• Ar Bòrd - Our Table

    June 27, 2024 in Scotland ⋅ 🌧 13 °C

    Owes si mer op Dervaig bei eng Koppel heem iesse gaangen. Déi bedreiwen an hirer Stuff esou ze soen een Restaurant den heescht Ar Bòrd - eisen Dësch. Well si keng Lizenz hunn, dierfen si keen Alkohol verkafen, mee och dat ass kee Problem, well ech hat virdru beim Dougie am Postshop zu Dervaig eng Fläsch argentinesche Chardonnay bestallt, déi hien  ofgeliwwert hat an déi schonn kal stoung. An mer hunn exzellent giess.Read more