• HOPA
  • HOPA

Cerro Aconcagua

Den 26. Januar 2003 op den Dag genau 8 Méint nodeems ech um Sommet vum héchsten Bierg vun Nordamerika stoung, hat ech och den Sommet vum héchsten südamerikaneschen Bierg, dem Cerro Aconcagua 6960m, erreecht. Okumaya devam et
  • Gezinin başlangıcı
    11 Ocak 2003
  • Frankfurt

    11 Ocak 2003, Almanya ⋅ ☀️ -7 °C

    Mat zwou Stonnen Verspéidung, wéinst techneschen Problemer, ass et vun Frankfurt weidergaangen op Buenos Aires.

  • Mendoza

    13 Ocak 2003, Arjantin ⋅ ☁️ 24 °C

    Am Hotel Nutibara zu Mendoza hunn ech déi aner Expeditiounsmemberen kennegeléiert an den Daniel Alessio den Patron vun der Daniel Alessio Expediciones. Mat an der Equipe waren den Richard Allman, den David Rhodes, den Martin Docherty an den Chris Sharp, all aus England, aus Mexiko den Max Becker an aus Canada den Julius Rosa.Okumaya devam et

  • Mendoza

    13 Ocak 2003, Arjantin ⋅ ☁️ 30 °C

    Den Dag ass nach genotzt ginn fir Mendoza e bëssen ze entdecken, wéi zum Beispill den Mercado Central.

  • Mendoza - Los Penitentes 2510m

    14 Ocak 2003, Arjantin ⋅ ☁️ 16 °C

    Den 14. Januar hunn mer eis op den Wee gemaach vun Mendoza op Los Penintentes. Nom Paken sinn mer nach bei d'Administratioun vum Parque Provincial Aconcagua gefuer, fir eisen Permis ze kréien. Laanscht den Rio Mendoza ass et op Uspallata gaangen, wou mer zu Mëtte giess hunn an vun do ass et an d'Anden erop op Los Penitentes op 2510m gaangen.Okumaya devam et

  • Los Penitentes 2580

    14 Ocak 2003, Arjantin ⋅ 🌧 16 °C

    Mer sinn mat Zäit zu Los Penitentes ukomm fir eis schonn unzefänken ze akklimatiséieren. Dofir sinn mer vun 2580m op 2800m zu Fouss eropgaangen an hunn eng Stonn op därer Héicht verbruecht, ier mer erëm erof op Skistatioun Los Penintentes gaangen sinn, fir do ze iwwernuechten.Okumaya devam et

  • Los Penitentes - Base Confluencia 1

    15 Ocak 2003, Arjantin ⋅ 🌙 5 °C

    Vun Los Penitentes sinn mer iwwert d'argentinesch Douane an Noman's Land tëschent Argentinien an Chile gefuer. Laanscht Puente del Inca ass et bei d'Entrée vum Parque Provincial Aconcagua op 2850m gaangen, vun wou aus d'Expeditioun endlech zu Fouss laanscht den Rio Horcones weidergaangen ass. Bei der Laguna de Horcones op 2950m konnte mer fir d'éischte Kéier déi gewalteg Südflank vum Aconcagua gesinn.Okumaya devam et

  • Base Confluencia Akklimatisatioun

    16 Ocak 2003, Arjantin ⋅ 🌙 4 °C

    Mer sinn zwou Nuechten an der Base Confluencia bliwwen, fir den 16. Januar een 6 Stonnen Akklimatisatiounsmarsch op 3940m mat Vue op Südflank ze maachen. Hëtzt war erëm schwéier ze erdroen. Ech hat Kapp wéi an den Fouss verstaucht. Dësen Dag hunn ech eng 6 Liter Waasser gedronk. Ech hunn den Marsch geblosen.Okumaya devam et

  • Base Confluencia - Plaza de Mulas 1

    17 Ocak 2003, Arjantin ⋅ 🌙 1 °C

    Nodeems Maulieselen gelueden ginn sinn, stoung Haut een Marsch vun 9 Stonnen um Programm, fir déi 22 Kilometer vun der Base Confluencia op Plaza de Mulas zeréck ze leeën. Et ass duerch den breeden Dall vum Rio Horcones gaangen an och nach duerch een Sandstuerm, den sech am Laf vum Dag opgebaut huet.Okumaya devam et

