Depart den 29. Abrëll 1995
29. april 1995, Tyskland ⋅ 🌙 17 °CNo Woche vu physescher Virbereedung hunn de John, Jürgen, Lex an ech eis op de Wee gemaach vum Findel iwwert Frankfurt an Dehli op Kathmandu ze fléien.
No Woche vu physescher Virbereedung hunn de John, Jürgen, Lex an ech eis op de Wee gemaach vum Findel iwwert Frankfurt an Dehli op Kathmandu ze fléien.
Den anere Muere sinn mer an der Nepalesescher Haaptstad zu Kathmandu 🇳🇵 ukomm, wou mer eis mat der Agence Sherpa Society getraff hunn, mat deenen mer eisen Trek am Tibet organiséiert hunn.
Un der Offallwirtschaft zu Kathmandu huet sech an de vergaangene siwe Joer näischt geännert 🤢
Den zweeten Dag zu Kathmandu si mer Mueres de buddhistesche Bodnath Stupa 🕉 👁👁 besiche gaangen, ëm deen eng grouss tibeetesch Exilcommunautéit lieft.
An Nomëttes si bei dat zweet wichtegt reliéist Bauwierk, de Swayambhunath Stupa 🕉, eropgeklommen, fir de Pilgeren nozekucken an Atmosphär op eis wierken ze loossen.
Den 2. Mee ass et du mat China Southwest Airlines 🛫 vu Kathmandu iwwert den Himalaya op de Gonggar Fluchhafen 🛬 am Tibet བོད་ལྗོངས། gaangen. Um Fluch hu mer eeLæs mere
No enger éischter ustrengender Nuecht an der Héicht, hu mer Bekanntschaft mam Tashi Tsering gemaach. Hien war eise lokale Guide fir eise kompletten Tour duerch den Tibet. Hien war engLæs mere
Mer hunn dovu profitéiert fir de Jokhang Tempel ze besichen an déi besonnesch Atmosphär opzesuckelen.🕉