Chay - Trek 1. Dag
8. Mai 1995 in China ⋅ 🌙 8 °CKuerz no eis ass och d'Ekipp vu Sherpa Society mat hirem Leader Pasang Sherpa zu Chay agetraff. Material, Zelter⛺️,Kichen, Liewensmëttel 🍜🍚🍳 a weideres ass vum Camion opWeiterlesen
Kuerz no eis ass och d'Ekipp vu Sherpa Society mat hirem Leader Pasang Sherpa zu Chay agetraff. Material, Zelter⛺️,Kichen, Liewensmëttel 🍜🍚🍳 a weideres ass vum Camion opWeiterlesen
Um zweeten Dag vum Trek 🚶🏻♂️🎒, an enger impressionanter kontemplativer Landschaft 🧎🏻♂️, hu mer fir d'éischte Kéier konnten ee Bléck op de Chomolungma 🏔 geheien, den dunn nach 80km wäit ewech war.
Och den Dag dono ass et nach duerch eng ofwiesslungsräich Landschaft gaangen an därer déi tibeetesch Landsleit op iwwert 4000m Landwirtschaft bedreiwen🌾.
Zu Fouss ënnerwee am Tibet 🚶🏻♂️
Loft gëtt ëmmer méi dënn🥵, awer et gouf vum Wieder profitéiert fir dass een sech emol eng Kéier konnt wäschen 🛀
Mer sinn dem Everest Base Camp ëmmer méi no komm an hunn eng éischte Kéier déi gewalteg Nordflank erbléckst
Um 10. Dag nodeems mer laanscht de Rongbuk Klouschter op 4980m komm sinn, hu mer am Nomëtteg de Mount Everest Base Camp op der Nordsäit vum Chomolungma op 5150m erreecht.
Mer sinn een Dag am Base Camp bliwwen, fir een Akklimtisatiounsdag anzeleeën ier et sollt weider erop goen. Dofir hu mer um Ronbuk Gletscher eng Excursioun iwwert de Base Camp eraus gemaach aWeiterlesen
Um 12. Dag ass et vum Base Camp ⛺️ op 5150m erop an de Camp 1 ⛺️ op 5500m gaangen. Nodeems mer ukomm sinn, hu mer wéinst der Akklimatisatioun och do nach eng Excursioun iwwert de Camp eraus gemaach 🏔.
Um 13. Dag hu mer den Intermediate Base Camp op 5760m erreecht a mer hu fir d'éischte Kéier Äis Serace gesinn. Dat war de héchste Camp um Chomolungma Trek.