Luxembourg Findel
May 28, 1995 in Luxembourg ⋅ ☁️ 22 °CDe 27. Mee si mer zu Kathmandu fortgeflunn op Dehli fir vun do iwwert Frankfurt zeréck op Lëtzebuerg ze fléien an eng eemoleg schéi Rees ofzeschléissen.
De 27. Mee si mer zu Kathmandu fortgeflunn op Dehli fir vun do iwwert Frankfurt zeréck op Lëtzebuerg ze fléien an eng eemoleg schéi Rees ofzeschléissen.
De 26. Mee zu Kathmandu hu mer eis erëm schéi maache gelooss🪒 fir op de Réckwee.
Mer hunn haut missen engem besonnesche Begleeder op eiser Rees Äddi soen, den Tashi ass vun Tingri zeréck op Lhasa gefuer 😔. Fir eis sollt erëm eng Kéier strapaziéis ginn 🥵.Read more
No 17 Deeg zu Fouss um tibeeteschen Héichplateau ënnerwee, si mer den 24. Mee 1995 zu Tingri ukomm, wou ech 1986 och scho mam Vito iwwernuecht hat. Mer hunn eis Boboe gepléischtert😩🩹,Read more
Zu Lungjhang op 4510 ukomm hu mer eise Camp eng weider Kéier opgeriicht a sinn no dem laangen Dag mat wonnerschéine Vuë iwwert den Héichplateau op den 8201m héije Cho Oyu belount ginn 😎.
Um 16. Deeg hate mer eng vun eise längsten Etappen ze bewältegen. Um Wee op Lungjhang hu mer missen duerch Baachen 🏞 goen an et huet ee kräftege Géigewand 💨 geblosen esou dass mer eisRead more
Vum Everest Base Camp aus hu mer eis op de Wee op Tingri gemaach. Et stoungen nach eng Kéier 3 ustrengend Deeg mat engem weidere Pass um Programm. Wéi um ganze Wee si mer ëmmer erëmRead more
No dem beandrockende Erliefnis um Serac Highway hu mer eis erëm op de Wee zeréck an den Everest Base Camp gemaach an hu Vuë op Nordflank. Mer si bal 1000 Héichtemeter um Stéck erofgaangen.
Haut hu mer den Intermediate Base Camp ⛺️ als Basis genotzt fir eng Excursioun um berüümten Serac Highway ze maachen. Mer si bis op 6010m eropkomm an ee fantasteschen AmphitheaterRead more
Um 13. Dag hu mer den Intermediate Base Camp op 5760m erreecht a mer hu fir d'éischte Kéier Äis Serace gesinn. Dat war de héchste Camp um Chomolungma Trek.