Départ Findel
January 11, 2003 in Luxembourg ⋅ ☀️ -5 °C
Den 11. Januar 2003 ass et um Findel lassgaangen, fir d'éischt Richtung Frankfurt.
Frankfurt
January 11, 2003 in Germany ⋅ ☀️ -7 °C
Mat zwou Stonnen Verspéidung, wéinst techneschen Problemer, ass et vun Frankfurt weidergaangen op Buenos Aires.
Buenos Aires
January 12, 2003 in Argentina ⋅ 🌙 21 °C
No 14 Stonnen Fluch, den ech gréisstendeels mat Schlofen verbruecht hunn, ass Buenos Aires an Vue komm.
Buenos Aires
January 12, 2003 in Argentina ⋅ 🌙 23 °C
Vum Aeroparque John Newbery direkt um Rio Plata ass et weidergaangen iwwert Zentralargentinien op Mendoza.
Mendoza
January 13, 2003 in Argentina ⋅ ☁️ 24 °C
Am Hotel Nutibara zu Mendoza hunn ech déi aner Expeditiounsmemberen kennegeléiert an den Daniel Alessio den Patron vun der Daniel Alessio Expediciones. Mat an der Equipe waren den Richard Allman,Read more
Mendoza
January 13, 2003 in Argentina ⋅ ☁️ 30 °C
Den Dag ass nach genotzt ginn fir Mendoza e bëssen ze entdecken, wéi zum Beispill den Mercado Central.
Mendoza
January 13, 2003 in Argentina ⋅ 🌧 29 °C
Mendoza an Plaza Independencia. Owes kënnt op der Plaza ganz Mendoza zesummen fir Tango ze danzen.
Mendoza - Los Penitentes 2510m
January 14, 2003 in Argentina ⋅ ☁️ 16 °C
Den 14. Januar hunn mer eis op den Wee gemaach vun Mendoza op Los Penintentes. Nom Paken sinn mer nach bei d'Administratioun vum Parque Provincial Aconcagua gefuer, fir eisen Permis ze kréien.Read more
Los Penitentes 2580
January 14, 2003 in Argentina ⋅ 🌧 16 °C
Mer sinn mat Zäit zu Los Penitentes ukomm fir eis schonn unzefänken ze akklimatiséieren. Dofir sinn mer vun 2580m op 2800m zu Fouss eropgaangen an hunn eng Stonn op därer Héicht verbruecht, ierRead more
Los Penitentes - Base Confluencia 1
January 15, 2003 in Argentina ⋅ 🌙 5 °C
Vun Los Penitentes sinn mer iwwert d'argentinesch Douane an Noman's Land tëschent Argentinien an Chile gefuer. Laanscht Puente del Inca ass et bei d'Entrée vum Parque Provincial Aconcagua op 2850mRead more
Los Penitentes - Base Confluencia 2
January 15, 2003 in Luxembourg ⋅ 🌧 1 °C
No enger Mëttesrascht beim Rio Horcones sinn mer weider gaangen op Base Confluenzia op 3245m, wou mer no 4 Stonnen reng Marschzäit ukomm sinn.. Et war immens waarm mat 28°C.
Base Confluencia Akklimatisatioun
January 16, 2003 in Argentina ⋅ 🌙 4 °C
Mer sinn zwou Nuechten an der Base Confluencia bliwwen, fir den 16. Januar een 6 Stonnen Akklimatisatiounsmarsch op 3940m mat Vue op Südflank ze maachen. Hëtzt war erëm schwéier ze erdroen. EchRead more
Base Confluencia - Plaza de Mulas 1
January 17, 2003 in Argentina ⋅ 🌙 1 °C
Nodeems Maulieselen gelueden ginn sinn, stoung Haut een Marsch vun 9 Stonnen um Programm, fir déi 22 Kilometer vun der Base Confluencia op Plaza de Mulas zeréck ze leeën. Et ass duerch den breedenRead more
Base Confluencia - Plaza de Mulas 2
January 17, 2003 in Argentina ⋅ 🌙 4 °C
Nom Dall vum Rio Horcones ass et dunn eropgaangen op Plaza de Mulas eisen Base Camp op 4200m. Mer konnten dunn och déi éischt Äis Seracs gesinn.
