Haut hätten mer sollten vun engem vun den geféierlechsten Fluchfelder vun der Welt zeréck op Kathmandu fléien, awer Wieder huet net matgespillt. Et huet geschneit an et sinn keng Fligeren op Lukla komm. Den Vito hat eis an eiser Himalayan Lodge een Message hannerlooss, fir wann mer Schwieregkeeten mat eisem Fluchticket hätten. Mer hunn alles probéiert, mee waren eleng vum Wieder ofhängeg. Mer hunn den ganzen Dag Patiencen geluecht. An der Lodge war nach een Grupp vun Leit aus Singapore an een vun hinnen souz do an Buddhastellung hin an hir ze wippen an den ganzen Zäit an engem Singsang ze proklaméieren "tomorrow will come a plane, tomorrow will come a plane..." 😵💫.Leia mais