Depart den 29. Abrëll 1995
April 29, 1995 in Germany ⋅ 🌙 17 °C
No Woche vu physescher Virbereedung hunn de John, Jürgen, Lex an ech eis op de Wee gemaach vum Findel iwwert Frankfurt an Dehli op Kathmandu ze fléien.
Kathmandu
April 30, 1995 in Nepal ⋅ ☁️ 31 °C
Den anere Muere sinn mer an der Nepalesescher Haaptstad zu Kathmandu 🇳🇵 ukomm, wou mer eis mat der Agence Sherpa Society getraff hunn, mat deenen mer eisen Trek am Tibet organiséiert hunn.
Kathmandu
April 30, 1995 in Nepal ⋅ ☁️ 33 °C
Un der Offallwirtschaft zu Kathmandu huet sech an de vergaangene siwe Joer näischt geännert 🤢
Bodnath Stupa
May 1, 1995 in Nepal ⋅ 🌙 32 °C
Den zweeten Dag zu Kathmandu si mer Mueres de buddhistesche Bodnath Stupa 🕉 👁👁 besiche gaangen, ëm deen eng grouss tibeetesch Exilcommunautéit lieft.
Swayambhunath Stupa
May 1, 1995 in Nepal ⋅ ☁️ 34 °C
An Nomëttes si bei dat zweet wichtegt reliéist Bauwierk, de Swayambhunath Stupa 🕉, eropgeklommen, fir de Pilgeren nozekucken an Atmosphär op eis wierken ze loossen.
Kathmandu - Gonggar Airport བོད་ལྗོངས།
May 2, 1995 in China ⋅ ☁️ 15 °C
Den 2. Mee ass et du mat China Southwest Airlines 🛫 vu Kathmandu iwwert den Himalaya op de Gonggar Fluchhafen 🛬 am Tibet བོད་ལྗོངས། gaangen. Um Fluch hu mer eeRead more
Lhasa
May 2, 1995 in China ⋅ ☁️ 21 °C
Vum Fluchhafen Gonggar si mer op Lhasa gefuer, wou mer am Banak Shol Hotel 🛎 gewunnt hunn, néng Joer nodeems ech zesummen mam Vito eng éischte Kéier do iwwernuecht hunn. Soss hat sechRead more
Barkhor Bazar
May 3, 1995 in China ⋅ 🌙 10 °C
No enger éischter ustrengender Nuecht an der Héicht, hu mer Bekanntschaft mam Tashi Tsering gemaach. Hien war eise lokale Guide fir eise kompletten Tour duerch den Tibet. Hien war engRead more
Jokhang Tempel
May 3, 1995 in China ⋅ ☁️ 20 °C
Mer hunn dovu profitéiert fir de Jokhang Tempel ze besichen an déi besonnesch Atmosphär opzesuckelen.🕉
Potala
May 4, 1995 in China ⋅ 🌙 11 °C
Haut si mer fir d'éischt de gewaltege Potala Palast besiche gaangen. De Wee vum Hotel bis dohin an de Wee erop hunn erëm zur Akklimatisatioun bäigedroen. De Potale war dem Dalai Lama sengRead more
Drepung Klouschter
May 4, 1995 in China ⋅ ☁️ 18 °C
Nomëttes si mer ë bëssen ausserhalb vu Lhasa den Drepung Klouschter besiche gaangen. Virum Afall vun de Chinesen🪖🔫 hunn an dësem Klouschter 8000 buddhistesch Mönchen gelieft, hautRead more
Lhasa - Gyantse Kamba La Pass 4794m
May 5, 1995 in China ⋅ 🌙 -2 °C
Mueres hu mer eis zesumme mam Tashi op de laangen Wee op Shigatse gemaach. Aus Lhasa eraus stounge mer emol fir d'éischt an engem Stau😯. Déi éischt Etapp vun der Route huet eis opRead more
Lhasa - Gyantse Yamdrok Tzo 4447m
May 5, 1995 in China ⋅ ☁️ 1 °C
Vum Kamba La Pass ass et erof bei de Yamdrok Tzo Séi 🌊 op 4447m gaangen an du weider a Richtung Gyantse.
Gyantse Kumbum 3950m
May 5, 1995 in China ⋅ 🌧 13 °C
Zu Gyantse op 3950m si mer eis natirlech de berümten Kumbum Stupa 🕉 ukucke gaangen.
Gyantse - Shigatse 3900m
May 6, 1995 in China ⋅ 🌙 5 °C
Den Dag drop ass et weider gaangen op Shigatse. Un Héicht hate mer an der Zwëschenzäit gewinnt.
Tashilhunpo Klouschter
May 6, 1995 in China ⋅ ☁️ 17 °C
Zu Shigatse hu mer den Tashilhunpo Klouschter besicht. Dat ass de Sëtz vum Panchen Lama der zweethéchster reliéiser Autoritéit am Tibet 🕉, den an der Reinkarnatioun vun Haut vunRead more
Shigatse - Sakya Klouschter 4300m
May 7, 1995 in China
Haut ass et an Etappe vu Shigatse op Shegar gaangen. No enger Kontroll vum Landcruiser hu mer eis op de Wee gemaach iwwert de wäiten tibeeteschen Héichplateau. Ee Platten ass natierlechRead more
Sakya Klouschter
May 7, 1995 in China ⋅ 🌙 10 °C
Déi éischt Etapp huet eis op Sakya gefouert. De Sakya Klouschter ass ee vun den Haaptklouschter am Tibet. Niewt , Nyingma, Kagyü a Gelug Schoulen ass Sakya déi véiert grouss SchoulRead more
Sakya - Shegar 4300
May 7, 1995 in China ⋅ ☁️ 11 °C
Déi zweet Etapp ass vu Sakya iwwert de 5220m héijen Lhakpa La Pass 🏔, den héchste Stroossepass am Tibet, op Shegar gaangen.
Shegar - Chay 4400m
May 8, 1995 in China ⋅ 🌙 0 °C
Haut ass et vu Shegar an dat klengt Dierfche Chay gaange vu wou aus eisen Trek bei de Chomolungma sollt starten.
Chay - Trek 1. Dag
May 8, 1995 in China ⋅ 🌙 8 °C
Kuerz no eis ass och d'Ekipp vu Sherpa Society mat hirem Leader Pasang Sherpa zu Chay agetraff. Material, Zelter⛺️,Kichen, Liewensmëttel 🍜🍚🍳 a weideres ass vum Camion opRead more
Trek 2. Dag
May 9, 1995 in China ⋅ ☁️ 6 °C
Um zweeten Dag vum Trek 🚶🏻♂️🎒, an enger impressionanter kontemplativer Landschaft 🧎🏻♂️, hu mer fir d'éischte Kéier konnten ee Bléck op de Chomolungma 🏔 geheien, den dunn nach 80km wäit ewech war.
Trek 3. Dag
May 10, 1995 in China ⋅ ☁️ 11 °C
Och den Dag dono ass et nach duerch eng ofwiesslungsräich Landschaft gaangen an därer déi tibeetesch Landsleit op iwwert 4000m Landwirtschaft bedreiwen🌾.
Trek 4. - 5. Dag
May 11–13, 1995 in China ⋅ 🌙 14 °C
Zu Fouss ënnerwee am Tibet 🚶🏻♂️
Trek 6. - 7. Dag
May 13–15, 1995 in China ⋅ 🌙 15 °C
Loft gëtt ëmmer méi dënn🥵, awer et gouf vum Wieder profitéiert fir dass een sech emol eng Kéier konnt wäschen 🛀






































































































































































































































