Trek 8. - 9. Dag
15–17 maj 1995, Chiny ⋅ 🌧 8 °C
Mer sinn dem Everest Base Camp ëmmer méi no komm an hunn eng éischte Kéier déi gewalteg Nordflank erbléckst
Trek 10. Dag Everest Base Camp 5150m
17 maja 1995, Chiny ⋅ 🌧 7 °C
Um 10. Dag nodeems mer laanscht de Rongbuk Klouschter op 4980m komm sinn, hu mer am Nomëtteg de Mount Everest Base Camp op der Nordsäit vum Chomolungma op 5150m erreecht.
Trek 11. Dag Akklimatisatioun
18 maja 1995, Chiny ⋅ ☁️ 9 °C
Mer sinn een Dag am Base Camp bliwwen, fir een Akklimtisatiounsdag anzeleeën ier et sollt weider erop goen. Dofir hu mer um Ronbuk Gletscher eng Excursioun iwwert de Base Camp eraus gemaach a Czytaj więcej
Trek 12. Dag Base Camp - Camp 1 5500m
19 maja 1995, Chiny ⋅ ☁️ 0 °C
Um 12. Dag ass et vum Base Camp ⛺️ op 5150m erop an de Camp 1 ⛺️ op 5500m gaangen. Nodeems mer ukomm sinn, hu mer wéinst der Akklimatisatioun och do nach eng Excursioun iwwert de Camp eraus gemaach 🏔.
Trek 13. Dag Camp 1 - Intermediate 5760m
20 maja 1995, Chiny ⋅ ☁️ -2 °C
Um 13. Dag hu mer den Intermediate Base Camp op 5760m erreecht a mer hu fir d'éischte Kéier Äis Serace gesinn. Dat war de héchste Camp um Chomolungma Trek.
Trek 14. Dag Serac Highway
21 maja 1995, Chiny ⋅ ☁️ 0 °C
Haut hu mer den Intermediate Base Camp ⛺️ als Basis genotzt fir eng Excursioun um berüümten Serac Highway ze maachen. Mer si bis op 6010m eropkomm an ee fantasteschen Amphitheater Czytaj więcej
Trek 14. Dag Everest Base Camp 5150m
21 maja 1995, Chiny ⋅ ☁️ 5 °C
No dem beandrockende Erliefnis um Serac Highway hu mer eis erëm op de Wee zeréck an den Everest Base Camp gemaach an hu Vuë op Nordflank. Mer si bal 1000 Héichtemeter um Stéck erofgaangen.
Trek 15. Dag
22 maja 1995, Chiny ⋅ ☁️ 11 °C
Vum Everest Base Camp aus hu mer eis op de Wee op Tingri gemaach. Et stoungen nach eng Kéier 3 ustrengend Deeg mat engem weidere Pass um Programm. Wéi um ganze Wee si mer ëmmer erëm Czytaj więcej
Trek 16. Dag ënnerwee op Lungjhang
23 maja 1995, Chiny ⋅ ☁️ 9 °C
Um 16. Deeg hate mer eng vun eise längsten Etappen ze bewältegen. Um Wee op Lungjhang hu mer missen duerch Baachen 🏞 goen an et huet ee kräftege Géigewand 💨 geblosen esou dass mer eis Czytaj więcej
Trek 16. Dag Lungjhang 4510m
23 maja 1995, Chiny ⋅ ☁️ 13 °C
Zu Lungjhang op 4510 ukomm hu mer eise Camp eng weider Kéier opgeriicht a sinn no dem laangen Dag mat wonnerschéine Vuë iwwert den Héichplateau op den 8201m héije Cho Oyu belount ginn 😎.
Trek 17. Dag Tingri 4390
24 maja 1995, Chiny ⋅ 🌙 17 °C
No 17 Deeg zu Fouss um tibeeteschen Héichplateau ënnerwee, si mer den 24. Mee 1995 zu Tingri ukomm, wou ech 1986 och scho mam Vito iwwernuecht hat. Mer hunn eis Boboe gepléischtert😩🩹, Czytaj więcej
Friendship Highway op Kathmandu 1100m
25 maja 1995, Chiny ⋅ 🌧 12 °C
Mer hunn haut missen engem besonnesche Begleeder op eiser Rees Äddi soen, den Tashi ass vun Tingri zeréck op Lhasa gefuer 😔. Fir eis sollt erëm eng Kéier strapaziéis ginn 🥵. Czytaj więcej
Kathmandu
26 maja 1995, Nepal ⋅ 🌙 33 °C
De 26. Mee zu Kathmandu hu mer eis erëm schéi maache gelooss🪒 fir op de Réckwee.
Luxembourg Findel
28 maja 1995, Luksemburg ⋅ ☁️ 22 °C
De 27. Mee si mer zu Kathmandu fortgeflunn op Dehli fir vun do iwwert Frankfurt zeréck op Lëtzebuerg ze fléien an eng eemoleg schéi Rees ofzeschléissen.






























































































































