• HOPA
  • HOPA

Cerro Aconcagua

Den 26. Januar 2003 op den Dag genau 8 Méint nodeems ech um Sommet vum héchsten Bierg vun Nordamerika stoung, hat ech och den Sommet vum héchsten südamerikaneschen Bierg, dem Cerro Aconcagua 6960m, erreecht. もっと詳しく
  • 旅行の開始
    2003年1月11日
  • Mendoza

    2003年1月13日, アルゼンチン ⋅ ☁️ 24 °C

    Am Hotel Nutibara zu Mendoza hunn ech déi aner Expeditiounsmemberen kennegeléiert an den Daniel Alessio den Patron vun der Daniel Alessio Expediciones. Mat an der Equipe waren den Richard Allman, den David Rhodes, den Martin Docherty an den Chris Sharp, all aus England, aus Mexiko den Max Becker an aus Canada den Julius Rosa.もっと詳しく

  • Mendoza - Los Penitentes 2510m

    2003年1月14日, アルゼンチン ⋅ ☁️ 16 °C

    Den 14. Januar hunn mer eis op den Wee gemaach vun Mendoza op Los Penintentes. Nom Paken sinn mer nach bei d'Administratioun vum Parque Provincial Aconcagua gefuer, fir eisen Permis ze kréien. Laanscht den Rio Mendoza ass et op Uspallata gaangen, wou mer zu Mëtte giess hunn an vun do ass et an d'Anden erop op Los Penitentes op 2510m gaangen.もっと詳しく

  • Los Penitentes 2580

    2003年1月14日, アルゼンチン ⋅ 🌧 16 °C

    Mer sinn mat Zäit zu Los Penitentes ukomm fir eis schonn unzefänken ze akklimatiséieren. Dofir sinn mer vun 2580m op 2800m zu Fouss eropgaangen an hunn eng Stonn op därer Héicht verbruecht, ier mer erëm erof op Skistatioun Los Penintentes gaangen sinn, fir do ze iwwernuechten.もっと詳しく

  • Los Penitentes - Base Confluencia 1

    2003年1月15日, アルゼンチン ⋅ 🌙 5 °C

    Vun Los Penitentes sinn mer iwwert d'argentinesch Douane an Noman's Land tëschent Argentinien an Chile gefuer. Laanscht Puente del Inca ass et bei d'Entrée vum Parque Provincial Aconcagua op 2850m gaangen, vun wou aus d'Expeditioun endlech zu Fouss laanscht den Rio Horcones weidergaangen ass. Bei der Laguna de Horcones op 2950m konnte mer fir d'éischte Kéier déi gewalteg Südflank vum Aconcagua gesinn.もっと詳しく

  • Base Confluencia Akklimatisatioun

    2003年1月16日, アルゼンチン ⋅ 🌙 4 °C

    Mer sinn zwou Nuechten an der Base Confluencia bliwwen, fir den 16. Januar een 6 Stonnen Akklimatisatiounsmarsch op 3940m mat Vue op Südflank ze maachen. Hëtzt war erëm schwéier ze erdroen. Ech hat Kapp wéi an den Fouss verstaucht. Dësen Dag hunn ech eng 6 Liter Waasser gedronk. Ech hunn den Marsch geblosen.もっと詳しく

  • Base Confluencia - Plaza de Mulas 1

    2003年1月17日, アルゼンチン ⋅ 🌙 1 °C

    Nodeems Maulieselen gelueden ginn sinn, stoung Haut een Marsch vun 9 Stonnen um Programm, fir déi 22 Kilometer vun der Base Confluencia op Plaza de Mulas zeréck ze leeën. Et ass duerch den breeden Dall vum Rio Horcones gaangen an och nach duerch een Sandstuerm, den sech am Laf vum Dag opgebaut huet.もっと詳しく

  • Plaza de Mulas Roudag

    2003年1月18日, アルゼンチン ⋅ 🌙 0 °C

    No der Ustrengung vum Dag virdrun, war den 18. Januar een éischten Roudag am Base Camp Plaza de Mulas op 4200m. Virun eis läit Westflank vum Cerro Aconcagua. Ech hunn profitéiert, fir mer den Stëbs vun den leschten Deeg erof ze wäschen. Am Gemeinschaftszelt huet den Camp Manager Martin eist Iessen gekacht.もっと詳しく

