Dat selwecht ass him och zu Virgen geschitt. Awer am Trentino huet et endlechЧитать далее
Arte Sella
4 сентября 2025 г., Италия ⋅ ☀️ 20 °C
Nodeems de Patrick gelant ass, konnt d'Agata sech erëm berouegen 😅. A mer sinn dunn an den Sella Dall iwwert Valsugana fir iwwert 40 Konschtinstallatiounen am Fräie kucken ze goen.Читать далее
Villa Strobele
4 сентября 2025 г., Италия ⋅ ⛅ 23 °C
An der Villa Strobele, och am Sella Dall, waren och nach Installatiounen ze kucken, déi méi an den asiateschen a japanesche Stil era gaange sinn 🌞.
Lago di Levico
4 сентября 2025 г., Италия ⋅ ⛅ 25 °C
De Patrick hat sech virgeholl op dëser Rees eng Kéier an een Alpenséi ⛰🏊🏼♂️ schwammen ze goen. An Éisterräich an der Héicht war et ze kal dofir, zu Levico Terme huet et awerЧитать далее
Tenna
4 сентября 2025 г., Италия ⋅ ☀️ 24 °C
De leschten Owend zu Tenna hu mer op eiser Terrass genoss am Lucia sengem schéinen Agritur16 😎.

























































































































































































































































































