Stuttgart
21 Ağustos 2025, Lüksemburg ⋅ ☁️ 19 °C
Den 21. August ass et lass gaangen. Eisen éischten Tëschestopp war zu Stuttgart 🇩🇪 wou mer an der Wunderkammer gefrüstückt ☕️🥐 hunn, ier mer Staatsgalerie 🎨 besicht hunn.
Kunstgebäude am Schlossplatz Stuttgart
21 Ağustos 2025, Almanya ⋅ ☁️ 20 °C
Am Kunstgebäude am Schlossplatz enger Extensioun vun der Staatsgalerie hu mer eis nach Katharina Grosse 👩🎨 Expo "The Sprayed Deer" ugekuckt.
Augsburg
21 Ağustos 2025, Almanya ⋅ 🌧 18 °C
Eisen zweeten Tëschestopp mat Iwwernuechtung war zu Augsburg 🇩🇪. Mat engem gudden Owendiessen 🍺🥗🍤 am Slwowfood Restaurant Das Kappeneck.
Augsburg - Matrei
22 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☀️ 18 °C
No engem herrleche Früstück ☕️🥐 am Café Immergrün zu Augsburg 🇩🇪 hu mer eis op de Wee an Osttirol 🇦🇹 gemaach.
Matrei - Virgen
22 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☀️ 19 °C
Am Nomëtteg hu mer eis nach e puer Kilometer weider op Virgen gemaach, wou Christina Bstieler eis mat Kaffi a Kuch ☕️🥮 an hirem schéine Vakanzenhaus empfaangen huet. Sophie an deOkumaya devam et
Haus Bstieler
22 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☀️ 19 °C
Eis ganz geraimeg Wunneng an därer mer eis richteg wuelgefillt hunn 🏠🛏☺️.
Strumerhof
22 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☀️ 16 °C
Owes hu mer eis op 1500m erop gemaach, fir am Kraiderhaff Strumerhof, mat Bléck erof op Matrei, genësserlech zu Owend ze iessen 🍲🥩 an den Dag gesiedegt ofzeschléissen 😋.
Lienz
23 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☀️ 20 °C
Samschdes si mer et lues ugaangen an 🚙 ⛰hu Lienz besicht, déi eenzeg gréisser Stad an Osttirol. Mer sinn gemittlech duerch Gässelen an iwwert de klenge Maart getrëppelt, hu fir eisOkumaya devam et
Virgen
23 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☀️ 18 °C
Nomëttes si mer nach zu Fouss 🥾 duerch Virgen a laanscht d'Isel 🏞 getrëppelt.
Liegstätten Wanderung am Timmeltal
24 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☀️ 5 °C
Eis éischt Wanderung 🥾war de Liegstätten Wee am Timmeltal an ass bis op 2130m eropgaangen ⛰. Mer haten och schonn eist éischt Muermeldéier gesinn.
Stäerkung op der Würfelehütte
24 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☁️ 16 °C
No eiser Wanderung si mer eis an Würfelehütte mat Bléck op Virgen stäerke gaangen 🥣🍺.
Wanderung op d'Arventalalm I
25 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☀️ 6 °C
Haut hu mer eng gréisser Wanderung vu 6 Stonnen op d'Arventalalm op 2200m am Defereggendall gemaach. D'Alm gëtt vun Südtirouler Bauere 🧑🌾 bewirtschaft, déi all Fréijoer hiertOkumaya devam et
Wanderung op d'Arventalalm II
25 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☁️ 11 °C
Stäerkung op der Arventalalm
25 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☁️ 11 °C
mer eis op de Réckwee gemaach hunn, hu mer eis op der Alm nach eng Kéier gestäerkt🍺🍳🥞.
Stemberger Biohof
25 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☁️ 19 °C
Um Wee zeréck si mer zu St. Veit stoe bliwwe fir am Biohaff Stemberger am Selfservice Buttik anzekafen an eis et Owes op der Terrass schmaachen ze loossen 😎.
Großglockner
26 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☀️ 9 °C
Mer sinn iwwert Kals an Großglockner Héichalpenstrooss an den Glocknerwinkel gefuer, fir den héchste Bierg vun Éisterräich, de Großglockner 3798m 🏔, ze gesinn a géi bis beiOkumaya devam et
Großglockner - Virgen
26 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☀️ 23 °C
Nom Beobachte vun den Muermeldéieren an dem Ofstig ass et zeréck op Virgen gaangen, wou mer eis den Dräierlee vu Knödelen gutt schmaache gelooss 😊.
Steiner Almen
27 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☀️ 15 °C
Haut wollte mer Wanderung 🥾 op äussere an innere Steiner Almen goen. den Opstig bei äussere Steiner Alm ass vun 1350m op 1914m eropgaangen an war schonn ë bëssen een Challenge 🥵.
Steiner Almen
27 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☀️ 14 °C
Wat mer méi héich erop komm sinn, wat Landschaft sech méi opgemaach huet 🏞. Mer konnten eis Blécker schwäife loossen, haten eng ganz Muermeldéier Kolonie entdeckt a sinn och nach Schof 🐑 🐑 begéint.
Äußere Steiner Alm
27 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ⛅ 15 °C
No gutt zwou an enger hallwer Stonn bierg op, si mer op der Äußerer Steiner Alm ukomm. Do hu mer eis dann nees emol uerdentlech gestäerkt ☕️🥪an de wonnerschéinen Ausbléck an denOkumaya devam et
Steiner Almen
27 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☁️ 17 °C
Vun der Äußere Steiner Alm ass et dunn erof op Innere Steiner Alm oder och Hoanzer Alm op 1770m gaangen. De Wee war wéinst ë puer Begéinungen🐑🐄🐴 ë bësse méi abenteuerlech 😅.
Innere Steiner Alm
27 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☁️ 19 °C
Op der Hoanzer Alm op 1770m hu mer nach ee klengen Tëschestopp ageluecht.
Steiner Almen - Virgen
27 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☁️ 22 °C
Vun der Hoanzer Alm ass et dunn an engem stéck bierg of gaangen, wat zimmlech an Knéie gaangen 🥵 ass a wéi mer ënnen um Parking ukomm sinn, hunn Bee geziddert 😅. Zeréck zu Virgen huetOkumaya devam et
Raschtdag zu Virgen
28 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ ☁️ 20 °C
🌧🌬⛈ Wieder huet haut ausser liesen a raschten näischt zougelooss 📖😴.
Naturkraftweg Umballfälle
29 Ağustos 2025, Avusturya ⋅ 🌫 10 °C
Haut de Mueren huet et opgekläert a mer hu profitéiert fir de Naturkraftweg Umballfälle ze goen.








































































































































































































































































