• HOPA
  • HOPA

Everest Trek - Nepal & Indien

Den 26. November 1988 ass et mam Fränk, Vito an Romain op den éischten Trek an den Nepal gaangen. Mer wollten den 5545m héijen Kala Pattar (schwaarzen Hiwwel) um Fouss vum Sagarmatha (Mt. Everest) erreechen. Read more
  • Trip start
    November 26, 1988
  • New Delhi - Kathmandu

    November 27, 1988 in India ⋅ 🌙 20 °C

    Wéi meeschtens bei Air India hat den Fluch Frankfurt-Delhi ✈️ vill Verspéidung an mer hunn Mueres zu Delhi eisen Uschloss mat Royal Nepal Airlines op Kathmandu verpasst. No villem lautstaarkem Gestreits hunn mer eisen Ticket ëmgebucht krut op een Indian Airlines Fluch awer just well den och schonn erëm esou vill Verspéidung hat, dass mer nach mat drop komm sinn. Mer haten eis éischt impressionant Vue op den Himalaya 🏔.Read more

  • Kathmandu Thamel

    November 27, 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 21 °C

    Et war meng zweeten Kéier zu Kathmandu🇳🇵dat 1400m héich läit. Nom Anchecken am Hotel, sinn mer fir d'éischt bei den Immigration Office gaangen fir eisen Trekking Permit unzefroen an dono sinn mer duerch den Thamel Quartier getrëppelt an hunn eis Kathmandu ugekuckt.Read more

  • Kathmandu - Jiri

    November 30, 1988 in Nepal ⋅ 🌙 15 °C

    Den 30. November hunn mer eis mat engem Taxi 🚕 op den Wee op Jiri gemaach, wou eisen Trek ufänken sollt. Schonn dës éischt Etapp war eng Aventure fir sech. Eng Strooss konnt een dat net nennen, iwwert wat mer gefuer sinn. Mer sinn am Taxi agestëpst ginn, haten e puer Mol een Platten, dann erëm een improviséierten Chantier an sinn dofir awer mat super Vuen, ënner anerem op den 7134m héijen Gaurishankar, entschiedegt ginn.Read more

  • Jiri - Shivalaya 1800m

    December 1, 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 19 °C

    Den 1. Dezember ass et endlech lass gaangen mat trekken 🥾🥾. Vun Jiri 1900m ass et op een Pass vun 2400m eropgaangen an vun do erëm erof op Shivalaya op 1800m. Dofir waren mer schonn bal 4 Stonnen ënnerwee. Et war eréischt Hallschent vun eiser Etapp an mer haten schonn mat Bloderen ze kämpfen 😬.Read more

  • Shivalaya - Bandar 2200m

    December 1, 1988 in Nepal ⋅ ☀️ 16 °C

    Vun Shivalaya ass et vun 1800m estrem ustrengend op den zweeten Pass 🏔 vum Dag op 2700m eropgaangen an vun do erof op Bhandar op 2200m, wou mer no bal 9 Stonnen mat den Schong voller Féiss an den Féiss voller Bloderen an futtissen Schëlleren ukomm sinn.Read more

  • Bhandar - Kenja 1600m

    December 2, 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 21 °C

    Lädéiert wéi mer waren 🦶🏼, waren mer frou dass den nächsten méi eng kuerz an liicht Etapp vun Bhandar 2200m op Kenja op 1600m um Programm stoung, wou mer eis no der Arrivée konnten ë bëssen pléischteren, wäschen an erhuelen 😎. An wéinst der Schwieregkeet vum Dag drop, hunn mer zwee Porteuren fir eis Rucksäck engagéiert, den Haribadu an den Hariram.Read more

  • Kenja - Junbesi 2675m

    December 3, 1988 in Nepal ⋅ 🌙 11 °C

    Fir haut war erëm een een Gewaltmarsch ugesot 🥵. Vun Kenja op 1600m ass et bal 2000 Héichtemeter erop op den Lamjura Pass op 3530m fir dann erëm erof op Junbesi op 2675m ze goen. Och ouni Rucksak hunn mer et schwéier empfonnt, déi 5 Stonnen erop op ze goen. Ënnerwee hunn mer glécklecherweis ëmmer erëm konnten Pausen maachen fir eis ze resucréieren. Den Vito war dësen Dag net frou 😬.An den Haribadu an den Hariram hunn zu zwee eis 4 Rucksäck an hiert Gepäck gedroen 😳.Read more

