Faro
April 10, 2025 in Portugal ⋅ ☀️ 18 °C
Haut war eisen leschten Dag vun eisem Roadtrip an deen hun mer zu Faro verbruecht, der Haptstaat vun der Algarve.
Leider ass d'Staat zimleg entäuschend. Et ass haptsächleg op Clubs a Bars ausgeluecht an well et off Season ass, ass och nach vill zou an geseit relativ onpropper aus alles.
Et gin awer och 2 Sehenswürdigkeiten: Eng Bones Chapel an eng Kathedral. Beides war medium spektakulär. Bones Chapel ass eng Kapell, dei ass Schädelen an Knachen gebaut gin ass. No dem Grond, fierwat se dat gemach hun, hun den Dominique an ech vergeblech gesicht, Recherchen hun ergin, dass se dat einfach sou wollten. Naja.
Sou dass mer moies seier alles gesin hun. Mettes wollten mer dann an en Naturreservat wanderen goen, leider war eng stark Reenwarnung eraus, sou dass mer dat leiwer sin gelos hun, well mer hätten missen e Boot huelen.
Sou dass mer bessen blockeiert waren, well et net vill ze machen gouf. Dofir sin mer op Olhao gefuer, eng Staat nieft Faro. Bessen mei schein wei Faro, mee och net vill ze bidden, sou dass mer do bessen rondrem spazeiert sin. Iejendwann hun mer eis dann dozou entscheed an eis Wunneng ze goen an do um Balkon eng Qwixx ze spillen.
Fir owes hun mer eis e gudden Frango Restaurant erausgesicht. Firdrun hun mer eis awer nach Plage zu Faro ugekukt an d'Wellen waren net ohne - trotzdem waren puer Surfer ze gesinn.
Dann sin mer eisen Frango iessen gang an ech sin an eng onangenehm Situatioun geroden. Ech wollt op Toilette goen an engem mini Restaurant, wou et genau eng Kabinn guff. Dei war besaat, also hun ech missen warden. Dunn ass Dier opgang an 2 kleng Meedercher sin mer entgeint komm. Wou ech dunn ragagng sin, ass mer opgefall, dass Toilette... voll war an wahrscheinleh verstoppt. Also sin ech rem seier aus der Toilette eraus, ouni se ze benotzen. Kuerz drop sin och schon 3 Serveuren ragerannt - an vue dass ech de lechten dobannen war, hat ech Bedenken, dass se mech am Verdacht hätten - also hun mer eis seier duecht Bascht gemach, wat den Verdacht vleicht nach verhärtet huet.. Misere.
Dunn sin mer eng lecht Keier duech Faro getrollt an heem gang, wou mer eis Sachen gepakt hun, fir um 4h opzestoen an den Fliger ze huelen.
Insgesamt war et eng ganz flott Rees, mat medium gudden Wierder, mee mat gudder Gesellschaft.Read more










