• HOPA
  • HOPA

Sri Lanka & Maledives

Dezember 1989 hunn den Fränk, Roger, Jürgen an ech een Trip op Sri Lanka gemaach. Trotz den Spannungen tëschent singhalesescher Majoritéit an tamilescher Minoritéit war et eng wonnerschéin Rees. Joer 1990 hunn mer op den Malediven ugefaangen. Leer más
  • Inicio del viaje
    8 de diciembre de 1989
  • Mt. Lavinia

    10 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ ☁️ 29 °C

    Mer hunn eis haut op der Plage vun der ustrengender Rees erholl 😴🏝☀️ an hunn zu Colombo eisen singhaleseschen Chauffeur Milroy Peirsis kennegeléiert.

  • Anuradhapura 1

    12 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ 🌧 28 °C

    Anuradhapura war vum 4 Joerhonnert virun Christus fir 1300 Joer den Zentrum vun villen singhaleseschen Kinneksdynastien an déi éischt Haaptstad vun Sri Lanka.

  • Anuradhapura 2

    12 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ ☁️ 27 °C

    Den Sri Mahabodhi Bam ass fir Singahlesen eng Haaptattraktioun, en soll am 3. Joerhonnert virun Christus vun engem Ofleeër vun dem Bam ënnert dem den Gautama Buddha an Nordindien meditéiert huet geplanzt ginn sinn.Leer más

  • Mihintale

    13 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ ☁️ 26 °C

    Um Wee vun Anuradhapura op Polonnaruwa sinn mer den Klouschter vun Mihintale kucken gaangen. Mer sinn och do wéi iwwerall gefrot ginn "what is your country" an wéi mer engem Singhales "Luxembourg" geäntwert hunn, huet hien "Moien" gesot an mer hunn gestaunt 😳. Hien huet e puer Joer zu Iechternach gelieft. Mihintale ass eent vun den eelsten buddhisteschen Kléischter op Sri Lanka.Leer más

  • Polonnaruwa

    14 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ 🌧 27 °C

    No Arunadhapura war Polonnaruwa déi zweeten Haaptstad vun Sri Lanka. Den archeologeschen Park vun Polonnaruwa mat villen Tempelen, Dagobaën an Buddhafiguren gehéiert zu den UNESCO Weltkultursitten.

  • Sigiriya

    14 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ ☁️ 27 °C

    Vun Polonnaruwa sinn mer op Sigiriya gefuer fir dem Kinnek Kassapa, den säin Papp ëmbruecht hat fir Kinnek ze ginn. Fir sech selwer virun sengem Hallefbrudder Moggallana, den den rechtméissegen Trounfollger gewiescht wär, ze schützen huet hien sech um Léiwenfielsen zu Sigiriya niddergelooss. Sigiriya ass bekannt fir seng Fresken vun den Wollekemeedecher.Leer más

  • Kandy

    15 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ ☁️ 23 °C

    Vun Dambulla aus si mer op Kandy gefuer am zentralen Héichland vu Sri Lanka mam berüümten Tempel wou een Zant vum Buddha als Relikt versuergt gëtt 🦷😇.

  • Kandy Spice Garden

    16 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ ☁️ 23 °C

    Haut stoung de Besuch vum Kandy Spice Garden um Programm, wou mer Kakao, Muskot, Kaffi, Peffer, Ananas, Neelcheskäpp an nach vill aner Gewürzplanzen konnten entdecken an och schmaachen.

  • Hellbodde Estate

    18 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ 🌧 20 °C

    Haut ass et duerch zentraalt Héichland vu Kandy op Hellbodde Estate gaangen. Et ass eng riseg Téiplantage an eise Chauffeur huet de Manager kannt, esou dass mer e puer Deeg do konnte verbréngen.

  • Hellbodde Estate

    18 de diciembre de 1989, Luxemburgo ⋅ 🌧 10 °C

    Nodeems mer ukomm sinn hu mer eis dat wonnerschéint Uwiesen mat de Plantagen ugekuckt 🤩😎 a konnte Pléckerinnen bei hirer schwéierer Aarbecht beobachten😰.

  • World's End - Nuwara Eliya - Nanuoya

    19 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ 🌧 18 °C

    Haut sollte mer een Ausfluch bei World's End maachen een Héichplateau de vun engem Moment op den aneren 1000m senkrecht offält. Leider war esou vill Niwwel dass de Milroy de Wee dohinner net fonnt huet🌫🧐. Mer sinn dunn op Nuwara Eliya gefuer wou mer den Zuch🚂 bis op Nanuoya geholl hu fir dono erëm op eis Estate ze fueren.Leer más

  • Hellbodde Estate

    20–23 dic. 1989, Sri Lanka ⋅ ☁️ 19 °C

    Déi nächst 3 Deeg hu mer missen op der Téiplantage bleiwen, well de Roger an de Jürgen richteg krank waren 🤢. De Fränk an ech mer hu relaxéiert 🤙, gelies an nach e puer Tier duerch Plantagë gemaach.

  • Adam's Peak

    24 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ ☁️ 11 °C

    Den 23.12. nodeems de Roger an de Jürgen sech erholl haten, si mer vun der Hellbodde Estate bei den Adam's Peak gefuer, de mer an der Nuecht an engem 6 Stonne Marsch iwwert 5200 Träppleken erop geklomme sinn🥵 an hunn op 2243m bis Mueres 6 Auer geschnaddert fir do uewen de Sonnenopgank ze gesinn duerch den den Adam's Peak ee pyramidenförmegen Schied an Landschaft ënnendrënner gehäit, een impressionant Naturschauspill ☀️🤩.Leer más

  • Unawatuna

    24 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ ☁️ 26 °C

    No annerhallwer Stonn ware mer schonn erëm vum Adam's Peak erof a sinn duerch Héichland erof op Unawatuna op Plage gefuer 🏝😎.

  • Unawatuna

    25–29 dic. 1989, Sri Lanka ⋅ ☁️ 26 °C

    Déi nächst véier Deeg hu mer eis et op der Rumassala Beach zu Unawatuna gudd go gelooss a vill vun der Plage 🏝, vum Mier 🌊 🤿 a vum gudden Iesse 🥥🥭🍍🍤🎣profitéiert.

  • Colombo

    29 de diciembre de 1989, Sri Lanka ⋅ 🌧 27 °C

    Den 29.12. hu mer misse fir eng Nuecht op Colombo, well et den Dag drop Mueres fréi vun do mam Fliger op  Malé op Maediven gaangen ass.

  • Malé Malediven

    30 de diciembre de 1989, Maldivas ⋅ ☁️ 27 °C

    Mat Air Lanka ✈️ ass et vu Colombo op Malé op Maldiven gaangen, wat guer net geplangt war. Wéi mer ukomm sinn hu mer emol missen eng passend Iwwernuechtungsméiglechkeet op enger vun de maldiveschen Insele fannen.Leer más

  • Meeru Resort

    31 dic.–6 ene. 1990, Maldivas ⋅ ☁️ 27 °C

    Eise Choix ass op de Meeru Resort op der Insel Meeru Fenfushi gefall. Eng kleng paradisesch Insel 🏝 déi mer a knapp enger Stonn ëmrennt hunn a wou mer eis et 6 Deeg dekadent gutt goe gelooss hunn😎 😇.