Satellite
  • Day 8

    Tokyooooo!

    November 4, 2018 in Japan ⋅ ⛅ 15 °C

    Trunk Hotel am Quartier Shibuya zu Tokyo: THE PLACE TO BE! Mir hunn agecheckt an duerno de Quartier erfuerscht! E räiche Quartier, mat senger eegener "Champs Elysée"! Wat richteg cool war, d‘Säitestrossen, nëmme fir Foussgänger, waren och voll mat Markegeschäfter an jonken Designer a soss crazy Stuff! Ënner anerem den "Alice on Wednesday" du muss dech scho bécke fir eran! Alles, awer och ALLES passend zum Thema! Giess hunn ech eng Taco Reis Zalot, lecker! Wei mir erëm zeréck an d‘Hotel koumen, goufe mir tatsächlech op Lëtzebuergesch begréisst! Am Trunk Hotel schafft e Lëtzebuerger deen et sech net huele gelooss huet eis perséinlech ze begréissen an op Zëmmer ze begleeden an eis alles ze erklären!
    Duerno hu mir eng japanesch Fondue giess an sinn duerno an Robot Restaurant gaangen! Eng deck gestéiert Show, déi leider net esou krass op de Videoen eriwwer kënnt ewéi a Wierklechkeet! Enjoy the videos! An kuckt och emol no där Show op youtube ;)
    Read more