• Plaza de Mulas Decisiounen ginn geholl

    23 января 2003 г., Аргентина ⋅ 🌙 -7 °C

    Wieder hat sech berouegt, mee d'Equipe war sech oneens. Et ass vill diskutéiert ginn, iwwert Funk mam Daniel Alessio, mam Khalil eisem Guide. Den Khalil huet gesot, dass een Opstig nach ëmmer méiglech wär, dorunner hunn ech mech gehalen. Bei den aneren 6 war et een hin an hir, fir d'éischt wollten si ofbriechen, dunn wollten si awer erëm erop, ausser dem Martin an zum Schluss war hir Decisioun awer esou gefall, dass di den nächsten Dag wollten zeréckgoen. Am Base Camp sinn Toiletten ausgeflunn ginn an duerch neier ersat ginn. Owes war eist lescht gemeinsamt Owendiessen.Читать далее