• Friendship Highway op Kathmandu 1100m

    May 25, 1995 in China ⋅ 🌧 12 °C

    Mer hunn haut missen engem besonnesche Begleeder op eiser Rees Äddi soen, den Tashi ass vun Tingri zeréck op Lhasa gefuer 😔. Fir eis sollt erëm eng Kéier strapaziéis ginn 🥵. Mer si no engem leschten Ausbléck op de wonnerschéinen tibeeteschen Héichplateau op 4390m um Friendship Highway laanscht de Shishapangma 8027m 🏔an iwwert Nyalam an tibeetsch Grenzstad Zhangmu 2300m. Kuerz virun Zhangmu war Strooss ewech gerutscht a mer hunn een Deel zu Fouss misse goen, ier mer op engem Camion weidergefuer sinn. Vun Zhangmu aus ass et an nepaleesesch Grenzstad Kodari 1770m gaangen, wou mer no 3 Wochen eng éischte Cola konnten drénken a vun do weider op Kathandu 1100m mer waren 12 Stonnen ënnerwee.Read more