• Alveiro - Coimbra

    April 6, 2025 in Portugal ⋅ ☁️ 14 °C

    Haut huet eisen Roadtrip dann richteg Fahrt opgeholl.
    No engem Hipster Frühstück sin mer eis Voiture sichen gangen an sinn dann op Alveiro gefuer. Do hun mer eis bessen dStaat ugekukt, dei als portugiesegt Venedeg gellt (dir gesidd fierwat). Do hunn mer eis och nach gudd de Bauch vollgeschlo. Als Dessert guff et 'Ovos molos', eng Spezialiteit, dei aus enger seißer Hülle an Hallef gekachtenem seißen Ee besteht - klengt eekleg, ass et och (awer och iejendwei geil).
    Dunn sinn dunn nach bessen weider un Costa Nova gefuer, dei bekannt ass fir hier farweg Heiser an dPlage. Joa, wat sollen mer soen - well mer ugeholl hun, dass Wierder gudd bleift, hun mer selbstbewosst kuerz Boxen ugedoen. Dei hun sech als groben Fehler erwisen, well et aus Eemeren gereent huet. Also nix mat Strandspaziergang.

    Dunn ass et weider op Coimbra gangen, wou mer och schlofen. Hei hun mer eis fir eicht een wahnsennegen botaneschen Gart ugekukt, dann op enger fantasteger Terrace en famosen Cocktail ragezunn an eis dann den Bauch mat korean fried Chicken vollgeschloen.
    Elo lossen mer den Dag op enger Terrace beim portugiesechen Klassiker Porto geint Benfica ausklengen.

    Alles an allem also e gelongenen Dag!
    Read more