• HOPA
  • HOPA

SCOTLAND 2

Vun der Isle of Skye, iwwert Drimnin, weider op Iona an d'Isle of Mull, dunn op  Aviemore an den Cairngorms National Park an zum Schluss op Edinburgh 👑 ier et erëm iwwert Amsterdam 🛫 zeréck op 🛬 Lëtzebuerg gaangen ass. Leggi altro
  • Inizio del viaggio
    24 giugno 2024

    Point Piper - Drimnin Estate

    24 giugno 2024, Scozia ⋅ ☁️ 17 °C

    Vun Point Piper si mer op Armadale gefuer vun wou et mat der Fähr 🚢 erëm op "Festland" op Mallaig gaangen ass vun wou aus mer op Drimnin gefuer sinn 🚙. 
    Haut ware mer de ganzen Dag ënnerwee duerch een wëllt Schottland an dat zum gréissten Deel um Agata senge Liblingsstroossen den Single Track Roads.
    Leggi altro

  • Drimnin Estate

    24 giugno 2024, Scozia ⋅ ☀️ 20 °C

    Um Drimnin Estate (iwwert 3000 ha) si mer am Achnacriche B&B vum Mozambikaner Elfik an senger tschechescher Frëndin Zuzana empfaangen an bekäschtegt ginn

  • Wëll Impressiounen

    24 giugno 2024, Scozia ⋅ ⛅ 19 °C

    Nom Dinner hu mer een Trëppeltour 🥾 ëm den Beréng vun eisem B&B gemaach a wéi mer bal zeréck waren, huet d'Agata zwee Hirschen 🦌🤩 entdeckt, déi virun eis am héijen Gestrëpp gegraast hunn. Méi spéit war nach een Hirsch virun Haus graasen komm. Dat war déi éischte Kéier dass mer wëll Hirsche gesinn hunn 😎.Leggi altro

  • Nc'Nean Distillery

    25 giugno 2024, Scozia ⋅ ☁️ 12 °C

    Duerch een Reportage op ARTE (QR-Foto) hu mer Nc'Nean Distillery kennegeléiert. Et ass déi éischt an eenzeg BIO Whisky Distillery 🥃an Schottland an déi eenzeg déi eng Fra 🙋🏻‍♀️, d'Annabel Thomas, als CEO 👩🏻‍💼huet. Si wollt ee méi grousse Publikum fir den Whisky erschléissen, wat hir op beandrockend Aart a Weis gelongen ass. Distillery ass komplett CO2-neutral a verbraucht vill manner Waasser wéi déi traditionell Distilleryën. An den Whisky kennt no 3 Joer an engem Dag an Fläschen, esou dass en, wéi si soen, méi "weiblech" ass an dofir eben Fraen uschwätzt awer och jonk Leit. De ganzen Drimnin Estate gehéiert dem Annabel sengen Elteren an hatt huet een immenst kompetent Team zesummegestallt, fir dat Ganzt ze bedreiwen.Leggi altro

  • Iona

    26 giugno 2024, Scozia ⋅ ☁️ 15 °C

    Zwou Fähren stoungen haut um Programm. Vun Drimnin ass et iwwert Single Track Road op Lochaline gaangen an an 10 Minutten 🚢 eriwwer op d'Isle of Mull. Vun Fishnish si mer weidergefuer op Fionnphort wou et mat der Fähr 🚢 eriwwer op Iona gaangen ass. Eng kleng Insel déi bei guddem Wieder ausgesäit wéi wann se an der Karibik géif leien 🏝. Et fueren keng Autoen op Iona. D'Insel ass knapp 6 km laang an 2,5 km breet an et liewen 170 Leit do. Mer haten een Trëppeltour mam David engem lokale Guide gemaach, den eis alles iwwert Iona erzielt huet.Leggi altro

  • Tobermory

    26 giugno 2024, Scozia ⋅ ☁️ 17 °C

    Owes zu Tobermory an der Haaptstad vun der Isle of Mull hu mer eis et am Cafe Fish 🐠 ganz gutt schmaache gelooss😋.

  • Linndhu House

    26 giugno 2024, Scozia ⋅ ☁️ 17 °C

    Vun Iona ass et zeréck op d'Isle of Mull an iwwert ganz aventuriéis Single Track Roads bis kuerz virun Tobermory an dat herrschaftlecht Linndhu House gaangen, wou d'Allison an den Nick hir Gäscht verwinnen.Leggi altro

  • Isle of Mull

    27 giugno 2024, Scozia ⋅ 🌬 13 °C

    Wéinst dem schlechte Wieder 💨 🌧 waren haut just e puer kleng Excursiounen méiglech an Nomëttes war emol erëm eng Kéier Zäit fir ze raschten 😴.

