• Nc'Nean Distillery

    June 25, 2024 in Scotland ⋅ ☁️ 12 °C

    Duerch een Reportage op ARTE (QR-Foto) hu mer Nc'Nean Distillery kennegeléiert. Et ass déi éischt an eenzeg BIO Whisky Distillery 🥃an Schottland an déi eenzeg déi eng Fra 🙋🏻‍♀️, d'Annabel Thomas, als CEO 👩🏻‍💼huet. Si wollt ee méi grousse Publikum fir den Whisky erschléissen, wat hir op beandrockend Aart a Weis gelongen ass. Distillery ass komplett CO2-neutral a verbraucht vill manner Waasser wéi déi traditionell Distilleryën. An den Whisky kennt no 3 Joer an engem Dag an Fläschen, esou dass en, wéi si soen, méi "weiblech" ass an dofir eben Fraen uschwätzt awer och jonk Leit. De ganzen Drimnin Estate gehéiert dem Annabel sengen Elteren an hatt huet een immenst kompetent Team zesummegestallt, fir dat Ganzt ze bedreiwen.Read more