- Show trip
- Add to bucket listRemove from bucket list
- Share
- Day 12
- Friday, July 25, 2025
- ⛅ 23 °C
- Altitude: 401 m
LuxembourgSchoos49°44’59” N 6°9’58” E
Camping 2025 KASU

Interview Maksym
Moien.
Moien.
Wéi geet et dir?
Mir geet et gutt, an Iech?
Mir och, merci. Kanns du mir däin Numm an däin Alter soen?
Ech heesche Maxime Laigle, sinn 12 Joer al a ginn dëst Joer 13.
Super, merci. A wéi engem Atelier war’s du dës Woch?
Ech war am Camping-Atelier.
A wou waart dir iwwerall campéieren?
Mir waren zu Harel a si bis op Esch-Sauer getrëppelt.
A wat hutt dir wärend der Woch alles erlieft? Wat hutt dir haut gemaach?
Den éischten Dag si mir vu Tarchamps bis op Harel getrëppelt. Mëttes hu mir Sandwichen gemaach fir z’iessen. Duerno hu mir d’Zelter opgebaut an e Feier gemaach. Ech sinn ëm Mëtternuecht schlofe gaangen.
Owes hu mir selwer Shawarma preparéiert, an duerno si mir an de Bësch gaange fir op d’Juegd ze kucken. Ech hu fënnef Reien an e Fuuss gesinn.
Mëttwochs hu mir moies Panacher gemaach. Duerno hu mir d’Zelter ofgebaut, eis Schmiere preparéiert a si vun Harel op Bauschelt an dann op de Misärshaff getrëppelt.
Nomëttes si mir schwamme gaangen. Déi aner haten net esou vill Loscht. De Mohammed an den Eriksen hu probéiert an d’Waasser ze goen, mee et war ze vill Bulli.
Duerno hu mir eis ofgedréchent an eppes giess. Mir hu beim Camping gewaart, bis d’Camionette ukomm ass. De Yassin wollt Holz sichen goen, fir e Feier ze maachen – a sengem Liblingshemd.
Owes hu mir Pizza op der Grill gemaach. Ech hat eng Margherita. D’Camionette stoung beim Entrée Secours, well de Constance se do geparkt hat.
Den Donneschdeg moies hunn ech verschlof a keng Omelette méi kritt, mee ech hat zwou oder dräi Taasse Schocki – dat war och gutt. Ech hat kuerz Bauchweh, mee bis Mëttes war et erëm besser.
Mir hu Sandwichen preparéiert – ech hu sou vill giess, datt mäi Bauch richteg voll war.
Duerno si mir vum Misärshaff op Bilsduerf mam Bus gefuer, vun do aus zu Fouss op Asduerf, an duerno mam Bus op Lëlz an dann op Esch-Sauer, an zeréck op de Camping.
Vun do aus si mir op Lëlz gefuer an duerno erof bis bei de Stau. Do hu mir eis prett gemaach fir schwamme ze goen.
De Yassin an ech waren déi bescht Schwëmmer. Mir hu souguer eng Challenge gemaach – mat enger oder zwee Hänn iwwer Waasser bleiwen. Dat brauch vill Muskelkraaft an de Been. Ech war dee vun eis, dee mat béide Hänn am längsten iwwer Waasser konnt bleiwen. Mir waren ongeféier 50 Meter vum Bord ewech.
No der Schwammaktivitéit hu mir eis ofgedréchent, Glace a Biskuit kritt, a si mam Bus zeréck op de Camping gefuer.
Um Camping hu mir nach e bëssen um Spillplaz gespillt. Owes hu mir Spaghetti giess – ech hat meng ouni Zooss. Meng éischt Portioun hat net genuch Botter, déi zweet war besser.
Owes si mir an d’Schlass gaangen. De Constance an den Diogo hu behaapt, do wiere „Monstere“. Mir si bis bei den éischten Tuerm gaangen a hu probéiert, d’Kanner ze erschrecken. De Mohammed huet sech wierklech erschreckt – déi aner net esou.
Duerno si mir an den anere Fligel vum Schlass gaangen. De Yassin huet sech erschreckt, well hien eng Jackett am Eck gesinn huet a gemengt huet, et wier eppes Komesches.
Spéider si mir mat Taaschenluuchten an de Keller gaangen. De Constance huet eis gewarnt, datt een do eventuell kéint ausrutschen. An tatsächlech – de Yassin ass ausgerutscht a gefall, an hien huet sech wéi gedoen. De Diogo, dee net wousst, wat geschitt war, huet d’Situatioun éischter lëschteg fonnt a gelacht.
No dëser Aventure si mir schlofe gaangen.
Haut de Moien hu mir Cornflakes giess – kee Müsli. Jidderee krut zwou Portiounen.
Duerno hunn ech meng Zänn gebotzt, alles gepaakt an elo sinn ech hei.
Wéi huet der d’Campen gefall? Hues de Spaass gehat?
Jo, et huet mir wierklech gutt gefall. Mee et war och vill Trëppelen – ech hat richteg Muskelkater.
Mir si vu menger Wunneng bis op Esch-Sauer getrëppelt, dat waren ongeféier 3,5 Kilometer.
Wier et eppes, wat’s du deenen anere Kanner géifs recommandéieren?
Jo, ech géif et deenen anere Kanner op alle Fall recommandéieren – vläicht net onbedéngt dem Diogo a Constance (lacht), mee soss jo. Et ass eng flott Erfarung: manner um Handy, méi an der Natur, méi Beweegung, schwammen, wanderen... Ech recommandéieren et absolut.
Merci fir däi spannende Récit.
Gär.
Ciao.
Ciao.Read more
Traveler
Ech hoffen et goufen och Marsh Mellows 😋