Training
2002年4月15日, ルクセンブルク ⋅ 7 °CEen ganzt Joer hunn ech mech op den Denali virbereet.
Een ganzt Joer hunn ech mech op den Denali virbereet.
D'Equipement ass am Viraus vun DHL op Anchorage geflunn ginn. Ech hunn missen fir Temperaturen bis zu -40 °C geriicht sinn an mäin Diabetestraitement dorop astellen.
Vun Lëtzebuerg ass et fir d'éischt op Amsterdam gangen.
An vun Amsterdam ass et weidergangen op Minneapolis.
Vun Minneapolis ass et weidergangen iwwert Canada op Anchorage, wou ech um 22:30 no 25 Stonnen Rees ukomm sinn
Den 11. Mee ass et dunn richteg lass gaangen. Mueres ass gepaakt ginn an dunn sinn mer op Talkeetna - 106m héich geleeën - gefuer, wou mer an der Walter Harper Talkeetna Ranger Station eisもっと詳しく
Zu Talkeetna beim Doug Geeding, wou och schonn aner Lëtzbuerger schéngen passéiert ze sinn, hunn mer den Fliiger belueden, fir an den Denali Base Camp ze fléihen. Am ganzen huet et 3 Flich gebraucht.
Aus der Tundra eraus ass et eran an d'Alaska Range gaangen mat spektakulären Vuen.
Iwwert den spektakulären Kahiltna Glacier ass den Denali Base Camp op 2295m ugeflunn ginn. Fir d'Expeditioun unzefänken, war dat schonn alles méi wéi impressionant.