  • Junbesi - Ringmo Cheese Factory 3000m

    December 3, 1988 in Nepal ⋅ 🌙 12 °C

    Haut hätt et sollten vun Junbesi an eng kleng Usiidlung 100m ënnert dem Tragsindho Pass op 3071m goen. Den Fränk an ech waren dësen Dag ë bëssen méi wäit am Viraus ënnerwee. Mer haten déi éischt Vuen op den Mt. Everest. Laanscht Ringmo Cheese Factory ass et op den Tragsindho La gaangen an dunn erof an Dierfchen. Lodge an déi mer wollten war esou een Knaschtlach, dass mer zu zwee decidéiert haten erëm erop an Cheese Factory ze goen fir do ze schlofen. Wéi den Vito eis dunn entgéint koum, war hien alles aneschtes wéi frou iwwert dës Decisioun an hien huet gekacht 😨.Read more

  • Ringmo Cheese Factory - Khari Kola 2000m

    December 5, 1988 in Nepal ⋅ 🌧 15 °C

    Vun der Ringmo Cheese Factory ass et den nächsten Mueren nach eng Kéier op den Tragsindho La 3071m gaangen. Dem Romain war et schlecht hien hat Duerchfall an huet sech iwwerginn, dat huet een Hond den hannendrun geschlach ass, fir sech konnten verwäerten 🤢. An dunn stoungen mer iwwert den Wolleken, déi am Dall louchen, wou mer sollten higoen fir op Kkari Kola ze kommen.Read more

  • Surkhe - Phakding 2550m

    December 7, 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 13 °C

    Um siwenten Dag vun eisem Trek sinn mer, nodeems mer Lukla passéiert haten, wou déi meescht hiren Everest Trek eréischt ufänken, kuerz virun Phakding an den Sagarmatha National Park erakomm 👏🏼. Eisen Trekking Permit ass kontrolléiert ginn an mer hunn an enger Lodge iwwernuecht an dem ech den beschten Dal Bat giess hunn un den ech mech erënneren kann. Den Romain hat decidéiert zu Lukla opzehalen an ze probéieren een Fliger fir op Kathmandu ze kréien an dono heem ze fléien.Read more

  • Namche Bazaar

    December 9, 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 10 °C

    Mer hunn dräi Nuechten zu Namche Bazaar verbruecht fir eis ze akklimatiséieren. Am Dag hunn mer Excursiounen méi héich erop gemaach an sinn dono erëm op Namche erof komm. Dat huet eis gehollef eis un Héicht ze gewinnen. Mer haten dobäi 🔝-Vuen op Ama Damblam 6814m, Lhotse 8516m, an Everest 8849 😎Read more

  • Tengboche

    December 11, 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 5 °C

    Den Tengboche Klouschter op 3860m läit op engem klengen Plateau mat enger iwwerwältegender Vue op den Khumbu Dall an den Ama Dablam engem vun den schéinsten Bierger am ganzen Himalaya 🤩🏔.

  • Tengboche - Pheriche 4371m

    December 12, 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 6 °C

    Weider ass et gaangen vun Tengboche op Pheriche an enger Landschaft déi engem physesch an psychesch ëmmer méi ofverlaangt huet 😨. An dobäi hunn mer net missten iwwert eis Grenzen erausgoen, well mer nach ëmmer den Hariram an den Haribadu bei eis haten, déi am Fong just wollten mat bis op Namche Bazaar goen. Et war déi éischte Kéier fir si, dass si méi wäit wéi Namche Bazaar gaangen sinn.Read more

  • Pheriche

    December 13, 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 4 °C

    Sécherheetshallwer haten mer zu Pheriche nach een Akklimatisatiounsdag ageplangt. Mer sinn zwar just annerhallef Stonn erausgaangen, well mer déi stengeg Landschaft net erdroen hunn an well warscheinlech och d'Uspanung esou kuerz virum Zil geklommen ass. Mer hunn den Rescht vum Dag an eiser gudder Lodge mat vill Téi drénken an raschten verbruecht.Read more