  • Plaza de Mulas Schnéi

    2003年1月20日, アルゼンチン ⋅ ❄️ -3 °C

    An staarkem Wand sinn mer den 20. Januar een Depot am Camp Alaska op 5125m uleeën gaangen. Ënnerwee sinn eis Expeditiounen entgéint komm, déi wéinst den schwieregen Wiederverhältnisser ofgebrach hunn. Mer waren 6.5 Stonnen ënnerwee. Zeréck am Camp huet et ugefaangen mat schneien. Déi nächst 3 Deeg sollten eis Situatioun nach méi komplizéiert maachen.もっと詳しく

  • Plaza de Mulas waarden op bessert Wieder

    2003年1月21日, アルゼンチン ⋅ ☁️ -4 °C

    Et ass weider schlecht Wieder virausgesot ginn. Mer hunn profitéiert fir bei den Camp Dokter ze goen an eis Sauerstoffsättegung moossen ze loossen - 86% fir mech. Beim Martin Docherty ass Héichtenkrankheet festgestallt ginn an hien huet decidéiert den Sommet net ze probéieren. Lentikular Wollek iwwert dem Aconcagua huet näischt Guddes versprach.もっと詳しく

  • Plaza de Mulas Schnéistuerm

    2003年1月22日, アルゼンチン ⋅ ❄️ -9 °C

    Den 22. Januar gouf et nawell heftegen Schnéistuerm am Base Camp. Mer hunn weiderhin missten do ënnen bleiwen un een Opstig war net ze denken an eis Expeditioun stoung kuerz virum Ofbroch.

  • Plaza de Mulas Decisiounen ginn geholl

    2003年1月23日, アルゼンチン ⋅ 🌙 -7 °C

    Wieder hat sech berouegt, mee d'Equipe war sech oneens. Et ass vill diskutéiert ginn, iwwert Funk mam Daniel Alessio, mam Khalil eisem Guide. Den Khalil huet gesot, dass een Opstig nach ëmmer méiglech wär, dorunner hunn ech mech gehalen. Bei den aneren 6 war et een hin an hir, fir d'éischt wollten si ofbriechen, dunn wollten si awer erëm erop, ausser dem Martin an zum Schluss war hir Decisioun awer esou gefall, dass di den nächsten Dag wollten zeréckgoen. Am Base Camp sinn Toiletten ausgeflunn ginn an duerch neier ersat ginn. Owes war eist lescht gemeinsamt Owendiessen.もっと詳しく

  • Plaza de Mulas - Nido de Condores

    2003年1月24日, アルゼンチン ⋅ 🌙 -2 °C

    Den 24. Januar sinn ech mam Khalil vum Base Camo op 4200m an egmen Marsch riicht erop op den Camp Nido de Condores op 5345m gaangen. Ech konnt keng Fotoen ënnerwee maachen. Ech hunn mech an 9 Stonnen an den Camp eropgeschleeft. Meng Diabetesastellung war komplett op der Kopp. Duech den villen Wand lung do uewen net méi vill Schnéi.もっと詳しく

  • Cerro Aconcagua 6960m

    2003年1月26日, アルゼンチン ⋅ 🌙 -6 °C

    Op den Dag 8 Méint nom Denali an Alaska stoung ech um 14:06 Auer endlech um Sommet vum 6960m héijen Cerro Aconcagua. An den Deeg virdrun huet alles dogéint geschwat, dass eis Expeditioun den Sommet kéint packen. Schlussendlech hunn ech et eleng mam Khalil gewot an mer hunn et gepackt. Ech hat Chance den Khalil bei mer ze hunn, ouni hien, wär ech net eropkomm. An mer sinn eng leschte Kéier mat den spektakuläersten Vuen iwwert ganz Anden belount ginn.もっと詳しく

  • Plaza de Mulas

    2003年1月27日, アルゼンチン ⋅ ☁️ 4 °C

    Vum Sommet ass et zeréck an den Camp Berlin gaangen. An den 28. Januar vum Camp Berlin an 2 Stonnen erof (12 Stonnen am Ganzen fir erop) zeréck an Base Camp Plaza de Mulas op 4200m.