• HOPA
  • HOPA

Everest Trek - Nepal & Indien

Den 26. November 1988 ass et mam Fränk, Vito an Romain op den éischten Trek an den Nepal gaangen. Mer wollten den 5545m héijen Kala Pattar (schwaarzen Hiwwel) um Fouss vum Sagarmatha (Mt. Everest) erreechen. Læs mere
  • Pheriche - Lobuche 4940m

    14. december 1988, Nepal ⋅ 🌙 -1 °C

    Den Vito hat an der leschter Nuecht een asthmateschen Ufall 🫢 an hien an den Romain hunn zu Pheriche endgülteg decidéiert opzehalen. Den Fränk an ech sinn weidergaangen fir op Lobuche ze kommen. Den Wee huet laanscht den Sharpa Kierfecht gefouert, wat dach zu enger bedréckender Stëmmung gefouert huet 😔, och wann mer net deenen Geforen ausgesat waren, wéi déi déi hei begruewen louchen. Dono sinn mer allerdéngs erëm mat onbezuelbaren Ausblécker an eng grandios Landschaft entschiedegt ginn.Læs mere

  • Lobuche - Kala Pattar 5545m - Lobuche

    15. december 1988, Nepal ⋅ ☁️ -6 °C

    No engem räichhaltegen Breakfast mat Porridge, Toast Eeër an vill Téi fir eis opzewiermen, sinn den Fränk, den Haribadu an ech fréi lassgaangen fir op den 5545m héijen Kala Pattar - schwaarzen Hiwwel - ze kommen, dem Héichpunkt vun eisem Everest Trek. Iwwert Gorak Shep op 5200m hunn mer den Kala Pattar an Ugrëff geholl. Et war immens ustrengend, zum Schluss hunn ech just nach 10 bis 15 Schrëtt gemaach, ier ech erëm eng Paus gemaach hunn fir duerch ze ootmen. An et war immens kal. Géint Mëtteg hunn mer den héchsten Punkt vun eisem Trek, den Kala Pattar op 5455m erreecht. Ech hunn e puer Fotoen gemaach an war dono just nach iwwerwältegt vum Panorama ronderëm eis 🤩. Pumori, Everest an Lhotse an den Khumbu Gletscher waren d'Arena ronderem eis. Um Wee erof war mäin Kapp esou eidel, dass ech näischt méi konnt denken. Zeréck zu Lobuche hat den Fränk ganz vill Kapp wéi an ech hunn gehofft, dass mer Nuecht nach gutt géifen iwwerstoen 😨.Læs mere

  • Namche Bazaar - Lukla 2860m

    17. december 1988, Nepal ⋅ 🌧 5 °C

    Nom Effort wollten mer esou séier wéi méiglech erëm zeréck op Kathmandu. Dofir sinn mer fir d'éischt erof op Lukla gaangen, wärend Porteuren weider onméiglech Laaschten vun Material op Namche geschleeft hunn. Vun Lukla aus wollten mer den nächsten Dag, wéi geplangt an reservéiert op Kathmandu fléien. Den Wee zeréck op Jiri wollten mer eis um Retour erspueren 😇. Zu Lukla war eisen Everest Trek färdeg.Læs mere

  • Lukla

    18. december 1988, Nepal ⋅ 🌧 5 °C

    Haut hätten mer sollten vun engem vun den geféierlechsten Fluchfelder vun der Welt zeréck op Kathmandu fléien, awer Wieder huet net matgespillt. Et huet geschneit an et sinn keng Fligeren op Lukla komm. Den Vito hat eis an eiser Himalayan Lodge een Message hannerlooss, fir wann mer Schwieregkeeten mat eisem Fluchticket hätten. Mer hunn alles probéiert, mee waren eleng vum Wieder ofhängeg. Mer hunn den ganzen Dag Patiencen geluecht. An der Lodge war nach een Grupp vun Leit aus Singapore an een vun hinnen souz do an Buddhastellung hin an hir ze wippen an den ganzen Zäit an engem Singsang ze proklaméieren "tomorrow will come a plane, tomorrow will come a plane..." 😵‍💫.Læs mere

  • Lukla - Kathmandu 1400

    19. december 1988, Nepal ⋅ 🌙 16 °C

    Mer haten grouss Chance dass Wieder direkt erëm ëmgeschloen huet. Den nächsten Dag war den Schnéi ewech geschmëlzt an Landepist war fräi. Mer sinn mam zweeten Fliger vum Dag den erageflunn koum zeréck op Kathmandu geflunn, 4100m méi déif wéi den schwaarzen Hiwwel. Et war schonn e bëssen abenteuerlech an dem klengen Fliger Landepist erof ze düsen an ze hoffen dass den Fliger et géif packen an Luucht ze kommen 😬🤞🏼.Læs mere

  • Red Fort New Delhi

    22. december 1988, Indien ⋅ 🌫 21 °C

    Den 22. Dezember sinn mer vun Kathmandu op Dehli geflunn an haten just een Nuecht Openthalt do. Mäin drëtten Openthalt an Indien an mer sinn lauter Plazen besichen gaangen déi ech schonn déi éischte Kéier gesinn hat. Mer waren den Red Fort kucken an eisen Zuchticket, fir den nächsten Dag op Agra ze fueren, kafen.Læs mere

  • Agra

    23. december 1988, Indien ⋅ 🌫 24 °C

    Mueres fréi ass et mam Taj Express vun Delhi op Agra gaangen, wou den Fränk an ech den Fort an eng vun den berüümtsten Attraktioun an Indien 🇮🇳, den Taj Mahal 🤩, besichen waren.

  • Jaipur

    25. december 1988, Indien ⋅ 🌫 18 °C

    Op Chrëschtdag hunn mer een Sträifzuch duerch Jaipur gemaach an hunn Pink City mam Jantar Mantar Observatory 💫, dem City Palace an dem Hawa Mahal Palace of the Winds besicht.

  • New Delhi

    27. december 1988, Indien ⋅ 🌙 19 °C

    Den 27. Dezember sinn mer mat engem Super Luxery VIDEO Coach 🚌 🥵zeréck op Delhi gefuer an sinn eis nach weider Sehenswierdegkeeten ukucken gaangen Jantar Mantar Observatory 💫, dem Humayun säin Graf an den Qutb Minar 🕌.Læs mere

  • Kovalam

    29. december 1988, Indien ⋅ ☁️ 27 °C

    An der Nuecht hunn mer eis op den Wee op den Fluchhafen gemaach, den Romain ass dunn heem geflunn an mer sinn zu dräi op Trivandrum geflunn, fir bis den 6. Januar zu Kovalam ze raschten, Sonn, Palmen, Mier🏝 ☀️ 😎 an gutt indescht Iessen ze genéissen an den Joreswiessel 🍻 ze feieren. Mer hunn all Dag Owes mat engem "Walk on the beach" ofgeschloss.Læs mere

  • Rees ass zu Enn

    7. januar 1989, Luxembourg ⋅ ☁️ 5 °C

    Den 6. Januar sinn mer vun Trivandrum zeréck op New Delhi geflunn an vun do aus an der Nuecht op Frankfurt an den 7. Januar erëm heem op Lëtzebuerg. Domat haten mer dës kleng Aventure am Himalya an an Indien gutt zu Enn bruecht 🇳🇵🥾🏔🇮🇳🏝.Læs mere

    Slut på rejsen
    7. januar 1989