  • Plaza de Mulas Roudag

    18 Ocak 2003, Arjantin ⋅ 🌙 0 °C

    No der Ustrengung vum Dag virdrun, war den 18. Januar een éischten Roudag am Base Camp Plaza de Mulas op 4200m. Virun eis läit Westflank vum Cerro Aconcagua. Ech hunn profitéiert, fir mer den Stëbs vun den leschten Deeg erof ze wäschen. Am Gemeinschaftszelt huet den Camp Manager Martin eist Iessen gekacht.Okumaya devam et

  • Plaza de Mulas Schnéi

    20 Ocak 2003, Arjantin ⋅ ❄️ -3 °C

    An staarkem Wand sinn mer den 20. Januar een Depot am Camp Alaska op 5125m uleeën gaangen. Ënnerwee sinn eis Expeditiounen entgéint komm, déi wéinst den schwieregen Wiederverhältnisser ofgebrach hunn. Mer waren 6.5 Stonnen ënnerwee. Zeréck am Camp huet et ugefaangen mat schneien. Déi nächst 3 Deeg sollten eis Situatioun nach méi komplizéiert maachen.Okumaya devam et

  • Plaza de Mulas waarden op bessert Wieder

    21 Ocak 2003, Arjantin ⋅ ☁️ -4 °C

    Et ass weider schlecht Wieder virausgesot ginn. Mer hunn profitéiert fir bei den Camp Dokter ze goen an eis Sauerstoffsättegung moossen ze loossen - 86% fir mech. Beim Martin Docherty ass Héichtenkrankheet festgestallt ginn an hien huet decidéiert den Sommet net ze probéieren. Lentikular Wollek iwwert dem Aconcagua huet näischt Guddes versprach.Okumaya devam et

  • Plaza de Mulas Schnéistuerm

    22 Ocak 2003, Arjantin ⋅ ❄️ -9 °C

    Den 22. Januar gouf et nawell heftegen Schnéistuerm am Base Camp. Mer hunn weiderhin missten do ënnen bleiwen un een Opstig war net ze denken an eis Expeditioun stoung kuerz virum Ofbroch.

  • Plaza de Mulas Decisiounen ginn geholl

    23 Ocak 2003, Arjantin ⋅ 🌙 -7 °C

    Wieder hat sech berouegt, mee d'Equipe war sech oneens. Et ass vill diskutéiert ginn, iwwert Funk mam Daniel Alessio, mam Khalil eisem Guide. Den Khalil huet gesot, dass een Opstig nach ëmmer méiglech wär, dorunner hunn ech mech gehalen. Bei den aneren 6 war et een hin an hir, fir d'éischt wollten si ofbriechen, dunn wollten si awer erëm erop, ausser dem Martin an zum Schluss war hir Decisioun awer esou gefall, dass di den nächsten Dag wollten zeréckgoen. Am Base Camp sinn Toiletten ausgeflunn ginn an duerch neier ersat ginn. Owes war eist lescht gemeinsamt Owendiessen.Okumaya devam et

  • Plaza de Mulas - Nido de Condores

    24 Ocak 2003, Arjantin ⋅ 🌙 -2 °C

    Den 24. Januar sinn ech mam Khalil vum Base Camo op 4200m an egmen Marsch riicht erop op den Camp Nido de Condores op 5345m gaangen. Ech konnt keng Fotoen ënnerwee maachen. Ech hunn mech an 9 Stonnen an den Camp eropgeschleeft. Meng Diabetesastellung war komplett op der Kopp. Duech den villen Wand lung do uewen net méi vill Schnéi.Okumaya devam et

  • Cerro Aconcagua 6960m

    26 Ocak 2003, Arjantin ⋅ 🌙 -6 °C

    Op den Dag 8 Méint nom Denali an Alaska stoung ech um 14:06 Auer endlech um Sommet vum 6960m héijen Cerro Aconcagua. An den Deeg virdrun huet alles dogéint geschwat, dass eis Expeditioun den Sommet kéint packen. Schlussendlech hunn ech et eleng mam Khalil gewot an mer hunn et gepackt. Ech hat Chance den Khalil bei mer ze hunn, ouni hien, wär ech net eropkomm. An mer sinn eng leschte Kéier mat den spektakuläersten Vuen iwwert ganz Anden belount ginn.Okumaya devam et

  • Plaza de Mulas

    27 Ocak 2003, Arjantin ⋅ ☁️ 4 °C

    Vum Sommet ass et zeréck an den Camp Berlin gaangen. An den 28. Januar vum Camp Berlin an 2 Stonnen erof (12 Stonnen am Ganzen fir erop) zeréck an Base Camp Plaza de Mulas op 4200m.