• HOPA
  • HOPA

Chomolungma Trek - Tibet

Nodeems ech am Dezember 1988 den Mt. Everest - Sagarmatha op nepalesesch. Chomolungma op tibeetesch  - op der nepalesescher Südsäit besicht hunn, ass et am Mee 1995 mat engem Trekking op der tibeetescher Nordsäit un Nordflank vum Mt. Verest erugaange Read more
  • Trip start
    April 29, 1995
  • Kathmandu

    April 30, 1995 in Nepal ⋅ ☁️ 31 °C

    Den anere Muere sinn mer an der Nepalesescher Haaptstad zu Kathmandu 🇳🇵 ukomm, wou mer eis mat der Agence Sherpa Society getraff hunn, mat deenen mer eisen Trek am Tibet organiséiert hunn.

  • Kathmandu - Gonggar Airport བོད་ལྗོངས།

    May 2, 1995 in China ⋅ ☁️ 15 °C

    Den 2. Mee ass et du mat China Southwest Airlines 🛫 vu Kathmandu iwwert den Himalaya op de Gonggar Fluchhafen 🛬 am Tibet བོད་ལྗོངས། gaangen. Um Fluch hu mer ee groussen Deel vun der Himalaya Biergkette 🏔 gesinn aus därer de Chomolungma erausgestach huet. Dono ass et iwwert dem tibeeteschen Héichplateau dem Yarlung Tsangpo Floss nogaangen.Read more

  • Lhasa

    May 2, 1995 in China ⋅ ☁️ 21 °C

    Vum Fluchhafen Gonggar si mer op Lhasa gefuer, wou mer am Banak Shol Hotel 🛎 gewunnt hunn, néng Joer nodeems ech zesummen mam Vito eng éischte Kéier do iwwernuecht hunn. Soss hat sech awer scho vill am Stadbild negativ geännert. Zu Lhasa op iwwer 3600m hu mer eis emol fir d'éischt missten akklimatiséieren.Read more

  • Barkhor Bazar

    May 3, 1995 in China ⋅ 🌙 10 °C

    No enger éischter ustrengender Nuecht an der Héicht, hu mer Bekanntschaft mam Tashi Tsering gemaach. Hien war eise lokale Guide fir eise kompletten Tour duerch den Tibet. Hien war eng aussergewéinlech Perséinlechkeet, därer hiert Wësse mer ganz vill geschat hunn. Mat him si mer Mueres op de Barkhor Bazar gaangen dee ronderëm de Jokhang Tempel 🛕, de buddistesch reliéisen Zentrum vu Lhasa  verleeft.Read more

  • Potala

    May 4, 1995 in China ⋅ 🌙 11 °C

    Haut si mer fir d'éischt de gewaltege Potala Palast besiche gaangen. De Wee vum Hotel bis dohin an de Wee erop hunn erëm zur Akklimatisatioun bäigedroen. De Potale war dem Dalai Lama seng Wanterresidenz ier hien op Dharamsala an Indien 🇮🇳 geflücht ass.Read more

  • Drepung Klouschter

    May 4, 1995 in China ⋅ ☁️ 18 °C

    Nomëttes si mer ë bëssen ausserhalb vu Lhasa den Drepung Klouschter besiche gaangen. Virum Afall vun de Chinesen🪖🔫 hunn an dësem Klouschter 8000 buddhistesch Mönchen gelieft, haut sinn et der nach knapps 200, déi vun de Chinesen erausgesicht gi sinn, fir Kuliss vum Klouschter ze fëllen.Read more

  • Lhasa - Gyantse Kamba La Pass 4794m

    May 5, 1995 in China ⋅ 🌙 -2 °C

    Mueres hu mer eis zesumme mam Tashi op de laangen Wee op Shigatse gemaach. Aus Lhasa eraus stounge mer emol fir d'éischt an engem Stau😯. Déi éischt Etapp vun der Route huet eis op de Kamba La Pass ⛰ op 4794m gefouert, wou ee gudd gespuert huet dass mer iwwert 1000m méi héich wéi zu Lhasa waren an Loft erëm dënn ginn ass. Ëmmer erëm hu mer Stroossenaarbechterkolonnen begéint, déi hirer schwéierer Aarbecht nogaange sinn.Read more

  • Tashilhunpo Klouschter

    May 6, 1995 in China ⋅ ☁️ 17 °C

    Zu Shigatse hu mer den Tashilhunpo Klouschter besicht. Dat ass de Sëtz vum Panchen Lama der zweethéchster reliéiser Autoritéit am Tibet 🕉, den an der Reinkarnatioun vun Haut vun de chineeseschen Okkupante 🇨🇳🪖 bestëmmt gouf.Read more

  • Sakya Klouschter

    May 7, 1995 in China ⋅ 🌙 10 °C

    Déi éischt Etapp huet eis op Sakya gefouert. De Sakya Klouschter ass ee vun den Haaptklouschter am Tibet. Niewt , Nyingma, Kagyü  a Gelug Schoulen ass Sakya déi véiert grouss Schoul vum tibeeteschen Buddhismus 🕉 a ganz bekannt fir seng eenzegaarteg Bibliothéik 📖.Read more

  • Chay - Trek 1. Dag

    May 8, 1995 in China ⋅ 🌙 8 °C

    Kuerz no eis ass och d'Ekipp vu Sherpa Society mat hirem Leader Pasang Sherpa zu Chay agetraff. Material, Zelter⛺️,Kichen, Liewensmëttel 🍜🍚🍳 a weideres ass vum Camion op Yaken ëmgelueden ginn an dunn ass et och gläich op déi Dagesetapp vun eisem Trek gaangen.Read more

  • Trek 2. Dag

    May 9, 1995 in China ⋅ ☁️ 6 °C

    Um zweeten Dag vum Trek 🚶🏻‍♂️🎒, an enger impressionanter kontemplativer Landschaft 🧎🏻‍♂️, hu mer fir d'éischte Kéier konnten ee Bléck op de Chomolungma 🏔 geheien, den dunn nach 80km wäit ewech war.

  • Trek 3. Dag

    May 10, 1995 in China ⋅ ☁️ 11 °C

    Och den Dag dono ass et nach duerch eng ofwiesslungsräich Landschaft gaangen an därer déi tibeetesch Landsleit op iwwert 4000m Landwirtschaft bedreiwen🌾.