Findel
December 8, 1989 in Luxembourg ⋅ ☀️ -1 °C
Mer sinn Owes vum Findel op Amsterdam Schiphol geflunn.
Amsterdam Schiphol
December 8, 1989 in the Netherlands ⋅ ☁️ 5 °C
Déi éischt Nuecht hunn mer zu Amsterdam 🇳🇱 um Fluchhafen verbruecht. Mer waren nach jonk an hunn dat gepackt.
Amsterdam Schiphol/Colombo/Mt. Lavinia
December 9, 1989 in Sri Lanka ⋅ ☁️ 28 °C
Den nächsten Dag ass et vun Amsterdam iwwert Jeddah an Saudi-Arabien 🇸🇦 op Colombo 🇱🇰 gaangen ✈️, vun wou aus mer op Plage 🏝😎 vun Mt. Lavinia gefuer sinn.
Mt. Lavinia
December 10, 1989 in Sri Lanka ⋅ ☁️ 29 °C
Mer hunn eis haut op der Plage vun der ustrengender Rees erholl 😴🏝☀️ an hunn zu Colombo eisen singhaleseschen Chauffeur Milroy Peirsis kennegeléiert.
Mt. Lavinia - Anuradhapura
December 11, 1989 in Sri Lanka ⋅ ☁️ 29 °C
Den nächsten Dag ass et dunn lassgaangen mat eisem Roadtrip 🚗 duerch Sri Lanka. Mer sinn vun Mt. Lavinia Richtung Norden op Anuradhapura gaangen, dobäi hunn mer missen sëllegenRead more
Anuradhapura 1
December 12, 1989 in Sri Lanka ⋅ 🌧 28 °C
Anuradhapura war vum 4 Joerhonnert virun Christus fir 1300 Joer den Zentrum vun villen singhaleseschen Kinneksdynastien an déi éischt Haaptstad vun Sri Lanka.
Anuradhapura 2
December 12, 1989 in Sri Lanka ⋅ ☁️ 27 °C
Den Sri Mahabodhi Bam ass fir Singahlesen eng Haaptattraktioun, en soll am 3. Joerhonnert virun Christus vun engem Ofleeër vun dem Bam ënnert dem den Gautama Buddha an Nordindien meditéiert huetRead more
Mihintale
December 13, 1989 in Sri Lanka ⋅ ☁️ 26 °C
Um Wee vun Anuradhapura op Polonnaruwa sinn mer den Klouschter vun Mihintale kucken gaangen. Mer sinn och do wéi iwwerall gefrot ginn "what is your country" an wéi mer engem Singhales "Luxembourg"Read more
Polonnaruwa
December 13, 1989 in Sri Lanka ⋅ 🌙 27 °C
Ënnerwee op Polonnaruwa
Polonnaruwa
December 14, 1989 in Sri Lanka ⋅ 🌧 27 °C
No Arunadhapura war Polonnaruwa déi zweeten Haaptstad vun Sri Lanka. Den archeologeschen Park vun Polonnaruwa mat villen Tempelen, Dagobaën an Buddhafiguren gehéiert zu den UNESCO Weltkultursitten.
Sigiriya
December 14, 1989 in Sri Lanka ⋅ ☁️ 27 °C
Vun Polonnaruwa sinn mer op Sigiriya gefuer fir dem Kinnek Kassapa, den säin Papp ëmbruecht hat fir Kinnek ze ginn. Fir sech selwer virun sengem Hallefbrudder Moggallana, den den rechtméissegenRead more
Dambulla
December 14, 1989 in Sri Lanka ⋅ 🌧 26 °C
Vun Sigiriya sinn mer bei den Héilentempel op Dambulla gefuer Wou mer iwernuecht hunn.
Kandy
December 15, 1989 in Sri Lanka ⋅ ☁️ 23 °C
Vun Dambulla aus si mer op Kandy gefuer am zentralen Héichland vu Sri Lanka mam berüümten Tempel wou een Zant vum Buddha als Relikt versuergt gëtt 🦷😇.
Kandy Spice Garden
December 16, 1989 in Sri Lanka ⋅ ☁️ 23 °C
Haut stoung de Besuch vum Kandy Spice Garden um Programm, wou mer Kakao, Muskot, Kaffi, Peffer, Ananas, Neelcheskäpp an nach vill aner Gewürzplanzen konnten entdecken an och schmaachen.
