• Iona

    June 26, 2024 in Scotland ⋅ ☁️ 15 °C

    Zwou Fähren stoungen haut um Programm. Vun Drimnin ass et iwwert Single Track Road op Lochaline gaangen an an 10 Minutten 🚢 eriwwer op d'Isle of Mull. Vun Fishnish si mer weidergefuer op Fionnphort wou et mat der Fähr 🚢 eriwwer op Iona gaangen ass. Eng kleng Insel déi bei guddem Wieder ausgesäit wéi wann se an der Karibik géif leien 🏝. Et fueren keng Autoen op Iona. D'Insel ass knapp 6 km laang an 2,5 km breet an et liewen 170 Leit do. Mer haten een Trëppeltour mam David engem lokale Guide gemaach, den eis alles iwwert Iona erzielt huet.Read more