Dingle Peninsula
22. Juni 2023 in Irland ⋅ ☁️ 19 °C
Dono ass et weider gaangen op den Clogher Strand. Zu menger Enttäuschung huet een do net dierfe schwammen goen. Awer dunn hunn mer net wäit ewech vum Wine Strand eng kleng Plage an enger Bucht fonntWeiterlesen
Charthouse last Dingle dinner
22. Juni 2023 in Irland ⋅ 🌬 18 °C
Am Charthouse, dem alen Kaartenhaus, haten mer eisen leschten Dinner zu Dingle an et war den Beschten 😋.
County Kerry to County Clare
23. Juni 2023 in Luxemburg ⋅ ☀️ 23 °C
Haut ass et vum County Kerry an den County Clare weidergaangen 🚗. Fir d'éischt sinn mer een Tour iwwert Ballyheigue Beach getrëppelt, ier mer zu Tarbert Fär ⛴geholl hunn fir eriwwer opWeiterlesen
Killimer Ireland
23. Juni 2023 in Irland ⋅ ☁️ 21 °C
Zu Killimer hunn mer am ureegen The Potter's Ahnd Café eng Paus gemaach ☕️🥪.
Loop Head
23. Juni 2023 in Irland ⋅ 🌬 19 °C
Dunn sinn mer nach op der Loop Head Peninsula bis eraus bei den Liichttuerm gefuer fir eng kleng Klippewanderung an Virbereedung op Doolin ze maachen.
Doolin
23. Juni 2023 in Irland ⋅ 🌬 20 °C
Zu Doolin sinn mer an der Pairc Lodge ënnerkomm an haten am Glas Restaurant eisen Dinner.
Cliffs of Moher 1
24. Juni 2023 in Irland ⋅ 🌬 19 °C
Mueres stoung eng Wanderung iwwert déi weltberüümten Cliffs of Moher um Programm 🤩🤩.
Cliffs of Moher 2
24. Juni 2023 in Irland ⋅ 🌬 21 °C
Mer hunn dës Wanderung mam Pat Sweeney 💪🏼 gemaach, een genialen Typ. Hien ass Bauer ☘️ an huet seng Perchen op den Cliffs of Moher. 2006 Huet hien sengen Noperbauren gefrot op si netWeiterlesen
The Burren
24. Juni 2023 in Irland ⋅ 🌬 22 °C
Nomëttes hunn mer een klengen Ausfluch an déi eegenaarteg Landschaft vum Burren gemaach.
Ivy Cottage Doolin
24. Juni 2023 in Irland ⋅ 🌬 20 °C
An Owes haten mer am Ivy Cottage zu Doolin Kriibsschéieren an een genialen Fish and Chips 🐟 🍟 mat grad esou engem gudden lokalen Béier.
The Burren 1 - Poulnabrone Portal Tomb
25. Juni 2023 in Irland ⋅ ☀️ 23 °C
Haut ass et weider duerch den Burren gaangen. Fir d'éischt sinn mer eis den Poulnabrone Dolmen ukucken gaangen, een Portalgraf 🪦 wat am véierten Joerdausend virun Christus ugeluecht gouf. EtWeiterlesen
The Burren 2 - Hazel mountain Chocolate
25. Juni 2023 in Irland ⋅ ⛅ 15 °C
Um Wee duerch den Burren sinn mer och nach zu Bellharbour Hazel Mountain Chocolate 🍫 besichen gaangen.
Kinvarra - Dunguaire Castle
25. Juni 2023 in Irland ⋅ ⛅ 16 °C
Zu Kinvarra hunn mer eis no der Kinvarra Beach den Dunguaire Castle ugekuckt.
Moran's Oyster Cottage
25. Juni 2023 in Irland ⋅ ☁️ 17 °C
Ier mer op Galway gefuer sinn, sinn mer am County Galway laanscht den Kilcolgan River op Roymore an den Moran's Oyster Cottage Austeren 🦪🦪 schlürfen gaangen. Déi bescht déi ech an IrlandWeiterlesen
Galway - Ard Bia's Airbnb
25. Juni 2023 in Irland ⋅ ☀️ 18 °C
Zu Galway sinn mer beim Aoibheann McNamara an engem Konschtwierk vun Airbnb ënnerkomm 🔝. Dat exzentrescht Aoibheann huet säin Loft fir seng Gäscht ganz no senger Perséinlechkeet gestallt.
Galway
25. Juni 2023 in Irland ⋅ 🌬 18 °C
Zu Galway hätte mer méi Deeg gebraucht fir Stad besser kennenzeléieren.
Galway - Ard Bia at Nimmos
25. Juni 2023 in Irland ⋅ 🌬 18 °C
Aoibheann McNamara bedreift och een Restaurant zu Galway, den Ard Bia at Nimmos, den seng Perséinlecht grad esou erëmgëtt wéi säin Loft an an dem et immens gutt ze iessen gëtt 🔝😋.
Assleagh Falls
26. Juni 2023 in Irland ⋅ ☁️ 15 °C
Vun Galway aus hunn mer eisen leschten Ausfluch um WAW gemaach. Mer sinn Vum County Galway duerch den County Connemara kuerz an den County Mayo bei d'Assleagh Falls 🤩, wou een Fëscher mat derWeiterlesen
Kylemore Abbey
26. Juni 2023 in Irland ⋅ ☁️ 15 °C
Dono sinn mer laanscht den Killary Fjord an Kylemore Abbey an den Connemara National Park gefuer.
Connemara National Park
26. Juni 2023 in Irland ⋅ ☁️ 16 °C
Am Connemara National Park hunn mer eng kleng Wanderung 🥾🥾 gemaach.
Clifden Ireland
26. Juni 2023 in Irland ⋅ 🌬 16 °C
Dono hunn mer nach Eyrephort Beach 🏖😎 besicht an sinn Clifden Sky Road gefuer ier et zeréck op Galway gaangen ass.
Inishmore
27. Juni 2023 in Irland ⋅ 🌧 19 °C
Den leschten Dag zu Galway hunn mer genotzt fir mat der Fär op d'Insel Inishmore ze fueren an do eng Ronnfaart mat der Ponykutsch ze maachen. Mer haten eis allerdéngs een schlechten Dag ausgesicht,Weiterlesen
Dublin 1
28. Juni 2023 in Irland ⋅ 🌧 15 °C
Nom leschten Trajet mam Auto am Lénksverkéier sinn mer géint Mëtteg zu Dublin ukomm, wou mer den Auto ofginn hunn an am Hyatt Centric the Liberties Quartéier bezunn hunn. No engem gudden KaffiWeiterlesen
Dublin 2
28. Juni 2023 in Irland ⋅ ☁️ 16 °C
Op Entdeckungstour duerch Dublin. Temple Bar, Molly Malone, George's Street Arcade.














































































































































































































































