Sizilien

Keng Biller vu Palermo, zevill Knascht.... D'Hannerland ass schéin, awer d'Stroossen éischter schlecht. Kee Verglach mat Sardinien. Di 2 Video si vun Nicosia.
Etna

Do gëtt et net vill ze soen...
Messina

Et war nëmmen ee ganz kuerzen Obenthalt, mä Messina ass schéin. Hei gëtt et eng immens Kathedral... a giess hu mir... een Iwwerraschungsmenu fir 25 op de Kapp, herrlech
Messina - Matera

A weider geet et. Ënnerwee vill Uebst a Geméis a gläich duerno eng Landschaft wéi an der Steppe.
Matera

Alles al Steng, awer wonnerschéin. 2019 europäesch Kulturhaaptstad.
Matera (2)

Mir si vill op an of gelaf an nach ëmmer beschter Laun
Matera (3)

Casa Stella. Ee wonnerschéine B&B mat enger super léiwer Proprietärin dem Manuela. Gatta Buia, ee gudde Restaurant zu Matera
Um Wee op Sorrente

Dat gesäit een alles ënnerwee...
Grand Hotel Sue Dui Golfe

Herrlech. Dat ass Vakanz...
Golf vun Neapel

Ech ka mech net sat kucken un deem schéine bloe Mier an dem Vesuv am Hannergrond ....
Amalfitana

Amalfitana, SS163, Costa Amalfiera, egal wéi een d'Panoramastrooss nennt, se ass einfach nëmmen wonnerschéin... No 3 Stonnen fir 50 Kilometer si vill flott entstanen a mir genéissen nach mol deLæs mere
Amalfitana (2)

A well sou schéin, hei nach weider Andréck
Amalfitana (3)

An nach mol....
Amalfitana (4)

An déi lescht Biller
Assisi

Haut si mir vun der Amalfiküst bis op Assisi gefuer. Vun ënnerwee gëtt et keng Biller, d'Fotografin hat Paus 😉.
Als éischt awer mol d'Vue aus dem Zëmmer déi ech iech net virenthale wollt....
Chiesa San Francesco Assisi

Vu bannen sou schéi wéi vu baussen, awer leider keng Fotoen erlaabt...
Assisi (2)

Verona

Hei e puer Andréck vu Verona, éier mir awer lo sou eppes vu gutt iesse ginn...
Mä firwat mécht de Jacques sou eng Schnuff? 🤔
Verona-Bregenzerwald

Haut waren nees e puer Kilometer méi ze fueren, allerdéngs richteg flotter. Ech weess net laanscht wéivill Kilometer Äppelplantage mir gefuer sinn....
Alpengasthof Brüggele Alberschwende

Ee Gasthof mat Dusch am Zëmmer an Toilett um Gank an et däerf een net mat de Schong op d'Zëmmer, awer eng Vue, onwahrscheinlech
The End

Mir sinn nees gutt doheem ukomm, well mir hunn net ëmmer dem Navi gefollegt....