Kandy Royal Botanical Gardens
December 17, 1989 in Sri Lanka ⋅ 🌧 23 °C
Den Dag haut hu mer an der relaxer an erfrëschender Atmosphär vun de Royal Botanic Gardens verbruecht 🌺🌳🌴.
Hellbodde Estate
December 18, 1989 in Sri Lanka ⋅ 🌧 20 °C
Haut ass et duerch zentraalt Héichland vu Kandy op Hellbodde Estate gaangen. Et ass eng riseg Téiplantage an eise Chauffeur huet de Manager kannt, esou dass mer e puer Deeg do konnte verbréngen.
Hellbodde Estate
December 18, 1989 in Luxembourg ⋅ 🌧 10 °C
Nodeems mer ukomm sinn hu mer eis dat wonnerschéint Uwiesen mat de Plantagen ugekuckt 🤩😎 a konnte Pléckerinnen bei hirer schwéierer Aarbecht beobachten😰.
World's End - Nuwara Eliya - Nanuoya
December 19, 1989 in Sri Lanka ⋅ 🌧 18 °C
Haut sollte mer een Ausfluch bei World's End maachen een Héichplateau de vun engem Moment op den aneren 1000m senkrecht offält. Leider war esou vill Niwwel dass de Milroy de Wee dohinner netRead more
Hellbodde Estate
Dec 20–23, 1989 in Sri Lanka ⋅ ☁️ 19 °C
Déi nächst 3 Deeg hu mer missen op der Téiplantage bleiwen, well de Roger an de Jürgen richteg krank waren 🤢. De Fränk an ech mer hu relaxéiert 🤙, gelies an nach e puer Tier duerch Plantagë gemaach.
Adam's Peak
December 24, 1989 in Sri Lanka ⋅ ☁️ 11 °C
Den 23.12. nodeems de Roger an de Jürgen sech erholl haten, si mer vun der Hellbodde Estate bei den Adam's Peak gefuer, de mer an der Nuecht an engem 6 Stonne Marsch iwwert 5200Read more
Unawatuna
December 24, 1989 in Sri Lanka ⋅ ☁️ 26 °C
No annerhallwer Stonn ware mer schonn erëm vum Adam's Peak erof a sinn duerch Héichland erof op Unawatuna op Plage gefuer 🏝😎.
Unawatuna
Dec 25–29, 1989 in Sri Lanka ⋅ ☁️ 26 °C
Déi nächst véier Deeg hu mer eis et op der Rumassala Beach zu Unawatuna gudd go gelooss a vill vun der Plage 🏝, vum Mier 🌊 🤿 a vum gudden Iesse 🥥🥭🍍🍤🎣profitéiert.
Colombo
December 29, 1989 in Sri Lanka ⋅ 🌧 27 °C
Den 29.12. hu mer misse fir eng Nuecht op Colombo, well et den Dag drop Mueres fréi vun do mam Fliger op Malé op Maediven gaangen ass.
Malé Malediven
December 30, 1989 on the Maldives ⋅ ☁️ 27 °C
Mat Air Lanka ✈️ ass et vu Colombo op Malé op Maldiven gaangen, wat guer net geplangt war. Wéi mer ukomm sinn hu mer emol missen eng passend Iwwernuechtungsméiglechkeet op enger vun deRead more
Meeru Resort
Dec 31–Jan 6, 1990 on the Maldives ⋅ ☁️ 27 °C
Eise Choix ass op de Meeru Resort op der Insel Meeru Fenfushi gefall. Eng kleng paradisesch Insel 🏝 déi mer a knapp enger Stonn ëmrennt hunn a wou mer eis et 6 Deeg dekadent gutt goe gelooss hunn😎 😇.

































































































































































































