• HOPA
  • HOPA

Sri Lanka & Maledives

Dezember 1989 hunn den Fränk, Roger, Jürgen an ech een Trip op Sri Lanka gemaach. Trotz den Spannungen tëschent singhalesescher Majoritéit an tamilescher Minoritéit war et eng wonnerschéin Rees. Joer 1990 hunn mer op den Malediven ugefaangen. もっと詳しく
  • 旅行の開始
    1989年12月8日
  • Mt. Lavinia

    1989年12月10日, スリランカ ⋅ ☁️ 29 °C

    Mer hunn eis haut op der Plage vun der ustrengender Rees erholl 😴🏝☀️ an hunn zu Colombo eisen singhaleseschen Chauffeur Milroy Peirsis kennegeléiert.

  • Mihintale

    1989年12月13日, スリランカ ⋅ ☁️ 26 °C

    Um Wee vun Anuradhapura op Polonnaruwa sinn mer den Klouschter vun Mihintale kucken gaangen. Mer sinn och do wéi iwwerall gefrot ginn "what is your country" an wéi mer engem Singhales "Luxembourg" geäntwert hunn, huet hien "Moien" gesot an mer hunn gestaunt 😳. Hien huet e puer Joer zu Iechternach gelieft. Mihintale ass eent vun den eelsten buddhisteschen Kléischter op Sri Lanka.もっと詳しく

  • Polonnaruwa

    1989年12月14日, スリランカ ⋅ 🌧 27 °C

    No Arunadhapura war Polonnaruwa déi zweeten Haaptstad vun Sri Lanka. Den archeologeschen Park vun Polonnaruwa mat villen Tempelen, Dagobaën an Buddhafiguren gehéiert zu den UNESCO Weltkultursitten.

  • Sigiriya

    1989年12月14日, スリランカ ⋅ ☁️ 27 °C

    Vun Polonnaruwa sinn mer op Sigiriya gefuer fir dem Kinnek Kassapa, den säin Papp ëmbruecht hat fir Kinnek ze ginn. Fir sech selwer virun sengem Hallefbrudder Moggallana, den den rechtméissegen Trounfollger gewiescht wär, ze schützen huet hien sech um Léiwenfielsen zu Sigiriya niddergelooss. Sigiriya ass bekannt fir seng Fresken vun den Wollekemeedecher.もっと詳しく

  • Kandy

    1989年12月15日, スリランカ ⋅ ☁️ 23 °C

    Vun Dambulla aus si mer op Kandy gefuer am zentralen Héichland vu Sri Lanka mam berüümten Tempel wou een Zant vum Buddha als Relikt versuergt gëtt 🦷😇.

  • Kandy Spice Garden

    1989年12月16日, スリランカ ⋅ ☁️ 23 °C

    Haut stoung de Besuch vum Kandy Spice Garden um Programm, wou mer Kakao, Muskot, Kaffi, Peffer, Ananas, Neelcheskäpp an nach vill aner Gewürzplanzen konnten entdecken an och schmaachen.

  • Hellbodde Estate

    1989年12月18日, スリランカ ⋅ 🌧 20 °C

    Haut ass et duerch zentraalt Héichland vu Kandy op Hellbodde Estate gaangen. Et ass eng riseg Téiplantage an eise Chauffeur huet de Manager kannt, esou dass mer e puer Deeg do konnte verbréngen.

  • Hellbodde Estate

    1989年12月18日, ルクセンブルク ⋅ 🌧 10 °C

    Nodeems mer ukomm sinn hu mer eis dat wonnerschéint Uwiesen mat de Plantagen ugekuckt 🤩😎 a konnte Pléckerinnen bei hirer schwéierer Aarbecht beobachten😰.

  • World's End - Nuwara Eliya - Nanuoya

    1989年12月19日, スリランカ ⋅ 🌧 18 °C

    Haut sollte mer een Ausfluch bei World's End maachen een Héichplateau de vun engem Moment op den aneren 1000m senkrecht offält. Leider war esou vill Niwwel dass de Milroy de Wee dohinner net fonnt huet🌫🧐. Mer sinn dunn op Nuwara Eliya gefuer wou mer den Zuch🚂 bis op Nanuoya geholl hu fir dono erëm op eis Estate ze fueren.もっと詳しく

  • Hellbodde Estate

    1989年12月20日〜23日, スリランカ ⋅ ☁️ 19 °C

    Déi nächst 3 Deeg hu mer missen op der Téiplantage bleiwen, well de Roger an de Jürgen richteg krank waren 🤢. De Fränk an ech mer hu relaxéiert 🤙, gelies an nach e puer Tier duerch Plantagë gemaach.

  • Adam's Peak

    1989年12月24日, スリランカ ⋅ ☁️ 11 °C

    Den 23.12. nodeems de Roger an de Jürgen sech erholl haten, si mer vun der Hellbodde Estate bei den Adam's Peak gefuer, de mer an der Nuecht an engem 6 Stonne Marsch iwwert 5200 Träppleken erop geklomme sinn🥵 an hunn op 2243m bis Mueres 6 Auer geschnaddert fir do uewen de Sonnenopgank ze gesinn duerch den den Adam's Peak ee pyramidenförmegen Schied an Landschaft ënnendrënner gehäit, een impressionant Naturschauspill ☀️🤩.もっと詳しく

  • Unawatuna

    1989年12月24日, スリランカ ⋅ ☁️ 26 °C

    No annerhallwer Stonn ware mer schonn erëm vum Adam's Peak erof a sinn duerch Héichland erof op Unawatuna op Plage gefuer 🏝😎.

  • Unawatuna

    1989年12月25日〜29日, スリランカ ⋅ ☁️ 26 °C

    Déi nächst véier Deeg hu mer eis et op der Rumassala Beach zu Unawatuna gudd go gelooss a vill vun der Plage 🏝, vum Mier 🌊 🤿 a vum gudden Iesse 🥥🥭🍍🍤🎣profitéiert.

  • Colombo

    1989年12月29日, スリランカ ⋅ 🌧 27 °C

    Den 29.12. hu mer misse fir eng Nuecht op Colombo, well et den Dag drop Mueres fréi vun do mam Fliger op  Malé op Maediven gaangen ass.

  • Meeru Resort

    1989年12月31日〜1月6日, モルディブ ⋅ ☁️ 27 °C

    Eise Choix ass op de Meeru Resort op der Insel Meeru Fenfushi gefall. Eng kleng paradisesch Insel 🏝 déi mer a knapp enger Stonn ëmrennt hunn a wou mer eis et 6 Deeg dekadent gutt goe gelooss hunn😎 😇.