• HOPA
  • HOPA

Chomolungma Trek - Tibet

Nodeems ech am Dezember 1988 den Mt. Everest - Sagarmatha op nepalesesch. Chomolungma op tibeetesch  - op der nepalesescher Südsäit besicht hunn, ass et am Mee 1995 mat engem Trekking op der tibeetescher Nordsäit un Nordflank vum Mt. Verest erugaange Read more
  • Trek 14. Dag Serac Highway

    May 21, 1995 in China ⋅ ☁️ 0 °C

    Haut hu mer den Intermediate Base Camp ⛺️ als Basis genotzt fir eng Excursioun um berüümten Serac Highway ze maachen. Mer si bis op 6010m eropkomm an ee fantasteschen Amphitheater aus Äis🤩. Dat war den héchsten Punkt 🔝 de mer um Chomolungma Trek 🏔 erreecht hunn.Read more

  • Trek 15. Dag

    May 22, 1995 in China ⋅ ☁️ 11 °C

    Vum Everest Base Camp aus hu mer eis op de Wee op Tingri gemaach. Et stoungen nach eng Kéier 3 ustrengend Deeg mat engem weidere Pass um Programm. Wéi um ganze Wee si mer ëmmer erëm Hierte begéint déi mat hire Yake ënnerwee waren.Read more

  • Trek 17. Dag Tingri 4390

    May 24, 1995 in China ⋅ 🌙 17 °C

    No 17 Deeg zu Fouss um tibeeteschen Héichplateau ënnerwee, si mer den 24. Mee 1995 zu Tingri ukomm, wou ech 1986 och scho mam Vito iwwernuecht hat. Mer hunn eis Boboe gepléischtert😩🩹, sinn an Duerf Béier 🍻kafe gaangen n hunn dem John säi Gebuertsdag 🎂 gefeiert, besser hätt deen net kéinte falen.Read more

  • Friendship Highway op Kathmandu 1100m

    May 25, 1995 in China ⋅ 🌧 12 °C

    Mer hunn haut missen engem besonnesche Begleeder op eiser Rees Äddi soen, den Tashi ass vun Tingri zeréck op Lhasa gefuer 😔. Fir eis sollt erëm eng Kéier strapaziéis ginn 🥵. Mer si no engem leschten Ausbléck op de wonnerschéinen tibeeteschen Héichplateau op 4390m um Friendship Highway laanscht de Shishapangma 8027m 🏔an iwwert Nyalam an tibeetsch Grenzstad Zhangmu 2300m. Kuerz virun Zhangmu war Strooss ewech gerutscht a mer hunn een Deel zu Fouss misse goen, ier mer op engem Camion weidergefuer sinn. Vun Zhangmu aus ass et an nepaleesesch Grenzstad Kodari 1770m gaangen, wou mer no 3 Wochen eng éischte Cola konnten drénken a vun do weider op Kathandu 1100m mer waren 12 Stonnen ënnerwee.Read more

  • Trip end
    May 28, 1995