Kolding
10. juni 2021, Danmark ⋅ ⛅ 17 °CMer hunn eisen Auto, si negativ getest a prett vir eis 3 Deeg kuerz rondrees duerch Dänemark!!!
Mer hunn eisen Auto, si negativ getest a prett vir eis 3 Deeg kuerz rondrees duerch Dänemark!!!
Cute kléng Staat mat Natur an engem schéine Séi direkt derbäi. Mer wollten och e Schlass besichtegen, dat steet awer net méi do 🤔
Lécker sandwichs bei Regatta!
Vu dass mer den Dag virdrun spéit am Nomëtteg eréischt zu Aalborg ukomm sinn, si mer moies nach eng Kéier duech d'Staat getrëppelt. Nach ëmmer super begeeschtert. Mer wëllen definitiv nach engLes mer
Vu Grenen si mer weider op Råbjerg Mille, déi Dänesch Wüst! Ech si nach ëmmer geflashed wéi schéin déi Platz woa. Einfach onbeschreiflech einfach do an der Pampa esou eng Sandwüst ze fannen.
Du si mer weider laanscht d'Küst op Bulbjerg. Super schéinen Ausbléck an Klippebildung. Et gëtt e klenge Wee wou dech erof bis op d'Plage bréngt.
Vu dass et scho spéid ginn ass si mer du nach ganz schnell op Hanstholm, wou mer an engem Guesthouse 'la ola' geschlof hunn.
Super schéi Plage mat lauter surfer déi hiert Kënnen ënnert Beweis gestallt hunn! Mer si net laang bliwwen, d'Stadt selwer ass elo net sou flott. Mee d'Plage dofir ëmsou méi!
Vun Halstholm un woa d'Landschaft déi eis ëmginn huet aanescht. Mer hunn eis gefillt wéi a Südamerika. Et huet sech eraus gestallt dass mer déi ganzen Zäite schon duech de Nationalpark ThyLes mer