Training
1. September 1988 in Luxemburg ⋅ ☁️ 15 °C
Nodeems mer eis Trekkingroute mam Stephen Bezruchka sengem Klassiker "A Guide to Trekking in Nepal" geplangt hunn, hunn mer geduecht, dass et sënnvoll wär, sech ë bëssen op déi Aventure virzebereeden.
26.11.1988
26. November 1988 in Luxemburg ⋅ ☁️ 1 °C
Den 26.11.1988 ass et dunn vum Findel iwwert Frankfurt🇩🇪 op New Delhi 🇮🇳 gaangen 🛫.
New Delhi - Kathmandu
27. November 1988 in Indien ⋅ 🌙 20 °C
Wéi meeschtens bei Air India hat den Fluch Frankfurt-Delhi ✈️ vill Verspéidung an mer hunn Mueres zu Delhi eisen Uschloss mat Royal Nepal Airlines op Kathmandu verpasst. No villem lautstaarkemWeiterlesen
Kathmandu Thamel
27. November 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 21 °C
Et war meng zweeten Kéier zu Kathmandu🇳🇵dat 1400m héich läit. Nom Anchecken am Hotel, sinn mer fir d'éischt bei den Immigration Office gaangen fir eisen Trekking Permit unzefroen an donoWeiterlesen
Kathmandu - Pashupatinath Tempel
28. November 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 17 °C
Haut hunn mer genotzt fir fir d'éischt den Tempel Pashupatinah ze besichen. Dat ass den Haapthindutempel zu Kathmandu um Ufer vum Bagmati Floss. Hei fannen och d'Anäscherungszeremonien statt 😔.
Kathmandu - Bodnath Stupa
28. November 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 20 °C
Nom hinduisteschen Tempel sinn mer den buddhisteschen Bodnath Stupa kucken gaangen, ëm dem sech eng Kolonie vun tibeeteschen Flüchtlingen ugesidelt huet, déi do hir Gebieder verriichten anWeiterlesen
Bhaktapur
29. November 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 19 °C
Den nächsten Dag sinn mer eis déi al Kinneksstad Bhaktapur 👑 op 1340m ukucken gaangen, déi méi een ländlechen Charakter hat wéi Kathmandu.
Kathmandu - Jiri
30. November 1988 in Nepal ⋅ 🌙 15 °C
Den 30. November hunn mer eis mat engem Taxi 🚕 op den Wee op Jiri gemaach, wou eisen Trek ufänken sollt. Schonn dës éischt Etapp war eng Aventure fir sech. Eng Strooss konnt een dat net nennen,Weiterlesen
Jiri 1900m
30. November 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 14 °C
Jiri läit op 1900m.
Jiri - Shivalaya 1800m
1. Dezember 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 19 °C
Den 1. Dezember ass et endlech lass gaangen mat trekken 🥾🥾. Vun Jiri 1900m ass et op een Pass vun 2400m eropgaangen an vun do erëm erof op Shivalaya op 1800m. Dofir waren mer schonn bal 4Weiterlesen
Shivalaya - Bandar 2200m
1. Dezember 1988 in Nepal ⋅ ☀️ 16 °C
Vun Shivalaya ass et vun 1800m estrem ustrengend op den zweeten Pass 🏔 vum Dag op 2700m eropgaangen an vun do erof op Bhandar op 2200m, wou mer no bal 9 Stonnen mat den Schong voller Féiss an denWeiterlesen
Bhandar - Kenja 1600m
2. Dezember 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 21 °C
Lädéiert wéi mer waren 🦶🏼, waren mer frou dass den nächsten méi eng kuerz an liicht Etapp vun Bhandar 2200m op Kenja op 1600m um Programm stoung, wou mer eis no der Arrivée konnten ëWeiterlesen
Kenja - Junbesi 2675m
3. Dezember 1988 in Nepal ⋅ 🌙 11 °C
Fir haut war erëm een een Gewaltmarsch ugesot 🥵. Vun Kenja op 1600m ass et bal 2000 Héichtemeter erop op den Lamjura Pass op 3530m fir dann erëm erof op Junbesi op 2675m ze goen. Och ouniWeiterlesen
Junbesi - Ringmo Cheese Factory 3000m
3. Dezember 1988 in Nepal ⋅ 🌙 12 °C
Haut hätt et sollten vun Junbesi an eng kleng Usiidlung 100m ënnert dem Tragsindho Pass op 3071m goen. Den Fränk an ech waren dësen Dag ë bëssen méi wäit am Viraus ënnerwee. Mer haten déiWeiterlesen