Plaza de Mulas Roudag
January 18, 2003 in Argentina ⋅ 🌙 0 °C
No der Ustrengung vum Dag virdrun, war den 18. Januar een éischten Roudag am Base Camp Plaza de Mulas op 4200m. Virun eis läit Westflank vum Cerro Aconcagua. Ech hunn profitéiert, fir mer denRead more
Plaza de Mulas Akklimatisatioun
January 19, 2003 in Argentina ⋅ 🌙 -3 °C
Haut Stoung een Akklimatisatiounsmarsch vun 4.5 Stonnen um Programm. Mer sinn vun der Plaza de Mulas op den Camp Canada op 4860m eropgaangen, fir do een Materialdepot unzeleeën. Mer goufen matRead more
Plaza de Mulas Schnéi
January 20, 2003 in Argentina ⋅ ❄️ -3 °C
An staarkem Wand sinn mer den 20. Januar een Depot am Camp Alaska op 5125m uleeën gaangen. Ënnerwee sinn eis Expeditiounen entgéint komm, déi wéinst den schwieregenRead more
Plaza de Mulas waarden op bessert Wieder
January 21, 2003 in Argentina ⋅ ☁️ -4 °C
Et ass weider schlecht Wieder virausgesot ginn. Mer hunn profitéiert fir bei den Camp Dokter ze goen an eis Sauerstoffsättegung moossen ze loossen - 86% fir mech. Beim Martin Docherty assRead more
Plaza de Mulas Schnéistuerm
January 22, 2003 in Argentina ⋅ ❄️ -9 °C
Den 22. Januar gouf et nawell heftegen Schnéistuerm am Base Camp. Mer hunn weiderhin missten do ënnen bleiwen un een Opstig war net ze denken an eis Expeditioun stoung kuerz virum Ofbroch.
Plaza de Mulas Decisiounen ginn geholl
January 23, 2003 in Argentina ⋅ 🌙 -7 °C
Wieder hat sech berouegt, mee d'Equipe war sech oneens. Et ass vill diskutéiert ginn, iwwert Funk mam Daniel Alessio, mam Khalil eisem Guide. Den Khalil huet gesot, dass een Opstig nach ëmmerRead more
Plaza de Mulas - Nido de Condores
January 24, 2003 in Argentina ⋅ 🌙 -2 °C
Den 24. Januar sinn ech mam Khalil vum Base Camo op 4200m an egmen Marsch riicht erop op den Camp Nido de Condores op 5345m gaangen. Ech konnt keng Fotoen ënnerwee maachen. Ech hunn mech an 9 StonnenRead more
Nido de Condores - Camp Berlin
January 25, 2003 in Argentina ⋅ 🌙 -7 °C
Den Dag dono ass et an 2.5 Stonnen vum Nido de Condores an den Camp Berlin op 5800m gaangen. Vun hei sollt den nächste Dag den Sommet an Ugrëff geholl ginn. Dofir ass nom kuerzen Opstig gerascht anRead more
Ënnerwee op den Sommet
January 26, 2003 in Argentina ⋅ ☁️ -18 °C
9.5 Stonnen sollt Marschzäit haut daueren. Mueres um 05:30 Auer ass et lass gaangen. Fir d'éischt an Serpentinen lues erop an dunn duerch Caneletta, eng Schneis an enger géiher Fielswand, op denRead more
Cerro Aconcagua 6960m
January 26, 2003 in Argentina ⋅ 🌙 -6 °C
Op den Dag 8 Méint nom Denali an Alaska stoung ech um 14:06 Auer endlech um Sommet vum 6960m héijen Cerro Aconcagua. An den Deeg virdrun huet alles dogéint geschwat, dass eis Expeditioun denRead more
Plaza de Mulas
January 27, 2003 in Argentina ⋅ ☁️ 4 °C
Vum Sommet ass et zeréck an den Camp Berlin gaangen. An den 28. Januar vum Camp Berlin an 2 Stonnen erof (12 Stonnen am Ganzen fir erop) zeréck an Base Camp Plaza de Mulas op 4200m.





































































































































































































