Den leschten Dag zu Galway hunn mer genotzt fir mat der Fär op d'Insel Inishmore ze fueren an do eng Ronnfaart mat der Ponykutsch ze maachen. Mer haten eis allerdéngs een schlechten Dag ausgesicht, et war ganz schlecht Wieder 🌧🌬 an Fär op Inishmore huet eis alles ofverlaangt 😵💫🤢. Mer sinn awer eriwwer komm ouni eist Frühstück missen op der Fär ze loossen. Um Réckwee ass et nach eng Kéier laanscht Cliffs of Moher gaangen.Read more