  • Ar Bòrd - Our Table

    27 giugno 2024, Scozia ⋅ 🌧 13 °C

    Owes si mer op Dervaig bei eng Koppel heem iesse gaangen. Déi bedreiwen an hirer Stuff esou ze soen een Restaurant den heescht Ar Bòrd - eisen Dësch. Well si keng Lizenz hunn, dierfen si keen Alkohol verkafen, mee och dat ass kee Problem, well ech hat virdru beim Dougie am Postshop zu Dervaig eng Fläsch argentinesche Chardonnay bestallt, déi hien  ofgeliwwert hat an déi schonn kal stoung. An mer hunn exzellent giess.Leggi altro

  • Isle Of Mull Tour 1

    28 giugno 2024, Scozia ⋅ 🌬 11 °C

    Haut hu mer bei besserem Wieder ⛅️ nach eng Kéier een Tour iwwert d'Isle of Mull gemaach. Fir d'éischt ware mer Langamull Beach 🌊 besichen an hunn um Wanderwee dohin dem Agata seng Frënn begéint 🐴.

  • Isle of Mull - Aviemore

    29 giugno 2024, Scozia ⋅ 🌬 12 °C

    Haut war erëm een längeren Transfert. Fir läscht Kéier hu mer Fähr 🚢 geholl fir vun Craignure op der Isle of Mull zeréck op *Festland" op Oban ze fueren. Vun do aus ass si mer duerch Highlands ⛰🚙 an iwwert Fort William op Aviemore an den Cairngorms National Park gefuer. Am Ravenscraig House ass et all Mueren nieft dem Buffet nach een 🔝 à la carte Breakfast 🥓🍳🥞ginn.Leggi altro

  • Rothiemurchus Wildlife Conservation Area

    30 giugno 2024, Scozia ⋅ ☁️ 11 °C

    Haut hu mer den ganzen Dag an der Rothiemurchus Wildlife Conservation Area 🏞 verbruecht, déi ee klengen Deel vun der Rothiemurchus Estate ass, déi 100 km2 grouss ass an ee klengen Deel vum Cairngorms National Park ass den iwwer 5800 km2 grouss ass. Eisen Tour ass ënnert anerem laanscht den Loch An Mor gaangen.Leggi altro

  • Loch Garten & Daily Sheeps

    1 luglio 2024, Scozia ⋅ ☁️ 13 °C

    Haut erëm eng Kéier schlecht Wieder🌧. Mer hunn just een Tour ëm den Loch Garten gemaach an eis deeglech Schof fotographéiert. Rear end sheeps, three sheeps staring & daily sheep 🐑🐑🐑🐑.

  • South Queensferry

    2 luglio 2024, Scozia ⋅ ☁️ 15 °C

    Déi leschten Etapp mam Auto 🚙 stoung haut um Programm. Vun Aviemore si mer op Edinburgh gefuer. Nodeem mer iwwert déi nei Queensferry Crossing Bridge 🌉, iwwert den Firth of Forth, gefuer sinn, hunn nach een Zwëschestop zu South Queensferry gemaach fir déi dräi monumental Brécken iwwert den Firth of Forth ze bewonneren 🤩.Leggi altro

  • Edinburgh New Town

    2 luglio 2024, Scozia ⋅ ☁️ 16 °C

    Zu Edinburgh 🏰 wunne mer an  engem flotten Appartement am New Town. Un déi vill Leit si mer guer net méi gewinnt no eisen méi wéi zwou Wochen an den Highlands. Owes ass et Mezekichen ginn 😋.

  • Edinburgh

    3 luglio 2024, Scozia ⋅ ☁️ 12 °C

    Nom Breakfast am Edingurgh Larder hätte mer sollten een Guided Walk duerch d'Old Town mat maachen, mee et koum aneschtes.

  • Edinburgh

    3 luglio 2024, Scozia ⋅ ☁️ 13 °C

    Mer si net bei den Treffpunkt mam Guide komm, well Stroosse gespaart waren 🚧  an iwwerall stoungen Security Leit an Polizisten 👮🏻‍♂️👮🏼‍♀️. D'Agata huet dunn een Polizist gefrot "What's going on here" an den Polizist sot "The King is coming up here!"🤴🏻, d'Agata "The Queen himself?" 👸🏼, den Polizist ganz verdutzt "Yes, Madam!" 🤣. An et war nawell eng lass well Antiroyalisten an Royalisten sech géigeniwwer stoungen an sech eng verbal Schluecht ginn hunn ⚔️. Mer hunn dunn den Prënz Edward & Sophie, den WIlliam an den Charles & Camilla gesinn laanscht fueren 💂.Leggi altro

  • Edinburgh Modern One

    3 luglio 2024, Scozia ⋅ ☁️ 14 °C

    No King a Queen ass Konscht un Rei komm. Mer sinn Scottish National Gallery of Modern Art besiche gaangen, déi aus zwee imposanten klassesche Gebaier besteet, der Modern 1 an der Modern 2. Modern 1 huet eng breetgefächert interessant Sammlung 🎨.Leggi altro

  • Edinburgh Modern Two

    3 luglio 2024, Scozia ⋅ ☁️ 15 °C

    An der Modern 2 hu mer eis d'Ausstellung Women in Revolt! ugekuckt an därer Geschicht vun der Fraebeweegung🚺🥋💪🏼 op impressionant Aart a Weis erzielt gëtt.