Ringmo Cheese Factory - Khari Kola 2000m
5. Dezember 1988 in Nepal ⋅ 🌧 15 °C
Vun der Ringmo Cheese Factory ass et den nächsten Mueren nach eng Kéier op den Tragsindho La 3071m gaangen. Dem Romain war et schlecht hien hat Duerchfall an huet sech iwwerginn, dat huet een HondWeiterlesen
Khari Kola - Surkhe 2300
6. Dezember 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 16 °C
Den nächsten Mueren zu Khari Kola war ech net an Form 🥵 an ech hunn mech den Dag erduerch an der Fiichtegkeet op Surkhe geschleeft, wou mer an engem Lach iwwernuecht hunn, wou Mais ronderëm eisWeiterlesen
Surkhe - Phakding 2550m
7. Dezember 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 13 °C
Um siwenten Dag vun eisem Trek sinn mer, nodeems mer Lukla passéiert haten, wou déi meescht hiren Everest Trek eréischt ufänken, kuerz virun Phakding an den Sagarmatha National Park erakommWeiterlesen
Phakding - Namche Bazaar 3440m
8. Dezember 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 5 °C
Haut stoung den Opstiig an Provënzhaaptstad Namch Bazaar um Programm. Am Trekking Guide gouf et als een schwieregen an ustrengenden Opstiig beschriwwen. Mer haten den awer gutt bewältegt krout 💪🏼.
Namche Bazaar
9. Dezember 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 10 °C
Mer hunn dräi Nuechten zu Namche Bazaar verbruecht fir eis ze akklimatiséieren. Am Dag hunn mer Excursiounen méi héich erop gemaach an sinn dono erëm op Namche erof komm. Dat huet eis gehollefWeiterlesen
Namche Bazaar Samschdes Maart 1
10. Dezember 1988 in Nepal ⋅ 🌙 8 °C
Mer haten Chance kënnen Samschdes zu Namche ze sinn, well dann ëmmer Maart ass an Leit aus dem ganzen Khumbu Valley dohin kommen fir hir Produiten ze verkafen oder géint anerer ze tauschen.
Namche Bazaar Samschdes Maart 2
10. Dezember 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 10 °C
Et war immens flott den Dag kënnen mat ze erliewen 😊. An den Romain ass erëm bei eis gestouss. Well hien fir méi laang zu Lukla hänken bliwwen wier, hat en decidéiert awer weider ze goen.
Namche Bazaar - Tengboche 3860m
11. Dezember 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 7 °C
No der Akklimatisatioun ass et weider erop gaangen op Tengboche mat sengem buddhisteschen Klouschter. Vuen, och op den Wee den mer zeréck geluecht hunn sinn ëmmer méi spektakulär ginn 🤗.
Tengboche
11. Dezember 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 5 °C
Den Tengboche Klouschter op 3860m läit op engem klengen Plateau mat enger iwwerwältegender Vue op den Khumbu Dall an den Ama Dablam engem vun den schéinsten Bierger am ganzen Himalaya 🤩🏔.
Tengboche - Pheriche 4371m
12. Dezember 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 6 °C
Weider ass et gaangen vun Tengboche op Pheriche an enger Landschaft déi engem physesch an psychesch ëmmer méi ofverlaangt huet 😨. An dobäi hunn mer net missten iwwert eis Grenzen erausgoen,Weiterlesen
Pheriche
13. Dezember 1988 in Nepal ⋅ ☁️ 4 °C
Sécherheetshallwer haten mer zu Pheriche nach een Akklimatisatiounsdag ageplangt. Mer sinn zwar just annerhallef Stonn erausgaangen, well mer déi stengeg Landschaft net erdroen hunn an wellWeiterlesen



















































































































































































