Depart den 29. Abrëll 1995
29. huhtikuuta 1995, Saksa ⋅ 🌙 17 °C
No Woche vu physescher Virbereedung hunn de John, Jürgen, Lex an ech eis op de Wee gemaach vum Findel iwwert Frankfurt an Dehli op Kathmandu ze fléien.
Kathmandu
30. huhtikuuta 1995, Nepal ⋅ ☁️ 31 °C
Den anere Muere sinn mer an der Nepalesescher Haaptstad zu Kathmandu 🇳🇵 ukomm, wou mer eis mat der Agence Sherpa Society getraff hunn, mat deenen mer eisen Trek am Tibet organiséiert hunn.
Kathmandu
30. huhtikuuta 1995, Nepal ⋅ ☁️ 33 °C
Un der Offallwirtschaft zu Kathmandu huet sech an de vergaangene siwe Joer näischt geännert 🤢
Bodnath Stupa
1. toukokuuta 1995, Nepal ⋅ 🌙 32 °C
Den zweeten Dag zu Kathmandu si mer Mueres de buddhistesche Bodnath Stupa 🕉 👁👁 besiche gaangen, ëm deen eng grouss tibeetesch Exilcommunautéit lieft.
Swayambhunath Stupa
1. toukokuuta 1995, Nepal ⋅ ☁️ 34 °C
An Nomëttes si bei dat zweet wichtegt reliéist Bauwierk, de Swayambhunath Stupa 🕉, eropgeklommen, fir de Pilgeren nozekucken an Atmosphär op eis wierken ze loossen.
Kathmandu - Gonggar Airport བོད་ལྗོངས།
2. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ ☁️ 15 °C
Den 2. Mee ass et du mat China Southwest Airlines 🛫 vu Kathmandu iwwert den Himalaya op de Gonggar Fluchhafen 🛬 am Tibet བོད་ལྗོངས། gaangen. Um Fluch hu mer eeLue lisää
Lhasa
2. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ ☁️ 21 °C
Vum Fluchhafen Gonggar si mer op Lhasa gefuer, wou mer am Banak Shol Hotel 🛎 gewunnt hunn, néng Joer nodeems ech zesummen mam Vito eng éischte Kéier do iwwernuecht hunn. Soss hat sechLue lisää
Barkhor Bazar
3. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ 🌙 10 °C
No enger éischter ustrengender Nuecht an der Héicht, hu mer Bekanntschaft mam Tashi Tsering gemaach. Hien war eise lokale Guide fir eise kompletten Tour duerch den Tibet. Hien war engLue lisää
Jokhang Tempel
3. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ ☁️ 20 °C
Mer hunn dovu profitéiert fir de Jokhang Tempel ze besichen an déi besonnesch Atmosphär opzesuckelen.🕉
Potala
4. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ 🌙 11 °C
Haut si mer fir d'éischt de gewaltege Potala Palast besiche gaangen. De Wee vum Hotel bis dohin an de Wee erop hunn erëm zur Akklimatisatioun bäigedroen. De Potale war dem Dalai Lama sengLue lisää
Drepung Klouschter
4. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ ☁️ 18 °C
Nomëttes si mer ë bëssen ausserhalb vu Lhasa den Drepung Klouschter besiche gaangen. Virum Afall vun de Chinesen🪖🔫 hunn an dësem Klouschter 8000 buddhistesch Mönchen gelieft, hautLue lisää
Lhasa - Gyantse Kamba La Pass 4794m
5. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ 🌙 -2 °C
Mueres hu mer eis zesumme mam Tashi op de laangen Wee op Shigatse gemaach. Aus Lhasa eraus stounge mer emol fir d'éischt an engem Stau😯. Déi éischt Etapp vun der Route huet eis opLue lisää
Lhasa - Gyantse Yamdrok Tzo 4447m
5. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ ☁️ 1 °C
Vum Kamba La Pass ass et erof bei de Yamdrok Tzo Séi 🌊 op 4447m gaangen an du weider a Richtung Gyantse.
Gyantse Kumbum 3950m
5. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ 🌧 13 °C
Zu Gyantse op 3950m si mer eis natirlech de berümten Kumbum Stupa 🕉 ukucke gaangen.
Gyantse - Shigatse 3900m
6. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ 🌙 5 °C
Den Dag drop ass et weider gaangen op Shigatse. Un Héicht hate mer an der Zwëschenzäit gewinnt.
Tashilhunpo Klouschter
6. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ ☁️ 17 °C
Zu Shigatse hu mer den Tashilhunpo Klouschter besicht. Dat ass de Sëtz vum Panchen Lama der zweethéchster reliéiser Autoritéit am Tibet 🕉, den an der Reinkarnatioun vun Haut vunLue lisää
Shigatse - Sakya Klouschter 4300m
7. toukokuuta 1995, Kiina
Haut ass et an Etappe vu Shigatse op Shegar gaangen. No enger Kontroll vum Landcruiser hu mer eis op de Wee gemaach iwwert de wäiten tibeeteschen Héichplateau. Ee Platten ass natierlechLue lisää
Sakya Klouschter
7. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ 🌙 10 °C
Déi éischt Etapp huet eis op Sakya gefouert. De Sakya Klouschter ass ee vun den Haaptklouschter am Tibet. Niewt , Nyingma, Kagyü a Gelug Schoulen ass Sakya déi véiert grouss SchoulLue lisää
Sakya - Shegar 4300
7. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ ☁️ 11 °C
Déi zweet Etapp ass vu Sakya iwwert de 5220m héijen Lhakpa La Pass 🏔, den héchste Stroossepass am Tibet, op Shegar gaangen.
Shegar - Chay 4400m
8. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ 🌙 0 °C
Haut ass et vu Shegar an dat klengt Dierfche Chay gaange vu wou aus eisen Trek bei de Chomolungma sollt starten.
Chay - Trek 1. Dag
8. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ 🌙 8 °C
Kuerz no eis ass och d'Ekipp vu Sherpa Society mat hirem Leader Pasang Sherpa zu Chay agetraff. Material, Zelter⛺️,Kichen, Liewensmëttel 🍜🍚🍳 a weideres ass vum Camion opLue lisää
Trek 2. Dag
9. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ ☁️ 6 °C
Um zweeten Dag vum Trek 🚶🏻♂️🎒, an enger impressionanter kontemplativer Landschaft 🧎🏻♂️, hu mer fir d'éischte Kéier konnten ee Bléck op de Chomolungma 🏔 geheien, den dunn nach 80km wäit ewech war.
Trek 3. Dag
10. toukokuuta 1995, Kiina ⋅ ☁️ 11 °C
Och den Dag dono ass et nach duerch eng ofwiesslungsräich Landschaft gaangen an därer déi tibeetesch Landsleit op iwwert 4000m Landwirtschaft bedreiwen🌾.
Trek 4. - 5. Dag
11.–13. toukok. 1995, Kiina ⋅ 🌙 14 °C
Zu Fouss ënnerwee am Tibet 🚶🏻♂️
Trek 6. - 7. Dag
13.–15. toukok. 1995, Kiina ⋅ 🌙 15 °C
Loft gëtt ëmmer méi dënn🥵, awer et gouf vum Wieder profitéiert fir dass een sech emol eng Kéier konnt wäschen 🛀






































































































































































































































