• HOPA
  • HOPA

Cerro Aconcagua

Den 26. Januar 2003 op den Dag genau 8 Méint nodeems ech um Sommet vum héchsten Bierg vun Nordamerika stoung, hat ech och den Sommet vum héchsten südamerikaneschen Bierg, dem Cerro Aconcagua 6960m, erreecht. Leggi altro
  • Plaza de Mulas - Mendoza

    28 gennaio 2003, Argentina ⋅ 🌧 30 °C

    Den 28. Januar sinn ech an engem Gewaltmarsch vun 6 Stonnen vun der Plaza de Mulas zeréck bei d'Entrée vum Parque Provincial Aconcagua gaangen. Vun do sinn mer zeréck op Los Penitentes gefuer, wou mer eis raséiert, geduscht an aneschtes ugedoen hunn. An direkt ass et weider gaangen op Mendoza wou ech mer een 750g Steak mat Fritten an zwou 750ml Fläschen Béier an 3 Bullen Glace gegënnt hunn.

    D'Aventure Cerro Aconcagua war domat eriwwer an den 1. Februar 2003 sinn ech zeréck op Lëtzebuerg geflunn.
    Leggi altro

  • Fine del viaggio
    1 febbraio 2003