Dingle Peninsula
June 22, 2023 in Ireland ⋅ ☁️ 19 °C
Dono ass et weider gaangen op den Clogher Strand. Zu menger Enttäuschung huet een do net dierfe schwammen goen. Awer dunn hunn mer net wäit ewech vum Wine Strand eng kleng Plage an enger Bucht fonntRead more
Charthouse last Dingle dinner
June 22, 2023 in Ireland ⋅ 🌬 18 °C
Am Charthouse, dem alen Kaartenhaus, haten mer eisen leschten Dinner zu Dingle an et war den Beschten 😋.
County Kerry to County Clare
June 23, 2023 in Luxembourg ⋅ ☀️ 23 °C
Haut ass et vum County Kerry an den County Clare weidergaangen 🚗. Fir d'éischt sinn mer een Tour iwwert Ballyheigue Beach getrëppelt, ier mer zu Tarbert Fär ⛴geholl hunn fir eriwwer opRead more
Killimer Ireland
June 23, 2023 in Ireland ⋅ ☁️ 21 °C
Zu Killimer hunn mer am ureegen The Potter's Ahnd Café eng Paus gemaach ☕️🥪.
Loop Head
June 23, 2023 in Ireland ⋅ 🌬 19 °C
Dunn sinn mer nach op der Loop Head Peninsula bis eraus bei den Liichttuerm gefuer fir eng kleng Klippewanderung an Virbereedung op Doolin ze maachen.
Doolin
June 23, 2023 in Ireland ⋅ 🌬 20 °C
Zu Doolin sinn mer an der Pairc Lodge ënnerkomm an haten am Glas Restaurant eisen Dinner.
Cliffs of Moher 1
June 24, 2023 in Ireland ⋅ 🌬 19 °C
Mueres stoung eng Wanderung iwwert déi weltberüümten Cliffs of Moher um Programm 🤩🤩.
Cliffs of Moher 2
June 24, 2023 in Ireland ⋅ 🌬 21 °C
Mer hunn dës Wanderung mam Pat Sweeney 💪🏼 gemaach, een genialen Typ. Hien ass Bauer ☘️ an huet seng Perchen op den Cliffs of Moher. 2006 Huet hien sengen Noperbauren gefrot op si netRead more
The Burren
June 24, 2023 in Ireland ⋅ 🌬 22 °C
Nomëttes hunn mer een klengen Ausfluch an déi eegenaarteg Landschaft vum Burren gemaach.
Ivy Cottage Doolin
June 24, 2023 in Ireland ⋅ 🌬 20 °C
An Owes haten mer am Ivy Cottage zu Doolin Kriibsschéieren an een genialen Fish and Chips 🐟 🍟 mat grad esou engem gudden lokalen Béier.
The Burren 1 - Poulnabrone Portal Tomb
June 25, 2023 in Ireland ⋅ ☀️ 23 °C
Haut ass et weider duerch den Burren gaangen. Fir d'éischt sinn mer eis den Poulnabrone Dolmen ukucken gaangen, een Portalgraf 🪦 wat am véierten Joerdausend virun Christus ugeluecht gouf. EtRead more
The Burren 2 - Hazel mountain Chocolate
June 25, 2023 in Ireland ⋅ ⛅ 15 °C
Um Wee duerch den Burren sinn mer och nach zu Bellharbour Hazel Mountain Chocolate 🍫 besichen gaangen.
Kinvarra - Dunguaire Castle
June 25, 2023 in Ireland ⋅ ⛅ 16 °C
Zu Kinvarra hunn mer eis no der Kinvarra Beach den Dunguaire Castle ugekuckt.
Moran's Oyster Cottage
June 25, 2023 in Ireland ⋅ ☁️ 17 °C
Ier mer op Galway gefuer sinn, sinn mer am County Galway laanscht den Kilcolgan River op Roymore an den Moran's Oyster Cottage Austeren 🦪🦪 schlürfen gaangen. Déi bescht déi ech an IrlandRead more
Galway - Ard Bia's Airbnb
June 25, 2023 in Ireland ⋅ ☀️ 18 °C
Zu Galway sinn mer beim Aoibheann McNamara an engem Konschtwierk vun Airbnb ënnerkomm 🔝. Dat exzentrescht Aoibheann huet säin Loft fir seng Gäscht ganz no senger Perséinlechkeet gestallt.
Galway
June 25, 2023 in Ireland ⋅ 🌬 18 °C
Zu Galway hätte mer méi Deeg gebraucht fir Stad besser kennenzeléieren.
Galway - Ard Bia at Nimmos
June 25, 2023 in Ireland ⋅ 🌬 18 °C
Aoibheann McNamara bedreift och een Restaurant zu Galway, den Ard Bia at Nimmos, den seng Perséinlecht grad esou erëmgëtt wéi säin Loft an an dem et immens gutt ze iessen gëtt 🔝😋.
Assleagh Falls
June 26, 2023 in Ireland ⋅ ☁️ 15 °C
Vun Galway aus hunn mer eisen leschten Ausfluch um WAW gemaach. Mer sinn Vum County Galway duerch den County Connemara kuerz an den County Mayo bei d'Assleagh Falls 🤩, wou een Fëscher mat derRead more
Kylemore Abbey
June 26, 2023 in Ireland ⋅ ☁️ 15 °C
Dono sinn mer laanscht den Killary Fjord an Kylemore Abbey an den Connemara National Park gefuer.
Connemara National Park
June 26, 2023 in Ireland ⋅ ☁️ 16 °C
Am Connemara National Park hunn mer eng kleng Wanderung 🥾🥾 gemaach.
Clifden Ireland
June 26, 2023 in Ireland ⋅ 🌬 16 °C
Dono hunn mer nach Eyrephort Beach 🏖😎 besicht an sinn Clifden Sky Road gefuer ier et zeréck op Galway gaangen ass.
Inishmore
June 27, 2023 in Ireland ⋅ 🌧 19 °C
Den leschten Dag zu Galway hunn mer genotzt fir mat der Fär op d'Insel Inishmore ze fueren an do eng Ronnfaart mat der Ponykutsch ze maachen. Mer haten eis allerdéngs een schlechten Dag ausgesicht,Read more
Dublin 1
June 28, 2023 in Ireland ⋅ 🌧 15 °C
Nom leschten Trajet mam Auto am Lénksverkéier sinn mer géint Mëtteg zu Dublin ukomm, wou mer den Auto ofginn hunn an am Hyatt Centric the Liberties Quartéier bezunn hunn. No engem gudden KaffiRead more
Dublin 2
June 28, 2023 in Ireland ⋅ ☁️ 16 °C
Op Entdeckungstour duerch Dublin. Temple Bar, Molly Malone, George's Street Arcade.














































































































































































































































